Spuenien
(sp.: Espana)
ass e Staat an
Europa
op der ibeerescher Hallefinsel. D'Haaptstad vu Spuenien ass
Madrid
.
??Haaptartikel zu desem Theema:
Geschicht vu Spuenien
Em
1.100 v. Chr.
hunn d'Phonizier verschidden Handelsneierloossungen op der Kust gegrennt. Ab
200 v. Chr.
ass d'Land un d'Reimer gaangen, dei et 600 Joer laang an hirem Besetz haten.
Am Joer
711
koumen d'Araber iwwer Gibraltar an d'Land. No nemmen zwee Joer hate si bal dei ganz
ibeeresch Hallefinsel
eruewert, ausser Asturien, dat sech erfollegraich verdeegegt hat. Spuenien huet zu der Zait nach
Al-Andalus
geheescht.
756
gouf d'Emirat vu Cordoba gegrennt.
Vun
1087
bis
1563
war
Toledo
d'Haaptstad vu Spuenien.
Ereischt
1492
ass dei vollstanneg chreschtlech Zereckeruewerung d'
Reconquista
gelongen. Domat huet och d'Verdreiwung vun de
Moslemen
an de
Judden
ugefaangen.
Dat selwecht Joer huet de
Christoph Kolumbus
Amerika entdeckt an domat den Ufank fir spuenesch Virherrschaft um Mier agelaut. Mam Bestietnes vun der
Isabella vu Kastilien
mam
Ferdinand vun Aragon
gouf am Joer
1469
eng nei Epoch ageleet.
Ufank vum
16. Joerhonnert
koum dei spuenesch Kroun an de Besetz vun den
Habsburger
, et war den Optakt zu engem Weltraich.
1588
hunn d'Englanner dei spuenesch Armada vernicht an
1700
geet dei Habsburger Dynastie mam Doud vum
Karl II.
op en Enn.
No den Habsburger koumen d'
Bourbonen
un d'Muecht bis dem
Napoleon Bonaparte
seng Truppen a Spuenien agefall sinn. Dee 6-jaregen Onofhangegkeetskrich deen duerno zustane koum, hat ganz schlemm Konsequenze fir dei spuenesch Ekonomie.
No der napoleonescher Invasioun gouf de Josef Bonaparte op den Troun beruff. Weinst dem staarke Widderstand vun der spuenescher Populatioun koum et nees zu engem Muechtwiessel an d'Bourbonen hunn de
Fernando VII.
op den Troun gesat.
1873
gouf dei eischt Republik proklameiert, ma mat engem militaresche Putsch
1875
gouf d'Monarchie erem hiergestallt. Den
Alfonso XII.
an duerno sai Jong den
Alfonso XIII.
goufe Kinnek vu Spuenien.
Am Ufank vum
19. Joerhonnert
hu sech dei latainamerikanesch Kolonie vum Mammeland geleist.
De faschistesche Generol
Francisco Franco
huet
1936
d'Muecht mat engem Putsch u sech gerappt an e Biergerkrich ausgeleist. No senger Viktoire am Joer
1939
, gouf Spuenien politesch isoleiert. Am Ufank vum
Koreakrich
huet de
Kale Krich
sain Heichpunkt erreecht an Amerika intresseiert sech fir Spuenien, weinst sengem strategesche Waert.
1953
hu beid Lanner de
Pakt vu Madrid
ennerschriwwen, mat deem ekonomesch an aussepolitesch Hellef versprach gouf. US-Militarbase ginn a Spuenien agericht. Mat der Ennerstetzung vun den USA gett Spuenien 1955 Member vun der
UNO
a mecht senger internationaler Isoleierung domat en Enn.
1975
ass de Franco gestuerwen an de Kinnek
Juan Carlos
gouf Chef vum Land. Zwee Joer duerno goufen dei eischt frai Wale zanter mei wei 40 Joer ofgehalen.
1986
gouf Spuenien Member vun der
EU
.
Kuckt heizou och den Haaptartikel:
Geographie vu Spuenien
.
Spuenien ass e Staat am Sudweste vun Europa, op der ibeerescher Hallefinsel. En huet eng Flach vu 504.782?km². Am Norde grenzt et u
Frankraich
an
Andorra
am Westen u
Portugal
an am Suden u
Gibraltar
. Zu Spuenie geheieren ausserdeem nach d'
Balearen
an d'
Kanaresch Inselen
.
Zu Spuenie geheieren nach d'
Exklav
Llivia
, dei am franseischen
Departement Pyrenees-Orientales
lait, souwei d'Inselen
Islas Chafarinas
,
Penon de Velez de la Gomera
,
Alhucemas
,
Alboran
an d'
Islas Columbretes
, dei virun der marokkanescher Kust leien. D'Zougeheieregkeet vun der
Peiterseileginsel
ass tescht Marokko a Spuenien net geklaert.
Spuenien huet vill Bierger. De Kar vun der ibeerescher Hallefinsel bilden zwou Heichflachen (
Mesetas
). Si huelen zesummen zwee Drettel vun der totaler Flach an. Et sinn d'Meseta vun Al-Kastilien/Leon dei 800?m heich ass an d'Mesata vun Nei-Kastilien mat Extremadura a La Mancha dei 200?m heich ass.
D'Kastilesch Bierger deelen d'Heichflach, dei vu sellege Bierger emginn ass: de Kantabresche Bierger an de Pyrenaen am Norden an der Sierra Morena am Suden.
Am Suden erstreckt sech dat andalusescht Deifland.
E Veirel vum Land ass Besch. Am fiichten Norde fennt een eischter Buchen, Eechen an Iesskaschten, am Mettelmiergebitt dei typesch Planze wei Macchjien oder Olivebeem.
Kuckt den Artikel:
Lescht vun de spuenesche Groussstied
Dei meescht Bevelkerung gett et an de Ballungszentren laanscht d'Kust an an den industrialiseierte Gebidder. Nemmen ee Veirel vun der Bevelkerung wunnt um Land.
De greissten Deel stellen d'Kastilier, d'Andalusier, d'Asturier an d'Aragoner duer, also all dei Leit dei
kastilesch
schwatzen. Et sinn 73?%.
17?% si Katalanen, 7?% Galizier an 2?% Basken.
Traditionell sinn dei meescht Spuenier kathoulesch.
D'Originne vun der spuenescher
Sprooch
kommen aus dem
Latain
.
A Spuenie gett
Spuenesch
(
Kastilesch
),
Katalounesch
,
Galizesch
a
Baskesch
geschwat. Spuenesch ass dei offiziell Sprooch a ganz Spuenien, warend dei aner drai just an de jeeweilegen autonome Gebidder offiziell Sprooch sinn.
Leoneesesch
an
Aragoneesesch
gett och a Spuenie geschwat, ma si sinn net als offiziell Sprooch unerkannt. Zu Valencia an op de Balearen ginn och nach Ofwandlunge vum Katalounesche geschwat:
Valencianesch
a
Mallorquinesch
.
All Spuenier muss vum 6. bis zum 16. Liewensjoer an d'Schoul goen. No der Primarschoul kommen nach drai weider Joer hannendrun.
Bis an d'60er Jore war Spuenie greisstendeels en Agrarland. D'Industrialiseierung huet vill ekonomesch Problemer mat sech bruecht, soudatt de
Chomage
bei 20?% lait.
Den Undeel vun der
Landwirtschaft
um Bruttoinlandprodukt lait bei 4?%, de vun der
Industrie
bei 34?%. Den Dengschtleeschtungssecteur ass dee greisste mat iwwer 60?%.
Dei wichtegst Industrieberaicher sinn d'Stolproduktioun, d'Autos- an d'Scheffsbauindustrie, d'Liewensmettelproduktioun, d'Textilindustrie an d'Chimieindustrie.
Dei meescht grouss Firme geheieren auslannesche Bedreiwer, wei z.?B. VW oder Bayer.
Den Aussenhandel ass net ausgeglach, heich Importer sti geint niddreg Exporter. Desen Defizit wiesst emmer mei.
E wichtege Faktor ass den
Tourismus
, deem sain Zouwuess all Joer em 10?% klemmt.
Kuckt och:
Lescht vun de spuenesche politesche Parteien
Zanter der
Constitutioun
vun
1978
ass Spuenien eng
parlamentaresch
Monarchie
. Sai Gouvernement huet awer mei d'Form vun enger
Republik
wei vun enger Monarchie.
Dei konstitutionell Organer sinn:
- D'Kroun (
La Corona
): ass den ieweschte Chef vum Staat
- D'
Parlament
(
Cortes Generales
)
: ass d'Muecht vun der Legislatioun an an zwou Chamberen agedeelt:
- D'Gouvernement oder d'Executive bestinn aus:
D'Kroun ass ierflech an de Kinnek ass den ieweschte Chef vum Staat. D'Funktioune vum Kinnek sinn haaptsachlech op representatif Zwecker vun der Verfassung festgeluecht, souwei op d'Benennen an d'Entlosse vu Regierungscheffer an d'Bestatege vun de Gesetzer.
De Kongress gett fir veier Joer gewielt a besteet aus ongefeier 400 Memberen.
De Senat besteet aus 208 Memberen dei direkt vum Vollek gewielt ginn, dei aner 51 Membere gi vun de jeeweilege Parlamenter vun den Autonome Gebidder bestemmt. De Senat wiesselt och all Keier no veier Joer.
Spuenien ass zanter Januar
1986
Member vun der
EU
.
Autonom Regiounen
anneren
Dei autonom Gebidder (Comunidades Autonomas) vu Spuenien sinn:
Dei zwou autonom Stied (Ciudades Autonomas) sinn:
Kuckt dozou och den Artikel
Fauna a Flora a Spuenien
.
A Spuenie gett et mei wei 400 verschidde Gebidder dei enner
Naturschutz
stinn. Si hunn am Ganzen eng Flach vun iwwer zwou an eng hallef Millioun Hektar, dei dei wichtegst Okosystemer vun der Ibeerescher Hallefinsel an den Inselen zesummefaassen.
Duerch dei ongeschteg landwirtschaftlech Bedengungen ass et ganz schweier dei noutwendeg Infrastrukturen duerch ganzt Land anstanneg ze bauen.
Persounen
- a
Giddertransport
ginn haaptsachlech iwwer d'Stroosennetz gemaach. Dei privat an dei staatlech
Eisebunngesellschafte
sinn net an der Lag den Transport uerdentlech ze garanteieren.
Duerch den Tourismus si vill international
Fluchhafe
laanscht d'Kust entstanen, wou och ganz wichteg
Hafe
sinn (Barcelona, Gijon, …).