Mercier zu Epernay
Mercier
ass eng
Schampesmark
, dei 1858 vum Eugene Mercier (1838-1904) zu
Epernay
gegrennt gouf. Mercier ass dei Mark Schampes, dei a Frankraich den hechsten Emsaz huet.
[1]
1858 huet den Eugene Mercier am Alter vun 20 Joer d'Schampeshaus gegrennt. 1869 huet Mercier en Terrain zu Epernay an der Avenue de Champagne kaf, an do de Firmesetz ageriicht, deen haut och nach do ass. Do gett et zanter 1871 wait an de Kraidfiels gegruewe Kelleren, wou bis haut de Schampes gelagert an affineiert gett. Se leien an enger Deift vun enger 30m a bestinn aus engem System vun 18 km Gang.
[2]
.
D'Gebaier op der Stater Gare tescht 1890 an 1910 (Foto:
Charles Bernhoeft
)
Annonce am Luxemburger Wort (1889)
1885 huet d'
Compagnie des Grands Vins de Champagne E. Mercier & Cie
en Deel vun hirer Schampesproduktioun op
Letzebuerg
verluecht. De Grond war, well Letzebuerg Member vum
Daitschen Zollverain
war, an d'Douanestaxen um Wain a Fasser mei niddreg ware wei dei um Wain a Flaschen. Deemno hu se de Wain op Letzebuerg exporteiert an ereischt do a Flaschen ofgefellt, fir des weider, greisstendeels an Daitschland, ze verkafen.
[3]
Dei eischt Succursale war an der
Stad Letzebuerg
um
Fetschenhaff
, am freiere
Fort Dumoulin
.
1886
gouf e Gebai zu
Hollerech
, no bei der
Stater Gare
gebaut, wou et en Uschloss un d'Eisebunnsnetz krut.
[4]
Dest gouf
1892
vergreissert, an
1894
gouf ugefaangen, de Wain, deen aus der
Champagne
a Fasser importeiert gouf, a Flaschen ofzefellen. Et goufen deemools 35-40.000 Flaschen am Dag ofgefellt.
[5]
1899
goufen enner dem Gebai, op 3 Stack, Kellergallerie gebaut, vun am Ganzen 1,2 km Langt. 4 Millioune Flasche konnten do gelagert ginn.
D'Kellere goufen eng grouss Attraktioun, a vu 25-30.000 Leit am Joer besicht.
[5]
Em d'Joerhonnertwenn hu bis zu 300 Leit bei Mercier geschafft, 1,2 Millioune Flasche goufe verkaf.
[3]
Fir d'Flaschen ze schutzen, goufe se an helze Keschten an a Weidekierf agepaakt.
1895
huet Mercier dofir extra am
Weidendall
, am Dall vun der
Mamer
, tescht
Steesel
a
Koplescht
, en Areal vu 4 ha kaf (dat no an no op 40 ha vergreissert gouf), fir
Weiden
unzeplanzen, aus deenen hire Rudde Kierf
geflecht
goufen. Bis zu 100 Leit hunn an der
Kierfflechterei
geschafft.
[3]
Ee vun deenen eelsten zu Letzebuerg gedreinte
Stommfilmer
ass
Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier
vum
Peter
a
Wendel Marzen
aus dem Joer 1907.
Nom
Eischte Weltkrich
war et eriwwer mam Zollverain an et ass seier biergofgaang mat der Hollerecher Schampesproduktioun. D'Fabreck konnt bis an d'1930er Joren iwwerliewen, ma um Enn waren dei meescht vun hiren Hale verlount. 1961 huet d'
Spuerkeess
d'Areal mat Gebaier a Kellere fir 39 Millioune Frang kaf, an 1965 ofrappe gelooss, fir do d'Gebai vun der Post opriichten ze loossen. Just e puer Kellerverwelleffer sinn erhale bliwwen, do lageren d'
Nationalarchiver
Dokumenter, well hiert Gebai scho laang ze kleng ass.
[3]
Am Garer Quartier erenneren haut nach e puer Stroossennimm un d'Aktiviteite vun der Firma Mercier zu Letzebuerg: d'
rue d'Epernay
, d'
rue de Reims
an natierlech d'
rue Mercier
.
D'Faass
Le foudre
Op der
Weltausstellung
vun 1889 zu
Parais
huet Mercier dat deemools greisst Waifaass vun der Welt ausgestallt. Et housch
Le Foudre
an hat e Volume vu 1600
Hektoliter
. Haut steet et an der Entreeshal vu Mercier zu Epernay.
Mercier hat am Ufank d'Rechter op der Mark
Dom Perignon
, huet dei awer 1930 u
Moet & Chandon
verkaf.
1970 huet Mercier mat Moet & Chandon fusioneiert. 1987 goufen dei zwee vun der nei gegrennter Luxusmark
LVMH
iwwerholl.
- ↑
T. Stevenson, ed.
The Sotheby's Wine Encyclopedia (4th Edition)
pg 181 Dorling Kindersley 2005
ISBN 0751337404
- ↑
http://www.champagnemercier.fr
- ↑
3,0
3,1
3,2
3,3
Rene Clesse:
Tabak und Champagner made in Luxembourg: Die Hollericher Belle Epoque.
ons stad
57, 1998, S.10-13; op onsstad.lu (pdf 1MB), nogekuckt: 2023-08-22.
- ↑
"'Mercier' aus Epernay: Echter Champagner aus Luxemburg."
,
Luxemburger Wort
, 27. Dezember 2011
- ↑
5,0
5,1
Radio 100,7, 10.08.07, Emissioun vun 9h15-9.30.