Den
21. Eurovision Song Contest
war den
3. Abrell
1976
an
Holland
. Organiseiert gouf d'Eurovisioun dat Joer am
Nederlands Congresgebouw
zu
Den Haag
. Presantatrice war d'Corry Brokken, dei 1956, 1957 an 1958 selwer als Sangerin am Grand Prix matgemaach hat.
Malta
,
Schweden
an d'
Tierkei
waren dest Joer net dobai. Am Ganzen hunn 18 Lanner matgemaach.
Verschidde Sanger ware scho virdru mol eng Keier dobai, de Fredi fir Finnland
1967
, d'Sandra Reemer fir Holland
1972
, d'Anne-Karine Strøm fir Norwegen
1973
an als Deel vun de Bendik Singers fir Norwegen
1974
an d'Grupp Peter, Sue and Marc fir d'Schwaiz
1971
.
D'Reegel fir d'Ofstemmung ass d'selwecht bliwwe wei dat Joer virdrun: An all Land huet eng Jury 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un dei zeng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Den Haag matgedeelt ginn.
Dei eischt Plaz kruten d'Vertrieder vu
Groussbritannien
, d'Grupp
Brotherhood of Man
, mat 17 Punkte Virsprong virum
Catherine Ferry
(
Frankraich
). Dei drett Plaz krut d'
Mary Cristy
, dei fir
Monaco
ugetruede war.
Fir Groussbritannie war et dei drett Keier datt et de Grand Prix gewonnen hat. D'Gewennerlidd
Save Your Kisses for Me
ass sechsmilliounemol verkaaft ginn an ass domat dee bis elo erfollegsraichsten Eurovisiounshit.