Zenter 1992 gett de Prix Servais verdeelt an eiert domadder dat bedeitendst literarescht Wierk vum vergaangene Joer.

De Roman "Larm" vum Guy Helminger gett mam Prix Servais 2022 ausgezeechent. Am Zentrum vum Roman steet de Versuch vun enger Rekonstruktioun vun der Liewensgeschicht vum Kameidi-empflindleche Psychotherapeut Konrad Schnittweg. Wei et an der Argumentatioun vum Jury ennert der Presidentin Jeanne Glesener heescht, wier dem Auteur e Roman gelongen, deen duerch d'Pluraliteit vun de Sujeten an de Raichtum vun de Personnagen intelligent ass an duerfir z'ennerhalen weess. Och d'thematesch Relevanz vum Helminger sengem Buch gett als multidimensional beschriwwen.

Zejoert hat d'Ulrike Bail de renommeierten Servais-Prais fir "wie viele Faden tief" krut - desen ass mat 6.000 Euro doteiert.

Et ass domat fir d'zweete Keier no 2002, datt de Guy Helminger de Servais-Prais kritt. Deemools war dest fir de Kuerzgeschichte-Band "Rost".

De Brudder vum Servaix-Prais-Laureat, de Nico Helminger, krut de Prais och ewell 2 Mol. "Larm" ass zejoert bei capybarabooks erauskomm.

De Prix d'encouragement geet un d'Manuskript " Vies provisoires " vum Julien Jeusette .

Am Jury 2022 souzen: Jeanne E- Glesener (Presidentin), Simone Beck, Odile Linden, Claude Mangen, Pierre Marson, Alex Reuter, Shari Schenten, Aimee Schultz a Sebastien Thilges.

Laureaten zanter 1992

? 1992 : MANDERSCHEID Roger
? 1993 : GREISCH Pol
? 1994 : PORTANTE Jean
? 1995 : KOHNEN Joseph (Prix special)
? 1996 : JACOBY Lex
? 1997 : STECKEL Margret
? 1998 : ENSCH Jose
? 1999 : HOSCHEIT Jhemp
? 2000 : SCHMOETTEN Pol
? 2001 : HARSCH Roland
? 2002 : HELMINGER Guy
? 2003 : SORRENTE Jean
? 2004 : MUNO Claudine
? 2005 : JACOBS Jean-Paul
? 2006 : REWENIG Guy
? 2007 : SCHLECHTER Lambert
? 2008 : KOLTZ Anise
? 2009 : SAX Pol
? 2010 : REWENIG Guy (Tania Naskandy)
? 2011 : KRIER Jean
? 2012 : ORTLIEB Gilles
? 2013 : GREISCH Pol
? 2014 : HELMINGER Nico
? 2015 : MEYER Roland
? 2016 : PORTANTE Jean
? 2017 : WAGENER Nora
? 2018 : HELMINGER Nico
? 2019 : SCHMIT Elise
? 2020 : KIRPS Francis
? 2021 : BAIL Ulrike