Barthelemy Foehr

Vu Wikipedia
Barthelemy Foehr
Gebuer 3. Dezember 1773
Gestuerwen 27. Dezember 1855
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Politiker
Famill
Kanner Jean Pierre Foehr , Jean Mathias Foehr

De Barthelemy (Bartholomaeus) Foehr (Fohr) , gebuer den 3. Dezember 1773 zu Iechternach an do gestuerwen de 27. Dezember 1855 , war e letzebuergesche Gierwer , Proprietar a Gemengepolitiker. [1]

Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 10. Maerz 1819 [2] bis den 8. Januar 1820, a vum 2. Januar 1822 [2] bis den 1. Januar 1823. [1]

De Barthelemy Foehr war de Fils vum Balthasar Foehr an der Lucie Bernard(y). Am Joer 1806 huet hie sech mat der Lucie Wagener (Wagner) bestuet. [1] D'Koppel huet op der Maartplaz, Eck Letzebuerger Strooss, gewunnt an hat veier Kanner: [3]

  • A. Marie (* 27. 2. 1810), bestuet de 14. Januar 1835 mam Charles Bech (1. Bestietnes), Gierwer vu Greiwemaacher ;
  • Christine (*10. 11. 1820), bestuet den 8. Januar 1840 mam Charles Bech (2. Bestietnes); si waren d'Grousseltere vum Staatsminister Jos Bech ;
  • Jean Mathias (*2. 3. 1819), Gierwer, Deputeierten, Buergermeeschter vun Iechternach;
  • Jean Pierre (*11. 5. 1824), Jurist, Magistrat, Chamberspresident an Diplomat.

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 1,2 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  2. 2,0 2,1 Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  3. Staud, R.M. & J. Reuter, 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmaler der Stadt Echternach. St. Paulus Druckerei, Luxemburg, S. 62-63.