Bernhard zur Lippe-Biesterfeld

Vu Wikipedia
Desen Artikel ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.
Bernhard zur Lippe-Biesterfeld
Gebuer 29. Juni 1911
Jena
Gestuerwen 1. Dezember 2004
Utrecht
Doudesursaach Longekriibs
Nationaliteit Daitscht Keeserraich, Weimarer Republik , Holland
Educatioun Universiteit vu Lausanne
Aktiviteit Aktivist, Naturschutzer, Pilot, Fotograf, Offizeier
Partei NSDAP
Famill
Bestuet mat Juliana vun Holland
Kanner Beatrix I. vun Holland , Irene vun Oranien-Nassau, Margriet vun Oranien-Nassau, Christina vun Oranien-Nassau

Bernhard Leopold Friedrich Eberhard Julius Kurt Karl Gottfried Peter , Prenz zur Lippe-Biesterfeld , gebuer den 28. Juni 1911 zu Jena a gestuerwen den 1. Dezember 2004 zu Utrecht ), Prenz vun Holland , war de Mann a Prince consort vun der Juliana von Oranien-Nassau , Kinnigin vun Holland. Zesummen hate si veier Diechter: dei speider Kinnigin Beatrix an hir Schwesteren Irene , Margriet a Christina . Ausserdeem hat hien zwou Diechter, Alicia de Bielefeld (* 1952) an Alexia Grinda (* 1967) dei net aus dem Bestietnes mat der Kinnigin Juliana waren.

Hie war den eelste Jong vum Bernhard zur Lippe ( Haus Lippe ) senior an Armgard von Sierstorpff-Cramm .

Jugend [ anneren | Quelltext anneren ]

An den alen Zivilstandsennerlagen, dei am thuringesche Jenaer Stadarchiv erhale sinn, ass den 28. Juni 1911 als Dag vu senger Gebuert agedroen. Sou lang wei e gelieft huet, gouf den offizielle Gebuertsdatum awer als 29. Juni uginn, an dat ass warscheinlech och sai richtege Gebuertsdag. De Bernhard zur Lippe-Biesterfeld junior huet a senger Jugend doheem um Gutt Reckenwalde am estleche Brandenburg gelieft. Vun 12 Joer un koum hien an en Internat op Zullichau , wou hien och 1929 sain Abitur gemaach huet. Duerno huet hie Jura op den Universiteite vu Lausanne a Berlin studeiert. Hien hat e Faible fir seier Autoen, Reiden a Safarien . Bei engem Bootsongleck a bei engem Fligercrash koum hie bal em.

Beruff a Politik [ anneren | Quelltext anneren ]

Als Jura- Referendar gouf hien 1935 vun der Entreprise I.G. Farben ugestallt an ass nach am selwechte Joer zum Direktiounssekretar vun der Paraisser Filiale avanceiert. De Prenz Bernard war Member an der Reiter-SS , vun der Schutzstaffel vun de Nationalsozialisten a speider vum NSKK , (Nationalsozialistisches Kraftfahrer-Korps). 1936 huet hien d'Prinzessin Juliana, Duechter vun der hollannescher Kinnigin Wilhelmina kenne geleiert. Als Adelegen a Protestant war hie fir d'Kinnigin als Eedem a Mann vun der Trounfollgerin akzeptabel. Trotzdeem gouf an Holland iwwer seng Akzeptanz vill diskuteiert.

Skandalen, an dei de Prenz Bernard verweckelt war [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Lockheed-Skandal
  • Schlass-Skandal
  • Aner Skandalen

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Bernhard of Lippe-Biesterfeld ? Biller, Videoen oder Audiodateien