Astronomie

Vu Wikipedia

Astronomie ass e Begreff fir dei Branche vun den Naturwessenschaften , dei sech mat der Erfuerschung vum Universum ofginn, dat heescht, mat der Verdeelung a Beweegung, de physikaleschen Eegenschaften an Zoustann, dem Entstoen, der Entwecklung an der Zesummesetzung vun der Matiere am Weltraum a mat der Entwecklung an de Strukture vum Kosmos am grousse Ganzen. D'Astronomie ass dei eelst Naturwessenschaft iwwerhaapt.

Den Numm Astronomie kennt aus dem Griicheschen ?στρον ( astron - Star) an ν?μο? ( nomos - Gesetz). D'Astronomie beschaftegt sech nieft de Planeiten a Fixstaren och mat Galaxien a villen aneren Himmelsobjeten. An der Astronomie fanne sech awer och Erkenntnesser aus anere Fachgebidder, wei zum Beispill der Physik , der Chimie , der Geologie , der Geophysik , der Mineralogie , der Biologie , der Mathematik , der Kartographie an nach aneren.

Amateurastronomen

Astronomie [ anneren | Quelltext anneren ]

Duerch d'visuellt Betruechte vum Nuetshimmel an dem Laf vun de Planeiten an der Sonn gett Astronomie schonn zanter Joerdausende bedriwwen. Zanter veierhonnert Joer ginn Teleskope benotzt; zu de Pioneier geheiert enner anerem de Galileo Galilei .

D' 19. Joerhonnert huet grouss Fortschretter mat sech bruecht, besonnesch duerch d' Fotografie an d' Spektroskopie . An der Mett vum 20. Joerhonnert koum d'onbemannt a bemannt Raumfaart derbai. Mettlerweil gett mat de verschiddenste physikalesche Methoden all elektromagneitesch Stralung dei aus dem Weltraum kennt beobacht.

Spezialgebidder vun der Astronomie [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur zum Theema [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Astronomie ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Letzebuerg [ anneren | Quelltext anneren ]

De Rescht vun der Welt [ anneren | Quelltext anneren ]