D'
Bieren
oder
Groussbieren
(Ursidae) sinn eng Mamendeierfamill aus der Uerdnung vun de
Raubdeieren
(Carnivora).
Dei meescht Biere sinn
Allesfresser
an erniere sech vu Planzen an Deieren. Meeschtens huele si wat se kreien, wei
Planzen
,
Friichten
,
Hunneg
,
Insekten
a
Fesch
. Well si schlecht Oueren an Aen hunn, hellefe si sech mam
Gerochsenn
fir hiert Friessen ze fannen.
De Bier ass krafteg gebaut an huet stammeg Been. Un all Fouss huet e fennef schaarf Kralle fir ze gruewen, ze klammen a fir sai Friessen ze zerrappen. Dat kraftegt Gebeck huet onspezialiseiert Zann fir verschidden Zorte Friesse kennen ze zerknaen. Biere kennen zimmlech seier lafen a sech op zwee Been opriichten.