Den
Daniel
("
Dan
")
Wiroth
, gebuer den
13. September
1969
an der
Stad Letzebuerg
, ass e
letzebuergesche
Filmregisseur
, virun allem vun
Animatiounsfilmer
.
Den Dan Wiroth, deen aus enger Kenschtlerfamill kennt, wiisst zu Letzebuerg an zu
Breissel
op, a studeiert zu Breissel op der Konschtheichschoul
La Cambre
Animatiounsfilm.
Warend sengem Studium realiseiert e verschidde
Kuerzfilmer
:
La revolte]]
,
Berlin 2017
,
Ombres mefiez-vous
a
Crucy-Fiction
.
Crucy-Fiction
leeft
1995
um internationale Filmfestival vu Breissel a kritt doruechter eng Dose Praisser.
1997 realiseiert e
Fragile
, eng belsch-letzebuergesch Coproductioun. Et ass en opwannege
Stop-Motion
-Animatiounsfilm, an deem Glieser a Flaschen an enger Bar 'lieweg' ginn.
1998 dreint en e
Portrait
vu sengem Papp, dem Sculpteur
Rene Wiroth
.
Era Mela Mela
(
2001
) ass eng Meschung aus Live- an Animatiounsfilm vum Dan Wiroth, dei um Festival vun
Namouer
presenteiert gouf.
2002 schafft e mam
Peter Greenaway
zesummen, fir den Tournage vun der Trilogie
The Tulse Luper Suitcases
z'organiseieren.
If Not Why Not
(2003), fir d'Telees-Chaine
Arte
gedreint, ass eng gefilmt Mise en scene vum Choreograph
Akram Khan
a sengem Ensembel, dei e modernen Danz opfeieren, dee sech um klasseschen indeschen Danz
Kathak
inspireiert.
2004 dreint den Dan Wiroth de Kuerzfilm
Elegant
mam Denis Lavant a mam
Thierry van Werveke
.
Hie schafft fir
RTL Tele Letzebuerg
.
Den Daniel Wiroth krut de
Letzebuerger Filmprais 2003
als beschte Nowuess-Realisateur a fir de beschte Kuerzfilm (
If Not Why Not
).