Den
Andre Dziezuk
, gebuer 1966 zu
Diddenuewen
[1]
, ass e
franseische
Museker a
Filmmusek
-
Komponist
.
No sengem Studium um
Metzer
Conservatoire huet hien e
Capes
a Musikologie gemaach, a war duerno eng 20 Joer Museksprof. No der
klassescher Musek
huet hie sech virun allem fir den
Jazz
begeeschtert. Zesumme mam
Marc Mergen
huet hien 1994 d'Band
Lingo
gegrennt.
Eischter duerch Zoufall gouf de
Frederic Fonteyne
op si opmierksam an huet s'engageiert, d'Musek fir sai Film
Une liaison pornographique
ze schreiwen. Dono hu si d'BO fir der
Beryl Koltz
hire Kuerzfilm
Starfly
geschriwwen, deen um
Festival international du court-metrage de Clermont-Ferrand
de Prais fir dei bescht Musek krut.
[2]
Zenterhier schreift den Andre Dziezuk, ufanks zum Deel zesumme mam Marc Mergen, d'Musek vun enger ganzer Retsch Filmer, vun deenen dei meescht zu Letzebuerg koproduzeiert goufen.
[3]
2012 gouf hie mam
Letzebuerger Filmprais
fir dei bescht kenschtleresch Realisatioun (
ex aequo
mam
Maisy Hausemer
a
Paul Scheuer
) ausgezeechent.
Bei der
7. Editioun vum Letzebuerger Filmprais
war hien an der Kategorie "Bescht kenschtleresch Kontributioun" glaich veier Mol nomineiert, an dat fir seng Musek fir d'Filmer
Eng nei Zait
,
Oorlogsgeheimen
,
Black Harvest
a
Colonia
.
[4]
2021, beim
9. Letzebuerger Filmprais
, krut hien de Prais fir dei bescht Musek fir
Tel Aviv on Fire
. 2023, bei
deem dono
, war et seng Musek fir
Icare
, dei em dee Prais abruecht huet.
- ↑
"Le compositeur fait son cinema." l'Est Republicain du 25 janvier 2015.
- ↑
"Biographie"
op andredziezuk.com (gekuckt 2015-11-07).
- ↑
"Filmographie"
op andredziezuk.com (gekuckt 2015-11-07).
- ↑
cineuropa.org:
Luxembourg's D'Filmakademie unveils nominations for its biennial awards
(16. Dezember 2015)