De
Charles Gerard Emmanuel Metz
, gebuer de
6. Januar
1799
an der
Stad
, a gestuerwen de
24. Abrell
1853
zu
Dikrech
, war en Affekot,
Politiker
a
Journalist
.
Hie war an der Zait ee vun de brillantste Journalisten am
Letzebuerger
Land. Hien hat e grousse politeschen Afloss a war vun 1848 bis zu sengem Doud, 1853, President vun der
Chamber
.
Hie war den eelste vun den 3 Bridder
Metz
:
Charles
,
Norbert
an
Auguste
. 1827 huet hien d'Justine Vannerus (1808-1849), d'Duechter vum
Dikrecher
Nottar
Francois-Julien Vannerus
, bestuet mat dar hie siwe Kanner hat.