D'Stad
Ettelbreck
ass eng Uertschaft am Zentrum vu
Letzebuerg
an Haaptuert vun der
Gemeng mat deem selwechten Numm
. Et ass eng vun den 12
Stied aus dem Land
.
Ettelbreck lait op enger Heicht vun 199 Meter (
NG-L
). Duerch d'Uertschaft Ettelbreck fleissen d'
Uelzecht
an d'
Waark
. Den deifste Punkt ass tescht
Deifert
an
Al
op 191.5 m do wou d'Uelzecht an d'
Sauer
leeft.
Dei hechst Plaz ass um westlechsten Eck vun Ettelbreck am
Wald
nieft dem
CR345
op der Grenz mat der Gemeng
Feelen
tescht dem
Kraizwee
an der
Useldengerfrein
op enger Heicht vun 386 m.
Zu den Originne vum Numm "Ettelbreck" gett et verschidden Theorien: Enger vun hinnen no wier den Numm op "
Atilbriga
", zereckzefeieren, dat op
indogermanesch
"fruchtbare Buedem" bedeite geif. Eng aner seet, e geif op den
Hunnekinnek
Attila
(och als "Etzel" bekannt) zereck. D'Hunne solle bei der haiteger Gemeng Schieren eng Breck iwwer d'
Uelzecht
gebaut hunn an der speiderer Stad sou den Numm ginn hunn. (Etzelbreck -> Ettelbreck).
Duerch eng
Poopstbull
vun
1148
an
1161
ass Ettelbreck enner d'Herrschaft vun der
Abtei Iechternach
komm.
Ettelbreck huet a senger Geschicht schweier Zaite matgemaach. Et ass puermol verbrannt, well d'Streidiech hunn deemools d'Feierkatastrophe begenschtegt. Dei schroost Feierkatastroph war
1778
, wei glaich 480 Haiser ganz verbrannt sinn. Eng Strooss vun Ettelbreck, den
Aeschenhiwwel
, erennert haut nach un des Katastroph. Well d'Bierger schlecht dru waren, hu si der deemoleger Landesfurstin
Maria-Theresia
geschriwwen a si em Hellef gebieden. Si huet hinnen dunn d'Erlabnes ginn, fir all Mount e grousse Maart ofzehalen.
Ettelbreck als Portal vum Norden huet vill vum Bauerewiesen am
Eislek
profiteiert. D'Vei- an d'
Bottermaert
, d'
Akerbauschoul
, de
Landwirtschaftleche Verband
, d'Ettelbrecker Molkerei an d'
Ettelbrecker Gare
, wou d'Baueren hir geschlasse
Lou
verfracht hunn, ware lauter positiv Elementer an deser Entwecklung.
Ettelbreck hat eng greisser
jiddesch Gemeinschaft
. Dei eischt jiddesch Famillen hu sech Ufanks vum
19. Joerhonnert
hei niddergelooss.
[2]
Am Laf vun der Zait ass Ettelbreck eng Industriestad ginn, wei geint Mett vum
19. Joerhonnert
d'
Bridder Godchaux
zu Ettelbreck eng Wollwascherei an eng Spannfabreck opgemaach hunn. Och d'Miwwel- an d'
Tubaksbranche
hu sech zu Ettelbreck niddergelooss.
Z'ernimmen ass och nach een historescht Ereegnes: Um
Kiosk
op der Schoulplaz gouf de
5. Juni
1864
dei Letzebuerger
Nationalhymn
,
Ons Heemecht
, fir d'eischt effentlech opgefouert.
Duerch d'Gesetz vum
4. August
1907
huet Ettelbreck den Titel "Stad" kritt (zesumme mat
Diddeleng
a
Remeleng
).
Hir schweierst Zait hat d'Stad wei all aner Gemenge vum
Eislek
am
Zweete Weltkrich
wei de Sauerdall d'Sudflank vun der
Ardennenoffensiv
gebilt huet.
Nom Zweete Weltkrich ass zu Ettelbreck de Brauch agefeiert ginn, den
allieierte
Befreier ze gedenken. Ettelbreck gouf zur "Patton"-Stad an huet dem Generol
George S. Patton
e
Square Patton
ageriicht.
- 1532
an
1543
: Ettelbreck ass duerch e Feier zersteiert ginn; op dei Zait geet warscheinlech de Begreff
Aschenhiwwel
, d'Bezeechnung fir een Deel vun der Uertschaft, zereck
- 1742
: Dei eischt stenge Breck iwwer d'Uelzecht gett gebaut
- 1778
; Neit grousst Feier zu Ettelbreck; 480 Haiser ginn zersteiert, d'Kierch an den Deel rondrem bleiwe verschount
- 1780
: D'
Maria Theresia
acordeiert der Uertschaft 11 zouatzlech Maert, datt si d'Kaschte vum Opbau bestreide kann
- 1795
: Ettelbreck gett, wei dei aner Uertschafte vu
franseischen
Truppe besat
- 1841
: De Grondstee vun der
Ettelbrecker Parkierch
vun haut gett geluecht
- 1862
: D'
Eisebunnsstreck Letzebuerg-Ettelbreck
gett ageweit, an am selwechte Joer geet och d'
Deelstreck Ettelbreck-Dikrech
fir de Verkeier op
- 1864
: Op engem Gesangfest gett d'Nationalhymn
Ons Heemecht
zu Ettelbreck fir d'eischt opgefeiert
- 1865
: D'
Godchaux
-Duchfabrik entsteet
- 1883
: D'Chamber beschleisst de Bau vun enger Akerbauschoul zu Ettelbreck
- 1883
: Eischt Akerbauaustellung zu Ettelbreck
- 1907
: Ettelbreck kritt den Titel Stad, en neit
Stadhaus
gett ageweit.
- 1914
: 1. Weltkrich: D'Gare an d'Post gi vun daitschen Truppe besat
- 1919
: Den amerikanesche Generol
Pershing
helt an de Wisen tescht Ettelbreck an
Ierpeldeng
eng Truppeparade vun 21.000 Zaldoten of
- 1932
: Dei nei Akerbauschoul gett a Presenz vum
Prenz Felix
ageweit
- 1938
: De 7. Mee 1938 huet den Ettelbrecker Gemengerot eng Ufro bei der
CFL
gemaach fir ennert der Plaz virun der Gare e Loftschutzbunker (
ile de refuge avec candelabre dans l'avant-cour de la gare
) ze bauen. Den 29. August 1939 ginn d'Plang guttgeheescht. Am Entreesberaich vum Bunker steet d'Joreszuel
1942
[3]
[4]
- 1940
: Daitsch Truppe besetzen d'Land
- 1941
: Dei daitsch Eierepaart gett vun Ettelbrecker Patrioten ugestach an och Hakekraizfandelen um Foussballsterrain erofgerappt. Dofir mussen 21 Ettelbrecker Geiselen an de Prisong
- 1944
: Den 10. September gett d'Uelzecht-Breck vun den Amerikaner gesprengt.
[5]
Den 11. September gett Ettelbreck vun amerikaneschen Truppe befreit.
- 1944
:
Ardennenoffensiv
, bei dar e groussen Deel vun Ettelbreck zersteiert gett.
- 1949
: Aweiung vun der neier Uelzecht-Breck
- 1954
: Aweiung vum
Patton-Monument
- 1976
: Den
Edouard Juncker
gett Buergermeeschter a behalt dei Funktioun bis 1998
- 1978
: Aweiung vum klenge Contournement iwwer de Kanal
- 1997
: Aweiung vun der Foussgangerzon am Zentrum vun der Uertschaft
- 2013
: Verleeen vun der
Stolperschwelle
an der Foussgangerzon
0
0
|
De Contenu vun desem Kapitel oder desem Artikel ass net vollstanneg oder net mei aktuell. Helleft wgl. mat, en ze kompletteieren oder nees op de leschte Stand ze brengen.
|
Zu Ettelbreck si ronn 285 Geschafter an 88 Branchen, souwei 10.000 Quadratmeter Foussgangerzon.
Ettelbreck huet em dei 1500 effentlech Parkplazen, dei quasi all eppes kaschten.
[6]
2021 ass d'Parkhaus
am Daich
mat ronn 450 Parkplazen opgaangen.
[7]
- Jhemp Bastin
, Sculpteur
- Adolphe Buffet
, Direkter vum Centre hospitalier neuropsychiatrique
- Francois Diederich
, Cheemiker an Universiteitsprofesser
- Charles Goerens
, Politiker
- Joseph Grosbusch
, Moler
- Carlo Hemmer
, Ekonomist
- Nicolas Huberty
, Resistenzler
- Pierre Joris
, Schreftsteller an Iwwersetzer
- Edouard Juncker
, Buergermeeschter vun Ettelbreck
- Bady Minck
, Regisseurin
- Ernest Muhlen
, Politiker
- Aloyse Schiltz
, Resistenzler a letzebuergeschen Offizeier
- Johann Schweisthal
, Geeschtlechen
- Michel Sinner
, Moler
- Michel Weyler
, Moler
- Lucien Weiler
, Politiker
- Flies, Joseph:
Ettelbruck, die Geschichte einer Landschaft
, 2274 Saiten, 1970, Imprimerie Saint-Paul
- 100 Joer Ettelbreck
, Bailag vum
Wort
vum 6. Juni 2007, 36 S.
- ↑
D'Donneeen dei d'Flach vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wei s'an desem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
- ↑
Will Dondelinger, Arthur Muller, Romain Dockendorf, Theo Krier
,
Zeugnisse judischen Lebens, Judische Bevolkerung in Ettelbruck, Zum Gedenken an eine einst bluhende Religionsgemeinschaft, uberarbeitet und erweitert von Romain Dockendorf und Theo Krier, A.s.b.l Al Synogag Ettelbreck,
19. A.s.b.l Al Synogag Ettelbreck (2020)
Archiveiert
op 28 November 2021. Gekuckt de(n) 28 November 2021.
- ↑
Arlette SCHMIT-THIERING,
Virtuelle Besichtigung, Ettelbrucks geheimer Luftschutzbunker
, wort.lu, 24. September 2021;
Gegen das Vergessen, Virtueller Rundgang durch den Luftschutzbunker in Ettelbruck, ein kriegshistorischer Schauplatz
, Luxemburger Wort, 24. September 2021, S. 24-25
- ↑
Virtuell Visitt vum Ettelbrecker Loftschutzbunker
- ↑
De Reider 80
62-63. Gemeng Ettelbreck (Januar 2021)
Archiveiert
op 17 November 2021. Gekuckt de(n) 29 November 2021.
- ↑
Parkings en ville
. Gemeng Ettelbreck
Archiveiert
op 28 November 2021. Gekuckt de(n) 28 November 2021.
- ↑
Neues Parkhaus im Ettelbrucker Deich eroffnet am 1. April
. wort.lu (30 Marz 2021). Gekuckt de(n) 28 November 2021.