De
Jerome Savary
, gebuer de
27. Juni
1942
zu
Buenos Aires
a gestuerwen de
4. Maerz
2013
zu
Levallois-Perret
, war e franseischen Theaterregisseur,
Theater- an Operenintendant
,
Schauspiller
Musikant an Auteur.
Hien huet ufanks zu New York als Jazztrompetist gelieft, huet du sai Militardengscht an Argentinie gemaach (sai Papp war Argentinier) a goung dann op Parais. Do huet en als
Comic
-Zeechner, Auteur vu Fotoromaner a Chauffer (e. a. vum
Charlie Parker
senger Wittfra) geschafft.
1965 huet en d'
Compagnie Jerome Savary
gegrennt, aus dar sech
Le Grand Magic Circus
a mei speit
Le Grand Magic Circus et ses animaux Tristes
entweckelt huet. Mat dar Trupp, dei hiren eegene Stil hat - eng Meschung aus Zirkus, Variete, Burlesk-Theater an Oper - gouf en inernational bekannt.
Vun 1982 bis 1986 war de Savary Direkter vum
Centre Dramatique National du Languedoc-Roussillon
, duerno bis 1988 vum Carrefour Europeen du Theatre du 8
e
zu
Lyon
; vun 1988 bis 2000 vum
Theatre national de Chaillot
an da bis 2007 Intendant vun der Paraisser
Opera-Comique
.
Als Regisseur huet hien eng wait Pallett vu Stecker inszeneiert, vu Schauspill, Oper, Operett bis Musical; vum Moliere sengem
Bourgeois gentilhomme
iwwer dem Verdi sai
Rigoletto
, dem Offenbach seng
La Perichole
an dem Lehar seng
Lustiger Witwe
bis zum Monnot sengem Musical
Irma la Douce
. Am Ganzen huet hien iwwer 300 Stecker op d'Bun bruecht.
- Jerome Savary:
Album du Grand Magic Circus
. Pierre Belfond, Paris 1974.
- Jerome Savary:
Ein ganz gewohnlicher Magier
. Ins Deutsche ubertragen von Widulind Clerc-Erle. Herbig, Munchen/Berlin 1986,
ISBN 3-7766-1423-4
.
- Jerome Savary:
Dictionnaire amoureux du Spectacle
. Editions Plon, Paris 2004,
ISBN 2-259-19898-8
.