한국   대만   중국   일본 
Colin Powell ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Colin Powell

Vu Wikipedia
Colin Powell
Gebuertsnumm Colin Luther Powell
Gebuer 5. Abrell 1937
New York
Gestuerwen 18. Oktober 2021
National Naval Medical Center
Doudesursaach COVID-19
Nationaliteit USA
Educatioun City College of New York,
George Washington University,
Command and General Staff College
Aktiviteit Politiker , Diplomat, Armeisoffizeier
Partei Republican Party
Member vun American Academy of Arts and Sciences , American Philosophical Society

De Colin Luther Powell , gebuer de 5. Abrell 1937 zu New York City , a gestuerwen den 18. Oktober 2021 zu Bethesda , am Maryland , war en US-amerikaneschen Offizeier a Politiker .

Hie war e Veier-Stare-Generol an der US Army a vun 1987 bis 1989 Nationale Conseiller fir Secherheet, an dono vun 1989 bis 1993 President vu den Joint Chiefs of Staff .

No senger Pensioneierung goung hien an d'Politik a war vun 2001?2005 enner dem President George W. Bush Ausseminister vun de Vereenegte Staaten. Hie war vun 1995 bis Januar 2021 Member vun der Republikanescher Partei .

A seng Zait als Ausseminister ass den 2. Irakkrich gefall, deen hie just mat Krampes ennerstetzt huet. Seng Ried vum 5. Februar 2003 virum Secherheetsrot vun de Vereenten Natiounen , an dar hie behaapt huet, d'USA hatte Beweiser, dass de Saddam Hussein Massevernichtungswaffen hatt, an dofir opgeruff huet, hie misst gestierzt ginn, huet de Powell 2005 e Schandfleck a senger Carriere genannt.

De Fait, datt d'Republikanesch Partei sech net vum Donald Trump distanzeiert huet, nodeems dee sech dru gehalen huet, hien hatt d'Presidentschaftswalen 2019 gewonnen an zum Stuerm op de Kapitol opgeruff huet, huet de Powell dozou gefouert, aus der Partei auszetrieden.

Publikatiounen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • My American Journey , Ballantine Books (Reprint 1996), 978-0345407283
  • A Soldier's Way: An Autobiography . Arrow Books; 2nd Revised edition 2001. ISBN 978-0-09-943993-6 .

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Richard Steins: Colin Powell: A biography . Greenwood Press, Westport, Conn. [a. a.] 2003, ISBN 0-313-32266-X
  • Oren Harari: The leadership secrets of Colin Powell . McGraw-Hill, New York [a. a.] 2002, ISBN 0-07-138859-1
  • Alice K. Flanagan: Colin Powell: U.S. general and Secretary of State . Ferguson Pub, Chicago 2001, ISBN 0-89434-372-6
  • Judith Cummings, Stefan Rudnicki: Colin Powell and the American dream . Dove Books, Beverly Hills, Calif. 1995, ISBN 0-7871-0936-3
  • David Roth: Sacred honour: A biography of Colin Powell . Zondervan [u. a.], Grand Rapids, Mich. 1993, ISBN 0-310-60480-X

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Colin Powell ? Biller, Videoen oder Audiodateien