D'
Departement Seine
ass e freiert
franseischt
Departement
, dat aus
Parais
an enger Ceinture vu Gemenge ronderem bestoung. Seng
Prefecture
war zu Parais, an et hat
75
als offiziell Nummer. Et gouf 1968 opgeleist.
D'Departement Seine gouf de 4. Maerz 1790 als
Departement de Paris
grennt. 1795 gouf et an
Departement de la Seine
emgenannt, no der
Seine
dei doduerch leeft. Vun 1929, bis et opgeleist gouf, bestoung et aus der Stad Parais an 80 selbstannege Gemenge ronderem. Et hat eng Flach vun enger 480 Quadratkilometer a war an 3 Arrondissementer agedeelt: Parais,
Sceaux
a
Saint-Denis
.
Well d'Departement vun der Awunnerzuel hier ze grouss gi war, gouf decideiert, et opzedeelen. Aus den zwee Departementer Seine a
Seine-et-Oise
, dat ronderem louch, goufen op den 1. Januar 1968 7 nei Departementer geschaf, wourenner der veier aus dem Departement Seine:
Parais
(75),
Hauts-de-Seine
(92),
Seine-Saint-Denis
(93) a
Val-de-Marne
(94). Dei drai leschtgenannten hunn och Gemengen aus dem freiere Seine-et-Oise mat baikritt.