Eng
Zaitschreft
ass eng Vereffentlechung, dei e puermol d'Joer erauskennt. Si geheiert zu de
Printmedien
a gett op
Pabeier
gedreckt, obwuel dei meescht Zaitschreften haut och digital disponibel sinn.
Dei meescht Zaitschrefte kommen eemol d'Woch, all zwou Wochen oder eemol de Mount eraus an adresseiere sech generell un e bestemmte Publikum an hunn e bestemmten Theemefokus. Domat ennerscheede si sech vun der
Zeitung
, dei mei dacks erauskennt (meeschtens all Dag) a mei allgemeng ausgeriicht ass. Zaitschrefte sinn och mei deier wei Zeitungen a mei faarweg, well si mei Fotoen hunn.
Eng Zaitschreft kann een eenzel kafen oder an engem
Abonnement
.
Eng bekannt Zaitschreft zu Letzebuerg ass d'
Revue
, eng Illustreiert a Gesellschaftszaitschreft.
paperJam
ass eng Zaitschreft mat Finanz- a Wirtschaftstheemen.
Kachen
ass ? wei den Numm scho seet ? eng Kachzaitschreft.
Den daitsche
Spiegel
ass och eng Gesellschaftszaitschreft, ma mat mei engem investigativen Touch; den amerikanesche
Playboy
ass op eng mannlech Lieserschaft ausgeriicht a bekannt fir seng erotesch Fotoe vu weibleche Modellen, warend dei franseisch Zaitschreft
Charlie Hebdo
e
satiresche
Bleck op d'franseisch an dei international Politik geheit.