Wilhelm Reinhard vun Neipperg

Vu Wikipedia
Wilhelm Reinhard vun Neipperg
Gebuer 27. Mee 1684
Schwaigern
Gestuerwen 26. Mee 1774
Wien
Nationaliteit Eistraich
Aktiviteit Militar

De Wilhelm Reinhard, Grof vun Neipperg , gebuer de 27. Mee 1684 a gestuerwen de 26. Mee 1774 zu Wien , war en eistraicheschen Offizeier.

Den Neipperg, Fils vum keeserleche Feldmarschall Eberhard Friedrich vun Neipperg (1655-1725), ass 1702 an d'eistraichesch Armei agetrueden a gouf 1717 Colonel vun engem Infanterieregiment. Hien huet mat Succes 1716 am Tierkekrich bei Temesvar a 1717 bei Belgrad gekampft, gouf 1723 Generolmajouer an Erzeier vum Herzog Franz Stephan vu Loutrengen, dem speidere Keeser Franz I. , an duerno deem sai vertraute Frend.

1730 gouf den Neipperg Kommandant vun der Festung Letzebuerg . 1733 huet en als Feldmarschallleutnant de Krich an Italie matgemaach, den Adam Sigmund von Thungen huet hien zu Letzebuerg als Festungskommandant ofgeleist. Den Neipperg gouf 1735 Feldzeugmeister , 1737 Gouverneur vun Temesvar an huet am Tierkekrich gekampft.

Den 1. September 1739 huet en ouni eng Vollmuecht an zu fir Eistraich ongenschtege Konditiounen de Fridde vu Belgrad ofgeschloss, a gouf dofir zum Prisong verurteelt. 1741 duerft en awer nees an d'Schluecht; hie war de Commandant-en-chef a Schlesien geint de Friedrich II. . Den 10. Abrell huet en d'Schluecht vu Mollwitz verluer, a gouf ofberuff.

1743 war en nach eng Keier bei der Schluecht bei Dettingen dobai, ass awer geschwenn duerno hannescht op Wien gaangen, wou en 1753 Generol an Eistraich gouf a 1755 Hofkriegsratsprasident .