한국   대만   중국   일본 
Carlo Hemmer ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Carlo Hemmer

Vu Wikipedia
Carlo Hemmer
Gebuer 26. Juni 1913
Kaiserslautern
Gestuerwen 11. November 1988
Ettelbreck
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Ekonomist
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal

De Carlo Hemmer , gebuer de 26. Juni 1913 zu Kaiserslautern , a gestuerwen den 11. November 1988 zu Ettelbreck , war e letzebuergeschen Ekonomist , Editeur an Auteur .

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

De Carlo Hemmer goung zu Ettelbreck an d'Primarschoul, zu Dikrech an de Lycee an an der Stad Letzebuerg an d'Industrie- an Handelsschoul . 1932-1934 huet en op der Hautes etudes commerciales zu Parais studeiert, a vun 1934-1936 op der Handelshochschule zu Leipzig , wou e sai Studium mat engem Doktorat ofgeschloss huet.

Carlo-Hemmer-Monument zu Ettelbreck [1]

Tescht 1936 an 1940 huet hien als Attache am Landwirtschaftsministere seng eischt berufflech Erfarunge gesammelt. Am Krich gouf hien 1941 fir d'eischt als Gerant vun engem Mellechsyndikat op Ettelbreck versat, kuerz duerno awer nees entlooss, well en de politesche Virstellunge vun den Nazien net entsprach huet. Bis 1944 huet en zu Munchen am juristeschen Dengscht vun enger Baufirma geschafft.

Vun 1944 bis 1958 war de Carlo Hemmer Generalsekretar vun der Letzebuerger Industrielle-Vereenegung FEDIL . Den 1. Januar 1954 koum dei eischt Nummer vun der Wochenzeitung D'Letzeburger Land eraus, dei vun him gegrennt ginn ass.

1958 ass e fir e puer Joer op Breissel gewiesselt, wou en an der Europaescher Kommissioun Direkter an der Verwaltung vun der Generaldirektioun Industrie gouf. Ma geschwenn duerno koum hien nees hannescht op Letzebuerg, wou en 1962 Direkter vun der Chambre de commerce als Nofollger vum Paul Weber gouf (hien ass dat bis zu senger Pensioun 1974 bliwwen), vun 1963 un President vum Office luxembourgeois pour l'acroissement de la productivite (OLAP) gouf (bis 1988), an och nach President vun de Letzebuerger Jugendherberge gouf (1960 bis 1984).

Seng beandrockend Lescht vun Amter goung virun: 1970 bis 1986 war hie Member vum Europaesche Wirtschafts- a Sozialcomite , vun 1973 bis 1985 Member vum Verwaltungsrot vum CFL , 1976 bis 1988 President vum Conseil superieur de l'amenagement du territoire , 1977 bis 1988 President vun der Letzebuerger Bourse an 1978 bis 1985 Member vum Verwaltungsrot vun der Banque generale du Luxembourg .

Do donieft war en nach tescht 1978 an 1983 President vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal . [2]

Hie war och Auteur vun enger ganzer Retsch Publikatiounen, dei sou ennerschiddlech Theeme wei Ekonomie, Demographie, Europapolitik, Wander- a Reesreportagen, Lannerbeschreiwungen, Noriff asw. emfaassen.

De Carlo Hemmer ass 1988 am Alter vu 75 Joer gestuerwen. Hie gouf um Ettelbrecker Kierfecht begruewen an op sengem Grafstee steet: "CARLO / HEMMER / 1913 - 1988 / DAUSEND WEE BAS DE / GAANGEN, IWERALL / WARS DU DOHEEM... / EWELL HUES DU DEE / FRIDDE FOND, / DEEN NEIRENS SOSS / ZE FANNEN ASS †††".

D'Gemeng Ettelbreck, wou hie gewunnt huet, huet him ee Gedenkstee gesat. Seng 1986 gegrennte Fondatioun Letzebuerger Jugendherbergen ass dunn a Fondatioun Carlo Hemmer embenannt ginn.

Bibliographie (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Hemmer, Carlo, 1948. L'economie du Grand-Duche de Luxembourg. Premiere Partie: Les conditions sociales. La production primaire . Editions Beffort, Luxembourg.
  • Hemmer, Carlo, 1953. L'economie du Grand-Duche de Luxembourg. Deuxieme Partie: La production secondaire: L'industrie siderurgique . Editions Beffort, Luxembourg.
  • Hemmer, Carlo, 1964. Wanderer am Athos , 90 S.
  • Hemmer, Carlo, 1966. Ultima Thule. Wanderungen im Lappland , 88 S.
  • Hemmer, Carlo, 1966. Turkischer Reisebericht , 92 S.
  • Hemmer, Carlo, 1974. Besinnlich-kritisches Luxemburger Wanderbuch (mit Photographien von Marcel Schroeder und Vignetten nach Lithographien, Stichen und zeichnungen aus romantischer Zeit). Dreckerei Bourg-Bourger, Letzebuerg, 224 S.
  • Hemmer, Carlo, 1981. Anekdotische Reise durch Luxemburg (mit Zeichnungen von Alphonse Deloos ). Verlag der Luxemburger Jugendherbergszentrale, Luxemburg. Druckerei Joseph Beffort, Luxemburg, 146 S.
  • Hemmer, Carlo, & Marcel Schroeder , 1967. Images du Luxembourg. Bilder aus Luxemburg. Pictures from Luxembourg. 4e ed. Impr. Bourg-Bourger, Luxembourg, 103 S. [Vun desem Buch gouf et 5 Oploe: 1960, 1963, 1965, 1967 an 1972.]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Gillen, Roger, Lex Jacoby , Edouard Nicolay, Adrien Ries , Hugues Schaffner, Jeanny Zuang, [Carlo Hemmer], 1991. Carlo Hemmer: sai Liewe, sai Wierk. Sein Leben, sein Werk. Sa vie, son oeuvre. Impr. Saint-Paul, Luxembourg, 297 p.
  • Goetzinger, G. & C.D. Conter, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de litterature Mersch, 687 S. [Carlo Hemmer: S. 252-253]. [3]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. D'Carlo-Hemmer-Monument steet virun der Marie-Therese-Plaz zu Ettelbreck, un dar dem Carlo Hemmer sain Haus no hannen ugegrenzt huet, an op dar hie reegelmeisseg Sport gedriwwen huet, virun allem Basketball.
  2. www.igd-smp.lu (gelies den 23. Juli 2012)
  3. Kuck dozou: Rosch Krieps: Luxemburgs vergessene Autoren (2). Letzebuerger Journal 2010, Nr. 7 (12. Januar), S. 23. [1]