D'
Kinnekraich Schweden
(schwed.:
Konungariket Sverige
) ass eng
konstitutionell Monarchie
an
Nordeuropa
. D'Land grenzt am Westen un
Norwegen
an am Nordosten u
Finnland
. Zu Schweden geheieren och d'
Insele
Gotland
an
Oland
.
Iwwer d'
Oresund-Breck
, am Sudweste vum Land, ass d'
skandinavesch
Hallefinsel mat
Danemark
verbonnen. D'
Haaptstad
vu Schweden ass
Stockholm
.
De
Klima
a Sud- a Mettelschweden weinst der Erwaermung duerch de
Golfstroum
relativ tempereiert. D'
Temperaturen
an Nordschweden sinn dogeint subarktesch. Nerdlech vum
Polarkrees
geet d'
Sonn
am
Summer
net enner, dofir ass et an de
Wanterm
eint dann och 24 Stonne laang daischter.
Estlech vu Schweden mecht d'
Ostmier
d'natierlech Grenz an do leien och dei meescht vun deene ongefeier 221.800 schweedeschen Inselen. Dei zwou greisst si
Gotland
(zirka 3000 km²) an
Oland
(zirka 1300 km²). Am Weste gett d'Land duerch de
Biergmassiv
Skanden
, vun
Norwegen
getrennt. Den hechste Bierg, de
Kebnekaise
, ass mat sengen 2.111 m glaichzaiteg och den hechsten am Land. Schweden huet 28 Nationalparken. Dei flachemeisseg greissten dovu leien am Nordwesten.
Weinst besserem Buedem a Klima konzentreiert sech den
Akerbau
eischter a Sudschweden. Wat ee mei nerdlech kennt, wat d'
Bescher
(virun allem
Nolholzbescher
) mei dicht a mei grouss ginn.
Schweden, e grousst Land, huet eng verhaltnesmeisseg kleng Populatioun. Iwwer d'Hallschent vun de Schwede liewen op 3 % vum totale Staatsareal an dei mei urban an dicht bevelkert Streech konzentreiere sech haaptsachlech am Suden.
Waren et an den 1950er a 60er Joren eischter Immigranten op Sich no enger Aarbecht, sou fannen haut och vill politesch Fluchtlingen eng nei Heemecht a Schweden. Eng 6,7 % vun der Bevelkerung sinn Auslanner, dei meescht dovu
Finnen
(zirka 100 000). Aner greisser Gruppen Auslanner kommen aus
Jugoslawien
,
Polen
, dem
Irak
an och aus
Daitschland
.
Sami
,
Roma
,
Sinti
,
Judden
an dei finnesch
Tornedale
sinn offiziell unerkannte schweedesch Minoriteiten. D'Geschicht vun der finnescher Minoriteit vun den Tornedalen ass dei vun enger muttwelleger Siidlungspolitik tescht
Russland
a Schweden am
19. Joerhonnert
. D'Tornedale liewen haaptsachlech an Nordschweden a schwatzen e ganz speziellen alfinneschen Dialekt dee sech staark vum moderne
Finnesch
ennerscheet. Tornedale sinn net mat deene Finnen ze verwiesselen dei ereischt a leschter Zait immigreiert sinn.
Ronn 17.000 Samie liewen a Schweden. Obwuel greisstendeels assimileiert, gi samesch Kultur an Traditiounen hautdesdaags nees erem mei bewosst gefleegt a gelieft.
Offiziell hat Schwede bis 2009 keng offiziell
Sprooch
.
Schweedesch
war
de facto
dei Sprooch, dei historesch do entstanen a gewuess ass an am Alldag och als dominant Landessprooch fungeiert huet. Sait dem
1. Juli
2009
ass
de jure
festgeluecht ginn, datt Schweedesch dei offiziell Sprooch vu Schweden ass. Schweedesch geheiert zu der
nordgermanescher
Sproochefamill a glaicht deenen anere skandinavesche Sproochen.
Finnesch
,
Meankieli
,
Jiddesch
,
Romani
a
Samesch
sinn offiziell unerkannte Minoriteitesproochen.
Den
1. Januar
2000
huet Schweden dei offiziell
lutheresch-evangeelesch
Staatskierch ofgeschaaft. All d'Konfessiounen a
Relioune
sinn zanterhier vu staatlecher Sait aus glaichgestallt.
Obschonn net mei Staatskierch, bleiwen d'
Protestanten
an der Majoriteit. Eng 82 % vun de Schwede sinn no lutheresch-evangeeleschem Glawe gedeeft (Stand 2003). Wei a villen anere westeuropaesche Lanner och ass awer d'Zuel vun deenen dei hire Glawe praktizeiere bedeitend mei kleng wei dat wat um Pabeier steet.
Dei zweetgreisst relieis Grupp ass dee vun de
Moslemen
(250.000 - 300.000). Aner greisser Communauteite sinn
d'Kathoulesch Kierch
(zirka 150.000),
d'Syresch Orthodox Kierch
(zirka 29.000) an
d'jiddesch Communauteit
(zirka 10.000).
Dei eelst Relikter dei um Territoire vum haitege Schwede fonnt goufe, sinn aus der Steenzait. Schreftlech ernimmt ginn d'Schweden dei eischt Keier am
1. Joerhonnert
vum
reimeschen
Historiker
Tacitus
. D'
Suionen
, wei hie se genannt huet, waren e Stamm am estleche Schweden deen haaptsachlech an der Geigend vum
Sei
Malaren
a vun de Stied
Stockholm
a
Sigtuna
doheem war (
Svealand
). Den Numm Schweden geet op dee Stamm zereck.
Am
nengten
an
zengte
Joerhonnert, der Zait vun de
Wikinger
, ennerhuele schweedesch Wikinger Expeditiounen a Richtung Ost- a Sudosteuropa. Et gett gehandelt a geraibert, deelweis sech awer och niddergelooss. Sou geet zum Beispill d'Grennung vu
Kiew
op Schweedesch Wikinger zereck. D'Wikinger hannerloossen hir Spueren an de
baltesche Lanner
,
Russland
an dem
Schwaarze Mier
. Iwwer dei russesch
Fless
packe se et bis op
Konstantinopel
.
Parallel zur
Christianiseierung
am
12. Joerhonnert
, wiisst och d'Muecht vum Kinnekshaus. D'Kinnekraich gett reorganiseiert an d'Land expandeiert no alle Saiten hin. Nei Territoire wei d'
Osterland
, dat haitegt
Finnland
, tescht
1362
an
1809
en Deel vu Schweden, ginn entweeder eruewert oder, wei d'
Gotaland
am Westen, mat Kontrakter un d'Kroun gebonnen.
1389
ginn dei drai Lanner Norwegen, Danemark a Schweden enner danescher Kroun am Kader vun der
Kalmarer Unioun
vereent. Am Laf vum
15. Joerhonnert
gett d'Resistenz geint d'Unioun awer emmer mei staark a
1523
gett Schweden zu gudder Lescht nees en onofhangegt Kinnekraich. Kinnek gett de Gustav Eriksson Vasa, dee sech duerno
Gustav I. vu Schweden
genannt huet. An der Regierungsperiod vum Gustav I. gett Schweden protestantesch an duerch d'Grennung vum
Riksdag
, dem schweedesche Parlament, gett d'
Bourgeoisie
mei staark an d'Decisioune vum Staat integreiert.
De Kinnek Gustav Vasa I. vu Schweden
Enner der Vasa-Dynastie klemmt Schweden am
17. Joerhonnert
zu enger europaescher Groussmuecht op. De Kinnek
Gustav II. Adolf
graift mat Succes tescht
1612
an
1632
op Sait vun de Protestanten an den
Dressegjarege Krich
an. Nom
Westfalesche Fridden
(
1648
) ass Schweden, zesumme mat
Frankraich
, eng vun den zwou Groussmuechten dei als Garant fir de Fridden an Europa antrieden. D'Kinnekraich Schwede beherrscht an deser Period den Handel am ganzen Ostmiergebitt, Deeler vu Finnland, dem Baltikum an ass duerch de Besetz vu
Vorpommern
Raichsstand vum
Hellege Reimesche Raich vun Daitscher Natioun
. An den nachsten zwee Joerhonnerte sollt Schweden awer emmer mei an d'Defensiv geroden. De
Schweedesch-russesche Krich
(
1808
-
1809
), dee mat enger Nidderlag vu Schweden an dem Verloscht vu Finnland op en Enn geet, ass de Schlusspunkt vun de schweedeschen Ambitiounen als Groussmuecht.
Nodeem de
Karl XIII.
keng Kanner huet, gett de franseische
Marechal Jean Baptiste Bernadotte
adopteiert an
1810
als Trounierwen designeiert. Enner dem Numm
Karl XIV. Johann
gett de Bernadotte
1818
Kinnek vu Schweden an Norwegen (Norwegen war
1814
no engem Krich geint Danemark u Schweden ofgi ginn).
1866
gett d'Land e konstitutionelle Rechtsstat, ma d'Personalunioun tescht Schweden an Norwegen huet nach bis
1905
bestanen.
Warend dem
Eischten
an
Zweete Weltkrich
bleift Schweden
neutral
, spillt awer eng wichteg Roll als Asylland fir politesch Fluchtlingen.
1973
ginn d'Schwede sech eng nei
Constitutioun
an
1995
triede se der
Europaescher Unioun
bai. Eng Majoriteit vu 56 % stemmt
2003
an engem Referendum geint d'Afeierung vum
Euro
. De
7. Maerz
2024
gouf Schwede Member vun der
NATO
.
D'schweedescht Parlament, de
Riksdag
Schweden ass eng
konstitutionell Monarchie
. De
Carl XVI. Gustav
, zanter
1973
Kinnek vu Schweden, huet haaptsachlech eng zeremoniell a representativ Funktioun an ass ouni wierklech politesch Muecht. D'schweedescht Parlament, de
Riksdag
, besteet aus enger Kummer, huet 349 Deputeierten a gett all veier Joer op en Neits gewielt. D'Parlament designeiert de Premierminister deen dann d'Ministere vu senger Regierung ernennt.
D'Parlamentswale vun 2006 goufe vun der moderat rietser Koalitioun Allianz fir Schweden (
Allians for Sverige
) gewonnen. D'Koalitioun aus veier Parteie konnt fir d'eischt Keier zanter der Afeierung vum allgemenge Walrecht d'Dominanz vun de Sozialdemokrate briechen. D'
Sveriges socialdemokratiska arbetareparti
bleift awer mat 34,99 % dei greisst Partei am Parlament. Neie Premier ass den
Fredrik Reinfeldt
vun der
Moderata samlingspartiet
.
Schweden ass Member vun der
Europaescher Unioun
, de
Vereente Natiounen
, der
OECD
an dem
Nordesche Rot
an ass zanter dem
Ugreffskrich op d'Ukrain
net mei
neutral
a gouf de 7. Maerz 2024 NATO-Member.
Traditionell gett Schweden an drai Groussregiounen (schwed.:
landsdelar
) agedeelt:
Gotaland
,
Svealand
an
Norrland
. Dat haitegt
Finnland
war bis
1809
dei veiert Regioun, d'
Osterland
. D'Regioune waren nach eng Keier an 25
landskap
ennerdeelt.
1634
gouf d'Administratioun vum deemolege Kanzler
Axel Oxenstierna
reformeiert an zanter deem besteet Schweden aus 21 Verwaltungseenheeten, de
Lan
, an 290 Gemengen.
Schweden war eent vun de Pioneierlanner an den Ufankszaite vum
Film
. International bekannte Perseinlechkeete sinn de
Mauritz Stiller
, de
Victor Sjostrom
, den
Ingmar Bergman
a
Schauspillerinne
wei d'
Greta Garbo
, d'
Ingrid Bergman
an d'
Anita Ekberg
.
D'Land huet eng ganz Retsch international bekannte
Schreftsteller
. Enner hinne sinn Nimm wei
Emanuel Swedenborg
,
August Strindberg
an
Astrid Lindgreen
.
Schweden ass international fir seng Popmusek bekannt an huet den
Eurovision Song Contest
veiermol gewonnen.
ABBA
ass dobai scho bal zu sou eppes wei engem
Synonym
fir schweedesche Pop avanceiert. Ma och mei rezent Gruppe wei
Soundtrack of our lives
,
Mando Diao
an
The Hives
hunn internationale Succes. Och bekannt ass Schwede fir seng Metalgruppen, wei:
Hammerfall
,
In Flames
,
Dark Tranquility
,
Hypocrisy
,
Deathstars
,
Sabaton
,
Amon Amarth
an nach vill mei.
Schweden war
1958
op der
Foussball-Weltmeeschterschaft
am eegene Land an der Finall geint
Brasilien
.
Zu
Stockholm
ginn all Joer veier vun de fennef
Nobelpraisser
verdeelt.
D'Industrialiseierung huet a Schweden laang op sech waarde gelooss a bis d'speit
19. Joerhonnert
war d'Land eng batteraarm Agrarnatioun. D'Industrie ass nom Zweete Weltkrich dunn awer schetzeg gewuess a Schweden zu engem Land mat enger heich kompetitiver
Ekonomie
a gudder Liewensqualiteit ginn.
Den
Akerbau
mecht haut nemmen nach 2 % vum BIP aus a mettlerweil ass och de sekundare Secteur (28 %) reckleefeg. De Gros vum BIP (70 %) kennt iwwer den tertiare Secteur, den Handel an d'Servicer, eran.
Schweden ass raich un natierleche Ressourcen. Dei wichtegst si
Bescher
,
Waasserkraaft
an
Eisenaerz
.
Zu de weltwait bekannte schweedesche Betriber geheieren enner anerem Electrolux, Ericsson, Hennes & Mauritz, IKEA, SAAB, Scania, Securitas, Tele2, Tetra Pak a
Volvo
.
|
---|
Aktuell Memberen
| |
---|
Freier Memberen
| |
---|
Memberstaate vun der
NATO
|
---|
|
- ↑
Quell:
scb.se (Mee 2007)