한국   대만   중국   일본 
Biergertum ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Biergertum

Vu Wikipedia

D' Biergertum ass eng Gesellschaftsschicht, dei traditionell geintiwwer dem Adel an dem Klerus engersaits, geintiwwer vun de Baueren an Aarbechter anerersaits ofgegrenzt gett. En anert Wuert wat och dacks benotzt gett ass Bourgeoisie [ bur?wa?zi ]. E Bierger oder Bourgeois wunnt an engem Bourg , also enger befestegter Stad.

Duerch d' Franseisch Revolutioun gouf, historesch gesinn, mat der Muechtergraifung vum Biergertum den Zaitalter vum Absolutismus ofgeleist.

Ursprong an Entwecklung vum Biergertum [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Biergertum huet sech am 12. Joerhonnert entweckelt. Ursprenglech war e Bierger oder Bourgeois den Awunner vun enger Stad. D'Stied krute lues awer secher eng gewessen Autonomie soudatt d'Bierger vun enger Stad vu verschiddene Privileegie profiteiere konnten. Fir an enger Stad als Bierger opgeholl ze ginn, gouf et verschidde Konditiounen, dei sech vun enger Stad op dei aner ennerscheede konnten.

E Bierger war virun allem e fraie Mann, also kee Leifeegenen . Hien duerft keng Scholden hunn, an huet missen e legitimt Kand sinn. A verschiddene Stied war och e minimum vu Sue virausgesat. Am Elsass huet een zum Beispill en Haus mat Vue op d'Strooss missen hunn, fir als Bierger ze zielen.

Warend der Franseischer Revolutioun huet d'Biergertum versicht, seng Plaz an der Gesellschaft ze fannen. Juristesch gesi goufen d'Bierger zum Drette Stand gezielt, hire Liewensstil war eischter adeleg . Et waren och meeschtens Famillen aus dem Biergertum, dei speider zu der sougenannter Noblesse de Robe a Frankraich opgestige sinn, well si dei finanziell Mettelen haten, fir sech eng Charge als Magistrat ze kafen.

19. Joerhonnert [ anneren | Quelltext anneren ]

Karl Marx

Am Laf vum 19. Joerhonnert hu sech am Kader vun de verschiddene biergerleche Revolutiounen ( Julirevolutioun 1830 , Februarrevolutioun 1848 , Maerzrevolutioun 1848 / 1849 ) d'Membere vum Drette Stand vum neie Proletariat , wat sech duerch d' Industriell Revolutioun entweckelt huet ofgegrenzt. Si hu sech an zwou entgeigegesate sozial an okonomesch Interessegruppen entweckelt. D'Bourgeoisie, dei virdrun als fortschrettlech a revolutionar eriwwerkomm war, huet sech zu engem Juste Milieu entweckelt a gouf zu engem Synonym fir d' Groussbiergertum .

Ee vun den eischte Sozialisten , deen e Widdersproch tescht Biergertum a Bourgeoisie (am Senn vun engem kapitalistesche Groussbiergertum) gesinn huet, war de Schneidergesell Wilhelm Weitling . De Weitling hat e groussen Afloss op de Bund der Gerechten , dee sech 1836 zu Parais aus dem Bund der Geachteten entweckelt huet, an e Virleefer vun de speidere sozialisteschen a kommunistesche Parteie war. Dem Weitling sain Afloss ass op Ausenanersetzunge mam Karl Marx zereckgaangen, nodeem de Bund der Gerechten zu London op den neien Numm Bund der Kommunisten gedeeft gi war, an enner den Afloss vu Marx an Engels gerode war. De Marx an den Engels hunn d'Theorie vum Geigesaz vu Proletariat a Bourgeoisie mat wessenschaftlechem Usproch ausgebaut. Si hunn 1848 d'? Manifest der Kommunistischen Partei “ erausbruecht, an deem si zum internationale Klassekampf vum Proletariat geint d'Biergertum opgeruff hunn, fir de Kommunismus als Gesellschaft ouni Klassen duerchzesetzen.

Marxistesch Definitioun [ anneren | Quelltext anneren ]

Nom Karl Marx ass dat kapitalistescht Groussbiergertum dei Klass, dei am Kapitalismus iwwer dei zwou Grondklasse Bourgeoisie a Proletariat d'Soen huet. Historesch hat et sech aus dem Drette Stand vun der Feudalgesellschaft eraus entweckelt (Handwierker, Handler, frai Baueren dei e Steck Land haten). En Deel vun den Handwierker gouf zu Fabrikbesetzer. No der Ofleisung vum Feudalismus duerch de Kapitalismus huet d'Bourgeoisie, also d'Kapitalisten d'Aarbechterklass (also d'Proletariat) ausgenotzt.

Am Kader vun der marxistescher Theorie ass d'Geschicht eng Folleg vu Klassekampf, an deenen duerch Revolutiounen dei al Herrscher gestierzt ginn, fir en neie Gesellschaftssystem mat virun allem okonomesche Reegelen opzebauen. D'Biergertum hat an desem Kontext dei historesch a fortschrettlech Roll, den Adel an der Feudalgesellschaft ze stierzen, fir de Kapitalismus duerchzesetzen.

D'Duerchsetzung vum Kapitalismus an d'Herrschaft vun der Bourgeoisie ass fir de Marx d'Viraussetzung fir de Klassekampf tescht Bourgeoisie a Proletariat. Dese Klassekampf misst an enger weiderer Revolutioun zum Stuerz vun der Bourgeoisie zu enger Victoire vum Proletariat feieren, wat duerch eng ? Diktatur vum Proletariat “ iwwer de Sozialismus zu enger Gesellschaft ouni Klassen enner dem Kommunismus feiere geif.

An der marxistescher Diktioun ass den aggressiivsten Deel vun der Bourgeoisie dei sougenannt Monopol-Bourgeoisie , well si dei wichteg Produktiounsmettel zur Verfugung huet.

Literatur zum Theema [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Hal Draper, Karl Marx's Theory of Revolution, Vol. 2: The Politics of Social Classes , Monthly Review Press, New York, 1979.
  • Anthony Giddens, The Class Structure of the Advanced societies .
  • Ernest Mandel, "Social differentiation in capitalist and postcapitalist societies", in On Social Differentiation. A Contribution to the Critique of Marxist Ideology, Part 2. Adam Mickiewicz University Press, Poznan, 1992.
  • Ralph Miliband, "Class and class power in contemporary capitalism", in On Social Differentiation. A Contribution to the Critique of Marxist Ideology, Part 2 , Adam Mickiewicz University Press, Poznan, 1992.
  • Erik Olin Wright et al., The Debate on Classes. , Verso, London, 1989.
  • Regine Pernoud, La bourgeoisie , PUF, Parais, 1985. ( ISBN 2-13-039025-0 )
  • Monique Pincon-Charlot a Michel Pincon, Sociologie de la bourgeoisie , La Decouverte, Koll. "Reperes", 2002-2003.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]