D'
Gare Montparnasse
zu
Parais
ass eng vun de siwen
Haaptgaren
an der
franseischer
Haaptstad.
Si gouf den
10. September
1840
als
Gare de l'Ouest
ageweit a war zanterhier den Ausgangspunkt vun Zich a Richtung
Bretagne
a fir laanscht d'
atlantesch
Kust.
D'Gare de Montparnasse gouf um lenksen Uwanner vun der
Seine
gebaut fir all d'Zich dei aus der
Bretagne
an aus der
Aquitaine
koumen. Si huet zanter der Ufankszait als Alternativ fir d'
Gare d'Austerlitz
gedengt. Haut ass se den Ausgankspunkt vum
TGV
Atlantique
.
Dei eischt Gare, deemools
Gare de l'Ouest - Rive gauche
genannt, goung 1840 a Betrib a stoung op dar Plaz wou elo den
Tour Montparnasse
steet.
Schonn 1852 gouf eng nei, mei grouss Gare op der selwechter Plaz gebaut. Dei al Gare huet dee staarken Trafic net mei gepackt.
Dat bekanntst Evenement an der Gare Montparnasse war d'Zuchaccident vum 22. Oktober 1895. Eng
Damplokomotiv
mat futtisse Bremsen huet dei hennescht Mauer vun der
Kappgare
duerchschloen an ass laanscht enger 10 Meter heijer Mauer hanke bliwwen.
An den 1930-er Jore gouf d'Gare nach eng Keier vergreissert duerch en Ubau, genannt
Gare du Maine
, fir d'Zich vun de
grandes lignes
.
An den 1960-er Jore gouf dei aktuell Gare ronn 400 Meter mei wait zereck gebaut an um Terrain vun der aler Gare ass e Buros- a Geschaftszenter entstanen, mat dem 209 Meter heijen Tour Montparnasse.
1990 gett Gare nach eng Keier emgebaut duerch d'Afeierung vum TGV Atlantique.
An der Gare gett et 28 Gleiser mat Quai.
Mat den
TGVen
an der
LGV Sud-Ouest
si vill Zich vun der Gare d'Austerlitz an d'Gare Montparnasse geplennert. Montparnasse ass haut dei eenzeg Gare vun dar TGVen an de Sud-Weste vu Frankraich fortfueren. Am Geigenzuch, fueren haut keng
Lunea
mei vun Montparnasse fort.