Den
Orca
(
Orcinus orca
), och alt
Schwaertwal
genannt, ass eng
Wal
aart
aus der
Famill
vun den
Delfinen
(Delphinidae). Si kennt op der ganzer Wlet vir, wann s'och Gewasser laanscht d'Kusten, eischter an de mei heije Breedegraden, de Virzock gett.
Orcae si sozial Deieren, dei eng komplex Populatiounsstruktur opfweises hunn. Si si generalistesch
Fleeschfresser
, dei virun allem Fesch, Mamendeieren aus dem Mier, wei z. B.
Robben
a geleeentlech och aner Waler joen a friessen.
Den Orca ass dei greisst Aart vu Walen. D'Mannche gi bis bis 9,8 m laang, d'Kei (d'Weibercher) hechstens 8,5 m. Se brengen et op e Gewiicht bis op 6,6 t. Si hunn eng opfalleg, bis zu 1,8 m heich draieckeg Reckefloss (dohier den Numm
Schwaertwal
). D'paddelfermeg
Flipperen
gi bei de Mannercher ronn 2 m laang, bei de Weibercher 1,5 m. D'Schwanzfloss gett bis zu bis zu 2,8 m breet an ass hanne konkav.
Charakteristesch ass hir kontrasteiert schwaarz-waiss Fierwung. De Reck ass schwaarz, iwwerdeems de Bauch an e Fleck hannert den Ae waiss ass.
D'Faarverdeelung varieiert no Ekotyp.
Als Jeeer hu si e kraftegt Gegeck, mat op all Kifer-Hallschecht 10?14 koneschen Zann vun 2,5?5 cm Duerchmiesser, am Ganze sinn et der 40?56.
Den Orca kennt an alle Mierer vun der Welt vir, ma ass eischter seelen an den tropesche Breeten. Dei greisst Populatioune sinn am Nordpazifik, Nordatlantik an an de Polarmierer ze fannen. Dei meescht liewen e groussen Deel vun der Zait no bei de Kusten. Am Atlantik ronderem Europa kennt d'Aart virun allem an Norwege vir. Et gett se och ronderem
Gronland
,
Island
,
Jan Mayen
, d'
Faroer
, d'
Biereninsel
,
Franz-Josef-Land
,
Spitzbergen
,
Nowaja Semlja
, d'
Brittesch Inselen
am nerdlechen
Nordmier
. Am sudlechen Nordmier, wei viru Schweden, Danemark, Daitschland oder Holland ass den Orca eischter sielen, grad esou wei am
Baltesche Mier
oder am
Aermelkanal
. Just heiansdo gett dat eent oder anert Exemplar am
Mettelmier
observeiert, dat aus dem Atlantik dohigeschwommen ass,
Am Zock vun der
globaler Erwiermung
an domat verbonnen dem Reckgang vum Ais ginn Orcaen emmer mei dacks an
arktesche
Regiounen observeiert, wou se e Friesskonkurrent zum
Aisbier
kenne ginn.
Bis ewell goufen 10 sougenannt Ekotypen identifizeiert: Fennef op der Nord- a fennef op der Sudhallefkugel. Des ennerscheede sech vun eneen duerch hiert soziaalt Behuelen, hir Friess- a Juegdgewunnechten an och zum Deel duerch hiert Ausgesinn.
0
0
Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.
|