D'
Assemblee consultative vun 1945
gouf nom
Zweete Weltkrich
an d'Liewe geruff well festgestallt gouf datt d'
Chamber
hir konstitutionell Aufgaben net erfelle konnt. D'Missioun vun der
Assemblee consultative
huet an der Ausfeierung vun de Rechter bestanen, dei d'Chamber duerch d'
Letzebuerger Constitutioun
an d'Gesetzer hat, mat Ausnam vun der
legislativer
Gewalt
[1]
.
Nodeem den
Zweete Weltkrich
den
10. September
1944
zu
Letzebuerg
eriwwer war, gouf fir de
6. Dezember
1944
eng Chamberssetzung aberuff. Vun de 55 Deputeiert aus der Chamber virum Krich, waren der nemme 25 do. Dat war drop zereckzefeieren datt 9 Deputeiert gestuerwe waren, 10 nach net aus
daitsche
Prisongen a
Konzentratiounslageren
erem waren, an 9 enner Verdacht op
Kollaboratioun mat de Besatzer
stoungen. Well nemme manner wei d'Hallschent vun den Deputeierten do war, gouf de Quorum deen an der Constitutioun festgeluecht war, net erreecht. Dat huet mat sech bruecht datt d'Chamber net aarbechts- a beschlossfaeg war.
Fir datt d'
Regierung vun der Befreiung
awer keint an hiren Aufgabe berode ginn, gouf mam groussherzoglechen Arrete vum
22. Februar
1945 d'
Assemblee consultative
geschaaft
[1]
. Se huet sech am Ufank aus 27 Deputeiert vun der vireger Chamber
[2]
an aus 30 Memberen, dei zousatzlech genannt goufen, zesummegesat
[3]
. D'Zuel vun den Deputeierte-Memberen ass no an no bis op 37 eropgaangen, an deem Mooss wei Deputeiert, dei deporteiert oder am KZ waren, eremkomm sinn. D'Assemblee consultative hat also am Endeffekt 67 Memberen. Hiert Mandat ass bis de 16. August 1945 gaangen. Den Dag drop ass d'legislativ Chamber erem an hir Rechter getrueden. Si huet sech aus de Virkrichsdeputeierten zesummegesat, deenen hire Mandat mam
Arrete grand-ducal
vum 7. Juli 1944 bis zu den nachste Wale verlangert gi war.
[4]
. Dei Wale waren den 21. Oktober 1945.
Am Zaitraum vum 20. Maerz 1945 bis de 16. August 1945 koum d'
Assemblee consultative
fir 18 Setzungen zesummen.
- Marius Remackel:
Die Assemblee consultative von 1945, Luxemburgs Beratende Kammer in der unmittelbaren Nachkriegszeit.
Travail de candidature, Luxemburg 2017.
- Jean-Louis Scheffen:
"Vor 75 Jahren: Luxemburg im politischen Vakuum."
wort.lu, 29.07.2020.
Chamberwalen zu Letzebuerg
|
---|
|
- ↑
1,0
1,1
Arrete grand-ducal du 22 fevrier 1945 ayant pour objet l´institution d'une assemblee consultative
, op legilux.lu, gekuckt den 22. Februar 2019
- ↑
Artikel 1 vum
Arrete grand-ducal du 12 mars 1945 portant nomination des membres de l´Assemblee consultative
, op legilux.lu, gekuckt den 22. Februar 2019
- ↑
Artikel 2 vum
Arrete grand-ducal du 12 mars 1945 portant nomination des membres de l´Assemblee consultative
, op legilux.lu, gekuckt den 22. Februar 2019
- ↑
Memorial du Grand-Duche de Luxembourg 1944, N° 3, p. 33 (Arrete grand-ducal du 7 juillet 1944 ayant pour objet de differer la date des elections legislatives).
- ↑
Compte rendu des travaux de la Chambre des deputes du Grand-Duche de luxembourg
,
La composition de la Chambre des Deputes depuis 1944
, S. 95 op chd.lu, der Websait vun der Chamber, gekuckt den 22. Februar 2019
- ↑
"Gaston D
i
derich" (an net "Gaston D
ie
derich" wei et am
Arrete grand-ducal
steet) cf.
Nicolas Als
,
Robert L. Philippart
:
La Chambre des Deputes, Histoire et Lieux de Travail
, Chambre des Deputes du Grand-Duche de Luxembourg, 1994, S. 512
- ↑
"V
e
nan
t
Hildgen" (an net "V
i
nan
d
Hildgen" wei et am
Arrete grand-ducal
steet) cf. Nicolas Als, Robert L. Philippart:
La Chambre des Deputes, Histoire et Lieux de Travail
, Chambre des Deputes du Grand-Duche de Luxembourg, 1994, S. 518
- ↑
"Jean-Pierre L
e
nert
z
" (an net "Jean-Pierre L
eh
nert
s
" wei et am
Arrete grand-ducal
steet) cf. Nicolas Als, Robert L. Philippart:
La Chambre des Deputes, Histoire et Lieux de Travail
, Chambre des Deputes du Grand-Duche de Luxembourg, 1994, S. 520
- ↑
"Gustave Schuma
n
" (an net "Gustave Schuma
nn
" wei et am
Arrete grand-ducal
steet) cf. Nicolas Als, Robert L. Philippart:
La Chambre des Deputes, Histoire et Lieux de Travail
, Chambre des Deputes du Grand-Duche de Luxembourg, 1994, S. 528