De
Filip Markiewicz
, gebuer den
3. Maerz
1980
zu
Esch-Uelzecht
, ass e
letzebuergesche
Kenschtler.
Dem Filip Markievicz seng Famill kennt aus Polen, hien ass zu Letzebuerg opgewuess. Vun 2001 un huet hien op der
Universiteit Marc Bloch
zu
Stroossbuerg
Konscht studeiert a mat enger
Maitrise
ofgeschloss. An dar Zait huet hie sech haaptsachlech mat Musek beschaftegt, sou wei mat Performancen a
Videopclippen
. Hien huet d'
Poprock
-Band
Raftside
gegrennt.
2007
huet hie fir d'
Association internationale des critiques d'art
(AICA) d'Installatioun
Zollzeit
geschaf. Kuerz drop huet hien d'Installatioun
Empire of dirt
an der Galerie beaumontpublic opgeriicht, an 2008 am Kader vun am
Mudam
d'Installatioun
Disco Guantanamo
.
Enn 2008 hat de Filip Markievicz mam Bruce Geduldig (
Tuxedomoon
)
Pale Exploding Imitation
an der
Philharmonie Letzebuerg
. 2010 huet hien op en Neits an der Galerie beaumontpublic ausgestallt, des Keier eng Performance enner dem Titel
Alterviolence
.
Am August 2010 huet hien eng Woch laang
Dreaming Golden Lady
am Letzebuerger Pavillon op der
Weltausstellung
zu
Shanghai
ausgestallt.
Fir d'
Fiac
huet hien 2010 d'Zeechnung
Banque de tolerance
geschaf, an 2011 fir de Mudam d'Zeechnung
Mao Dollar
.
2012 huet hien an der
Abtei Neimenster
d'Installatioun
Silentio Delicti
ausgestallt.
2013 koum sai Buch mat Zeechnungen zu der Affaire
Bommeleeer
mam Titel
Stay Behind
eraus.
2015 huet de Filip Markiewicz Letzebuerg op der 56.
Biennale vu Venedeg
representeiert, wou en enner dem Titel
Paradiso lussemburgo
an der Ca’ del Duca, dem Letzebuerger Pavillon, e. a. Zeechnungen, Skulpturen, Installatiounen a Videoen ausstellt, dei sech ironesch oder kritesch mat verschiddene Clicheen iwwer Letzebuerg auserneesetzen.
[1]
Am 2. Semester 2015, am Kader vun der
Letzebuergescher Presidentschaft vum EU-Conseil
, war sai Bild mam Titel
Hello Dictator
Deel vun enger Ausstellung mam Numm
Cabinet de curiosite(s)
am
Conseilsgebai
zu
Breissel
. Et weist de
Kommissiounspresident
Jean-Claude Juncker
a verschiddene Pose mat Invitee vun engem Sommet zu
Riga
.
[2]
2020 krut hien, zesumme mat der
Lisa Kohl
, de
Prix Pierre-Werner
.
- Filip Markiewicz
. Hatje Cantz, 2020, 224 p.
- ↑
"Son portrait decale du Luxembourg part a Venise."
lessentiel.lu, 8 mai 2015 09:00; Act: 08.05.2015 15:29.
- ↑
"'Hello Dictator': Juncker croque en quelques coups de crayon."
wort.lu, 14 juillet 2015 a 16:14.