De
Bernard Johan Herman Haitink
,
CH
, gebuer de
4. Maerz
1929
zu
Amsterdam
, a gestuerwen den
21. Oktober
2021
[1]
, war en
hollanneschen
Dirigent
.
Seng Karriar war enk mam
Concertgebouw-Orchester
verbonnen, vun deem en 1959 "'Eischten Dirigent" gouf, 1961, mam
Eugen Jochum
zesumme "Chefdirigent" a vun 1964 un eleng.
Vun 1967 bis 1979 war en Eischten Dirigent vum
London Philharmonic Orchestra
, a vun 1978 bis 1988 hat hien dei musikalesch Leedung vum Operefestival zu
Glyndebourne
. 1999 gouf en zum Eierendirigent vum Concertgebouw-Orchester ernannt, wou en tescht 1977 an 1987 d'Chreschtdagsmass dirigeiert huet.
Hie huet ausserdeem vun 1987 bis 1998 mam
Royal Opera House
zu
London
a vun 1995 bis 2004 mam
Boston Symphony Orchestra
zesummegeschafft. 2002 gouf e Chefdirigent bei der
Staatskapelle Dresden
an 2006 Eischten Dirigent vum
Chicago Symphony Orchestra
.
Vun 2008 un huet hie mam
Chamber Orchestra of Europe
fir de
Lucerne Festival
zesummegeschafft, a reegelmeisseg Course fir jonk Dirigente ginn.
De 6. September 2019 huet hie mat engem Concert vun de Wiener Philharmoniker, am Kader vum Lucerne Festival, sengem Publikum Addi gesot.
Am Februar 2019 ass hien eng lescht Keier zu Letzebuerg opgestrueden, an zwar mam Chamber Orchestra of Europe an der
Philharmonie
.
[2]
- Peter Hagmann, Erich Singer:
Bernard Haitink ?Dirigieren ist ein Ratsel“: Gesprache und Essays.
Barenreiter, Henschel, Kassel, Leipzig 2019,
ISBN 978-3-89487-951-8
.
- ↑
Dirigent Bernard Haitink ist tot
.
Der Spiegel
, 22. Oktober 2021
- ↑
"Dirigent Bernard Haitink ist tot."
wort.lu, 22.10.2021.