한국   대만   중국   일본 
Bernard Isidore Clasen ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Bernard Isidore Clasen

Vu Wikipedia
Bernard Isidore Clasen
Gebuer 20. Maerz 1829
Greiwemaacher
Gestuerwen 11. Januar 1902
Iechternach
Nationaliteit Letzebuerg
Educatioun Stater Kolleisch ,
Cours superieurs ,
Universiteit vu Leiwen ,
Seminaire vu Letzebuerg
Aktiviteit Mathematiker , Paschtouer, Professer
Famill
Papp Nicolas Clasen

De Bernard Isidore Clasen , gebuer den 20. Maerz [1] 1829 zu Greiwemaacher a gestuerwen den 11. Januar 1902 zu Iechternach , war e letzebuergesche Geeschtlechen an Auteur. [2]

Professer an der Normalschoul [ anneren | Quelltext anneren ]

Dem Bernard Clasen sai Papp, den Nicolas Clasen , war Schoulmeeschter zu Greiwemaacher. Hien huet sai Jong an d' Stad an den Athenaum gescheckt, wou de Bernard sai Maturiteitsexame gemaach huet an dunn d'Philosophiecoursen ( Cours superieurs ) besicht huet. Uschleissend ass hien ? knapps 16 Joer al ? op d'Universiteit vu Louvain ee Joer laang Mathematik studeiere gaangen. Dono huet hie warend 3 Joer am College vu Baaschtnech enseigneiert, ier hie sech decideiert huet, an de Seminar vu Letzebuerg ze goen. [3]

Den 12. Maerz 1853 ass hien zum Priister geweit ginn. De 7. Abrell 1853 gouf hie Kaploun an der Stater Sankt-Mechelspar. Nach am selwechte Joer, den 30. Dezember 1853, krut hien eng Nominatioun als Reliounsprofesser an der Normalschoul . Do huet hien nieft der Relioun virun allem Mathematik enseigneiert, awer och Coursen iwwer Konschtarcheologie ginn. [3]

Sekretar vum "Verein fur christliche Kunst im Apostolischen Vikariate Luxemburg" [ anneren | Quelltext anneren ]

Hie war un der Grennung vum "Verein fur christliche Kunst im Apostolischen Vikariate Luxemburg" , deen op Initiativ vum Provikar Adames an d'Liewe geruff gouf, bedeelegt. D'Iddi vum Verain, dee speider den Numm "Verein fur christliche Kunst in der Diozese Luxemburg" gedroen huet, hat sech am Laf vum Joer 1860 konkretiseiert a vum 1. Januar 1861 u war de Verain aktiv. D'Inauguralsetzung war de 17. Januar 1861. De Jean Engling war President an de Clasen Sekretar. [4] De Bernard Clasen huet d'Leeschtunge vum Verain an den eischte Joren am "Organ des Vereins fur christliche Kunst im Apostolischen Vikariate" festgehalen. [5]

Dechen zu Iechternach [ anneren | Quelltext anneren ]

Duerch den Arrete royal grand-ducal vum 23. Mee 1870 krut de Bernard Clasen op seng Demande hi seng Demissioun als Reliounsprofesser an der Normalschoul. [6]

De 24. Mee 1870 gouf hie Paschtouer vun der Peitrus a Paulus Par an Dechen (cure-doyen) vun Iechternach . [7] Duerch den Arrete vum 7. Oktober 1870 ass hie Member vum Kuratorium vum Iechternacher Progymnase ginn, wou hien de verstuerwenen Deche Pierre Thomas ersat huet. [8] Hie blouf dat bis 1902. [9]

Als Dechen an als Konschtkenner huet de Clasen sech em de weideren Ausbau an d'Innenausstattung vun der Basilika gekemmert. De Barockvirbau vun der Basilika gouf duerch en neoromanesche Bau ersat. D'Renaissance-Beichtstill an d'Barock-Kanzel aus der freierer Stater Jesuittekierch , dei zur Kathedral erhuewe gi war an neogotesch Miwwele krut, goufe fir d'Basilika kaaft. An de Chouer koumen nei Fensteren, d'Wann vum Chouer goufen dekoreiert, Kraizwee-Statioune goufen ugeschaaft asw.

Am Echternacher Anzeiger " an am "Organ des Vereins fur christliche Kunst in der Diozese Luxemburg" huet de Clasen iwwer des Aarbechte bericht. [10]

Ze bemierken ass, datt zenter 1869 Sonndesmassen an der Basilika gefeiert goufen, d'Basilika awer ereischt 1906 Parkierch gouf.

De 24. Februar 1886 ass de Clasen vum Beschof Koppes zum Doumhar (Doumkapitular) ernannt ginn. [11] Vum 1. Oktober 1901 u war de Clasen, deen aus Altersgrenn op den 30. September demissioneiert hat, an der Pensioun. Den 13. Oktober 1901 huet hie mat de Leit aus senger Par Abschid gefeiert a sech an d'Klouschter vun de Schwestere vum aarme Kand Jesu vun Iechternach zereckgezunn.

De Clasen ass de 14. Januar 1902 zu Iechternach begruewe ginn. [12]

De Bernard Clasen war de Koseng vum Professer Prosper Clasen . [13]

De Mathematiker [ anneren | Quelltext anneren ]

Als Professer an der Normalschoul huet de Clasen zwee Rechebicher publizeiert, eent iwwer elementar Arithmeetik (1865) an en anert iwwer elementar Algebra (1868).

1867 huet hien den Artikel "Solutions entieres de l'equation indeterminee Ax + By = S" an den "Annales scientifiques de l'Ecole Normale Superieure" publizeiert.

An der internationaler Fachwelt ass hie besonnesch bekannt fir sain Artikel "Sur une nouvelle methode de resolution des equations lineaires et sur l'application de cette methode au calcul des determinants" , deen 1888 an den "Annales de la Societe scientifique de Bruxelles" publizeiert gouf. Den Artikel ass 1889 vun der Fachzaitschreft "Mathesis" iwwerholl ginn, an zu Parais koum e beim Editeur Gauthier-Villars als Separatdrock eraus. 1890 ass en, op Daitsch iwwersat, zu Wien an der "Zeitschrift fur das Realschulwesen" vereffentlecht ginn. Dem Clasen seng Method ass och nach bekannt als "methode des coefficients egaux" , en Numm, deen si dem belsche Mathematiker Paul Mansion [14] , mat deem de Clasen korrespondeiert huet, verdankt. [15]

Publikatiounen (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

Schoulbicher [ anneren | Quelltext anneren ]

  • 1862. Das Großherzogthum Luxemburg und die mathematische Geographie. Einleitung in das Studium der allgemeinen Geographie. Luxemburg: Gebr. Heintze, 84 S.
  • 1865. Die elementare Arithmetik in ihrer wissenschaftlichen Begrundung und praktischen Anwendung. Luxemburg: V. Buck, 279 S.
  • 1868. Lehrbuch der elementaren Algebra. Luxemburg: V. Buck, 150 S.

Mathematesch Artikelen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • 1867. Solutions entieres de l'equation indeterminee Ax + By = S. Annales scientifiques de l'Ecole Normale Superieure, Serie 1, Tome 4 (1867), p. 347-354. [12]
  • 1888. Sur une nouvelle methode de resolution des equations lineaires et sur l'application de cette methode au calcul des determinants. Annales de la Societe scientifique de Bruxelles 12 (1887-1888), A 50-59, B 251-281.
  • 1889. Sur une nouvelle methode de resolution des equations lineaires et sur l'application de cette methode au calcul des determinants. Extrait des Annales de la Societe scientifique de Bruxelles, 12e annee, 1887-1888, Gauthier-Villars et fils, Paris, 40 p.
  • 1889. Sur une nouvelle methode de resolution des equations lineaires et sur l'application de cette methode au calcul des determinants. Rapport sur ce memoire, par P. Mansion. Mathesis (Gand), t. IX, Suppl. II, p. 1-31 [tire-a-part des Annales de la Societe scientifique de Bruxelles].
  • 1890. Ueber eine neue Methode der Auflosung von Gleichungen des ersten Grades . Wien: A. Holder, 16 S. (Separatabdruck aus: Zeitschrift fur das Realschulwesen. Wien, 15. Jahrg., Heft VII u. VIII).

Iwwer d'Iechternacher Basilika [ anneren | Quelltext anneren ]

Als Koauteur

  • 1868. Mullendorff, A. & B.I. Clasen. Die ehemalige Abteikirche des hl. Willibrordus zu Echternach. Koln u. Neuss: L. Schwann, 14 S. (Separatabdruck aus Fr. Bock's "Rheinlands Baudenkmale des Mittelalters"). [13]

Als Auteur

Am ?Organ des Vereins fur christliche Kunst in der Diozese Luxemburg“ (Luxemburg: Peter Bruck):

  • 1877. Der Vorbau der Echternacher Basilika. Organ des Vereins fur Christliche Kunst. Jahrg. XVII, S. 16-22.
  • 1879. Der Hochaltar in der Basilika zu Echternach . Jahrg. XVIII, S. 11-19.
  • 1879. Das Chorfenster der Abteikirche von Echternach. Jahrg. XVIII, S. 87-91.
  • 1880. Der Kreuzweg der Basilika von Echternach. Jahrg. XIX, S. 58-62.
  • 1881. Die Communionbank in der Basilika von Echternach. Jahrg. XX, S. 44-47.
  • 1882. Die Dekoration des Chores der Basilika zu Echternach. Jahrg. XXI, S. 135-141.
  • 1883. Das Ciborium der St. Willibrordus-Kirche in Echternach. Jahrg. XXII, S. 53-59.
  • 1885. Die Basilika in Echternach. Jahrg. XXIV, S. 110-112.
  • 1890. Der Majolika-Altar der Basilika zu Echternach. Jahrg. XXIX, S. 49-53.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Biographie [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Arendt, K. , 1972. Portrat-Galerie hervorragender Personlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vorwort: Paul Margue. Luxemburg: E. Kutter, 514 S.
  • Blum, M. , J. Zieser & A. Konig , 1930. Series Pastorum. Luxemburg, (I) 180 S. + (II) 77 S.
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonne de tous les ouvrages ou travaux litteraires publies par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duche actuel de Luxembourg. Premiere partie: Les auteurs connus. Nouvelle edition, completee, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Munchen, Kraus International Publications, vol. 1: A-L, XXXIII-756 p.
  • Didier, N. , 1940. Die berufenen Wachter am Grabe des heiligen Willibrord im 19. und 20. Jahrhundert. In: N. Goetzinger (Hrsg.): Willibrordus. Echternacher Festschrift zur XII. Jahrhundertfeier des Todes des heiligen Willibrord. Luxemburg: St. Paulus-Druckerei, S. 394-420, Tafel LXXIV-LXXV (Fig. 1-5). [Neuauflage 1958].
  • Kiesel, G., 1939. Die Huter und Betreuer des Willibrordusgrabes. Luxemburger Marienkalender 1940, S. 45-47.
  • Koenig, A. (Pseudonym: Paul Felix von der Mosel), 1920. Beruhmte Moselaner aus den Kantonen Grevenmacher und Remich. Grevenmacher, Neue Mosel-Zeitung (Mich. Braun), 115 S. [Clasen Bernhard Isidor aus Grevenmacher, S. 100, Nr. 243].
  • Massard, J. A. , 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der offentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Departement des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, 259 S.
  • Massard, J.A. & G. Geimer , 1992. Les professeurs de sciences et leur oeuvre. In: Festschreft 150 Joer Iechternacher Kolleisch (1841-1991) . Luxembourg: Impr. St Paul, p. 465-480.
  • Obermosel-Zeitung, 1902. Echternach. Dechant Clasen †. Obermosel-Zeitung 1902-01-14, S. 2. [14]
  • Seiler, E., 1998. Dekanat und Pfarrei Echternach. Nos Cahiers 19 (2-3), S. 293-361.
  • Staud, R.M. & J. Reuter, 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmaler der Stadt Echternach. Luxemburg: St. Paulus Druckerei, 224 S. ( T Hemecht , Zeitschrift fur Luxemburger Geschichte, 1952, 5. Jg., Heft 2 u. 3, S. 3-224).
  • Wort, 1902. Echternach, 11. Jan. (Per Telephon): Sterbefall. Luxemburger Wort 1902-01-11, Erstes Blatt, S. 3. [15]

Mathematik [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Gloden, A. , 1953. Les contributions du chanoine luxembourgeois B. I. Clasen a la science mathematique. Hemecht 1953 (1-2), S. 131-136. [16]
  • Gloden, A., 1953. La methode du Luxembourgeois B. I. Clasen pour la resolution d'un systeme d'equations lineaires. In: Revue d'histoire des sciences et de leurs applications, tome 6, n°2, 1953. p. 168-170. [17]
  • Kieffer, L., 1959. Sur la resolution des systemes d'equations lineaires. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathematiques N.S. 26, p. 105-124.
  • Kieffer, L. & K.H. Link, 1960. Programme de resolution d'un systeme d'equations lineaires par la methode de Clasen. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathematiques N.S. 27, p. 65-68.
  • Kieffer, L., 1960. Sur un memoire inedit de B. I. Clasen. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathematiques N.S. 27, p. 57-64.
  • Kieffer, L., 1961. Le mathematicien luxembourgeois Bernard Isidore Clasen (1829-1902). Scientiarum Historia 3 (3), p. 117-123.
  • Mehmke, R., 1930. Uber die zweckmaßigste Art, lineare Gleichungen durch Elimination aufzulosen. Zeitschrift fur angewandte Mathematik und Mechanik 10 (Heft 5), S. 508-514.
  • Worch, G., 1932. Uber die zweckmaßigste Art, lineare Gleichungen durch Elimination aufzulosen. Zeitschrift fur angewandte Mathematik und Mechanik 12 (Heft 3), S. 175-181. [18]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Gemeng Greiwemaacher , Gebuertsregester 1829, Nr. 23  ; Wort 1902 ; Luxroots ; Arendt 1972, S. 414 ; Blum 1981, S. 147. ? Didier 1940, S. 409, a Seiler 1998, S. 320, ginn iertemlecherweis de 7. Abrell als Gebuertsdag un.
  2. Wort 1902 ; Arendt 1972, S. 414 ; Didier 1940, S. 409-413 ; Seiler 1998, S. 320-323.
  3. 3,0 3,1 Arendt 1972, S. 414.
  4. Arendt 1972, S. 414 ; Luxemburger Wort 1862-08-05, S. 1-2 (Uebersicht der politischen Tagesereignisse. Trier. Der Verein fur christliche Kunst im apostolischen Vikariate in Luxemburg. [1] ? Kuck och: Luxemburger Wort 1861-02-16, S. 2 (Verein fur christliche Kunst im Vikariate Luxemburg). [2]
  5. Organ des Vereins fur christliche Kunst im Apostolischen Vikariate Luxemburg, Jahrg. 1 (1861), S. 25-26 (am Juni 1862 erauskomm ; cf. Luxemburger Wort 1862-06-24, S. 4; [3] ) Jahrg. 2 (1862), S. 6-9 (am Dezember 1863 erauskomm: Luxemburger Wort 1863-12-15, S. 4. [4] )
  6. Memorial 1870 (II), N° 25, S. 208 (Avis. ? Enseignement primaire). [5]  ; Luxemburger Wort 1870-06-04, S. 3. [6]
  7. Obermosel-Zeitung 1902 ; Arendt 1972, S. 414 ; Blum et al. 1930, (I) S. 70. ? Didier 1940, S. 410, a Seiler 1998, S. 321, ginn als Datum de 14. Mee 1870 un.
  8. Memorial 1870 (II), N° 46, S. 361 (Avis. ? Enseignement superieur et moyen) [7]  ; Luxemburger Wort 1870-10-17, S. 2 (Amtliches). [8]
  9. Didier, N. , 1926. Le gymnase d'Echternach de 1901 a 1926. Travail statistique. Luxembourg, S. 31. ? Gymnase d'Echternach, Programme 1901-1902, Chronique de l'etablissement, Luxembourg 1902, S. 9 (Necrologie).
  10. Seiler 1998, S. 321.
  11. Arendt 1972, S. 414 ; Kirchlicher Anzeiger fur die Diozese Luxemburg 1886-02-25, S. 16. [9]  ; Kirchlicher Anzeiger fur die Diozese Luxemburg 1886-03-31, S. 47. [10]
  12. Luxemburger Wort 1902-01-17, S. 2 (Begrabnisfeier des hochw. Hrn. Dechanten Clasen). [11]
  13. Blum 1981, S. 149.
  14. Paul Mansion (1844-1919), Mathematik-Professer op der Universiteit vu Gand ( Wikipedia ).
  15. Kieffer 1959, S. 117 ; Kieffer 1961, S.121.