한국   대만   중국   일본 
Alphonse Laveran ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Alphonse Laveran

Vu Wikipedia
Alphonse Laveran
Gebuer 18. Juni 1845
Parais
Gestuerwen 18. Mee 1922
Parais
Nationaliteit Frankraich
Educatioun Lycee Louis-le-Grand
Aktiviteit Botaniker, Fuerscher
Member vun Royal Society , Academie des sciences, Academie nationale de medecine

De Charles Louis Alphonse Laveran , gebuer den 18. Juni 1845 zu Parais , an och do den 18. Mee 1922 gestuerwen, war e franseische Medezinner.

De Laveran huet sech, no senger Zait als Militardokter, mat der Tropekrankheet Malaria an hiren Agent-declencheure beschaftegt. An Algerien konnt hien 1880 fir d'eischt Keier am Blutt vu Patienten d'Erreeger isoleieren a beschreiwen.

Speiderhin huet hie mat villen anere Fuerscher iwwer aner Krankheetserreeger gefuerscht, virun allem iwwer Trypanosomen : fir d'eischt iwwer dei vun Deieren, dono och iwwer dei, dei Krankheete beim Mensch ausleisen, wei d' Nagana -, d' Surra - a virun allem och d' Schlofkrankheet .

Hie krut 1907 den Nobelprais fir Physiologie oder Medezin fir seng Aarbecht unz'erkennen "iwwer d'Roll, dei Eenzeller ( Protozoen ) als Krankheetserreeger spillen."

Wierk [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Charles Louis Alphonse Laveran ? Biller, Videoen oder Audiodateien