Albert Soboul
|
---|
Pseudonym
|
Pierre Derocles, Jules Leverrier
|
---|
Gebuer
|
27. Abrell
1914
|
---|
Gestuerwen
|
11. September
1982
Nimes
|
---|
Nationaliteit
|
Frankraich
|
---|
Educatioun
|
Universiteit vu Parais,
Lycee Henri IV
|
---|
Aktiviteit
|
Historiker, RIF- Resistenzler
|
---|
Partei
|
PCF
|
---|
Member vun
|
Akademie der Wissenschaften der DDR, Ungaresch Wessenschaftsakdemie
|
---|
|
Den
Albert Marius Soboul
, gebuer de
27. Abrell
1914
zu
Ammi Moussa
(
Oran
), gestuerwen den
11. September
1982
zu
Nimes
, war e
franseischen
Historiker
, dee sech op d'Period vun der
Franseischer Revolutioun
an den
Napoleon
spezialiseiert hat.
De Soboul, dee bei
Oran
op d'Welt koum, huet sai Papp am
November
1914
am
Eischte Weltkrich
verluer. Zesumme mat senger mei aler Schwester Gisele huet hien an enger eischter Zait an
Algerie
gewunnt. Nom Doud vu senger Mamm am Joer
1922
sinn d'Geseschter op
Nimes
bei hir Tatta Marie komm. Hien huet sai Secondaire am Lycee vun Nimes ugefaangen, an ass duerno op
Parais
an de
Lycee Louis-le-Grand
gaangen. Sain Universiteitsstudium huet hien op der
Sorbonne
gemaach.
1936
huet hien enner dem
Pseudonym
Pierre Derocles
e Wierk iwwer de Revolutionar
Saint-Just
erausbruecht. Nodeem hie schonn eng Zait u
kommunisteschen
Aktioune bedeelegt war, ass hien
1939
der franseischer kommunistescher Partei baigetrueden. Am selwechte Joer gouf hien zum Militardengscht geruff, a war bei der Artillerie. Hien huet awer selwer ni e Kampf bis zu senger Demobilisatioun
1940
gesinn. Hie gouf Professer am Lycee vu
Montpellier
, wou hien awer am
Juli
1942
seng Saachen huet missen zesummepaken, nodeem hien eng Studentemanifestatioun organiseiert hat. D'Haaptkrichsjoren huet hie mat Recherche fir de
Musee national des Arts et Traditions Populaires
verbruecht.
No der
Liberation
1944
krut de Soboul seng Plaz zu Montpellier nees zereck, ier hien an de Lyceee Marcelin-Berthelot an
Henri-IV
Schoul gehalen huet. De Soboul huet Frendschaft mam Historiker
Georges Lefebvre
geschloss, an enner deem senger Leedung seng Thees iwwer
Les sans-culottes parisiens en l'an II
am Joer
1958
prepareiert. De Soboul gouf op d'
Universiteit vu
Clermont-Ferrand
geruff, a krut
1967
de Setz vun der Revolutiounsgeschicht op der Sorbonne.
An de weidere 15 Joer huet hie vill historesch Wierker erausbruecht, dorenner
La Civilisation de la Revolution francaise
. Vun
1970
-
80
huet hie sech misse geint d'Oppositioun vun der "
Ecole revisionniste
" ronderem de
Francois Furet
an den
Denis Richet
duerchsetzen. Zanter sengem Doud zu
Nimes
am Joer
1982
huet sai Ruff e besse gelidden. Seng Wierker, dei an engem klore Stil geschriwwe sinn, zielen awer weiderhin als wichteg Kontributioun zu der Etud vun der Geschicht "vun ennen erop".
De Soboul lait um
Pere Lachaise-Kierfecht
begruewen, net wait ewech vun de Griewer vun den Haaptcheffe vun der kommunistescher Partei an der
Mauer vun de Federeierten
, wou dei lescht
Kommunarden
am
Mee
1871
erschoss gi waren.
- L'Armee nationale sous la Revolution
, Editions France d'abord, 1945.
- Les Sans-culottes parisiens en l'an II. Mouvement populaire et gouvernement revolutionnaire (1793-1794)
, La Roche-sur-Yon 1958.
- La Revolution francaise. 1789-1799
, Editions sociales, 1948.
- Histoire de la Revolution francaise
, Editions sociales, 1962.
- La Civilisation de la Revolution francaise
, Arthaud, 1970.