3. Arrondissement vu Parais

Vu Wikipedia
3. Arrondissement vu Parais
Quartieren Arts-et-Metiers,
Enfants-Rouges,
Archives,
Sainte-Avoye
Buergermeeschter Pierre Aidenbaum
Awunner 32.793
Flach 1,17 km²
Postcode 75003
INSEE-Code 75103
Koordinaten 48°51'50,50"N, 2°21'41,51"O


Den 3. Arrondissement ( (fr) och nach Arrondissement du Temple ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Parais . Et ass zum greissten Deel eng Wunngeigend am Nordoste vum Stadkar, dei sech haaptsachlech am 13. a 14. Joerhonnert enner dem Charles V. entweckelt huet. Dei eelst erhale Wunnhaiser stamen awer aus dem 16. Joerhonnert .

E groussen Deel vum Arrondissement besteet aus dem sougenannte Marais .

Geographesch Lag [ anneren | Quelltext anneren ]

Den 3. Arrondissement lait um rietsen Uwanner vun der Seine , gett awer komplett vun aneren Arrondissementer emkreest. Am Norde grenzt en un den 10. , am Osten un den 11. , am Suden un de 4. , an am Westen un den 1. an 2. Arrondissement .

Den Numm vum Arrondissement geet zereck op den Templeruerden , deem seng Bauwierker awer zersteiert goufen.

Quartieren [ anneren | Quelltext anneren ]

Wei all Paraisser Arrondissement ass en a veier administrativ Quartieren ennerdeelt:

  • 9. Quartier des Arts-et-Metiers
  • 10. Quartier des Enfants-Rouges
  • 11. Quartier des Archives
  • 12. Quartier Sainte-Avoye

Biller [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckeswaertes [ anneren | Quelltext anneren ]

Kleng Auswiel:

  • Hotel Sale (1656) mam Musee Picasso
  • Conservatoire des arts et metiers mat engem Musee an der freierer Abtei Saint-Martin-des-Champs
  • Hotel de Carnavalet (1548?1560), mam Musee de l'histoire de Paris
  • Hotel Donon (16. bis 18. Joerhonnert), mam Musee Cognacq-Jay (Konschtwierker aus dem 18. Joerhonnert)
  • Hotels der Place des Vosges (1605?1612) mam Victor Hugo sengem Wunnhaus (Musee)
  • Hotel de Sully (1624?1630), mam Centre des monuments nationaux
  • Hotel de Saint-Aignan (1644?1650), mam Musee d'art et d'histoire du judaisme
  • Hotel Guenegaud (1648?1651?), mam Musee de la chasse et de la nature
  • Hotel Liberal Bruant (1685), mat enger Konschtgalerie
  • Hotel de Saint-Fargeau (1686), geheiert zum Musee vun der Paraisser Stadgeschicht
  • Hotel de Soubise (1705?1709), mam Nationalarchiv a mam Musee de l'histoire de France
  • Hotel de Rohan-Strasbourg (1708)
  • Hotel d'Hallevyl (Uganks vum 18. Joerhonnert)
  • Hotel Duret de Chevry, mat dem Deutsche Historische Institut

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: 3. Arrondissement vu Parais ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]