E
cheemescht Element
besteet aus
Atomer
mat der selwechter Zuel vu
Protonen
am
Atomkar
. Des Zuel ass dei sougenannt
Atomzuel
(fr.: nombre atomique; de: Ordnungszahl), a gett mat Z noteiert.
D'Atomkare vun engem bestemmten Element kennen eng verschidden Zuel vu
Neutronen
hunn. Des 'Variante' vun engem bestemmten Element ginn als
Isotope
bezeechent.
Bekannt Elementer sinn de
Waasserstoff
(Z=1), de
Kuelestoff
(6), de
Steckstoff
(7), de
Sauerstoff
(8), an och d'
Eisen
(26), de
Koffer
(28), d'
Selwer
(47), d'
Gold
(79), asw.
D'Elementer gi mat Symboler bezeechent, mat deene s'am
Periodesystem
gefouert ginn.
An der fraier Natur gett et 94 Elementer. Weider Elementer, mat enger mei heijer Atomzuel goufe vum Mensch mat Hellef vun nukleare Reaktiounen (duerch Fusioun vu mei liichten Atomer) produzeiert. Bis elo (Stand 2012) goufen 118 Elementer festgestallt.
Dei griichesch Philosophen
Empedokles
Thales
,
Anaximander
,
Anaximenses
an den
Heraklit
hunn am 6. Joerhonnert v. Chr. de Begreff "Element" defineiert als ee vun de veier Grondstoffer (Aerd, Waasser, Loft a Feier), aus deenen d'Welt besteet. Fir d'
Alchimiste
waren et mei wei just 4 Elementer, si hunn och nach
Schwiefel
,
Queckselwer
, a
Salz
als Elementer ugesinn.
Ereischt de
Joachim Jungius
(1642) an de
Robert Boyle
(1661) hunn eng naturwessenschaftlech Definitioun opgestallt dei op Experimenter baseiert huet.
Nom
Lavoisier
"sinn d'cheemesch Elementer Grondstoffer, dei mat cheemesche Methoden net weider zerluecht kenne ginn". De selwechte Wessenschaftler huet 1789 eng eischt Tabell mat 21 Elementer opgestallt. De
Jons Jakob Berzelius
huet 1811 d'Symboler agefouert mat deenen och nach haut d'Elementer bezeechent ginn. Den
Dmitri Iwanowitsch Mendelejew
huet 1869 sai
Periodesystem vun den Elementer
mat 63 Elementer presenteiert.
Elementer kennen no hiren Eegenschaften a verschidde Gruppen ennerdeelt ginn:
- Metaller
(84 Elementer);
- Netmetaller (20 Elementer);
- Hallef-Metaller (7 Elementer);
- Eedelgasen
(6 Elementer).
Dei kenschtlech Elementer hu keng laang Liewenszait an et ass dohier net secher (duerch Experimenter bewisen) zu wat fir enger Grupp se geheieren.