한국   대만   중국   일본 
Yukio Hatoyama ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Yukio Hatoyama

Vu Wikipedia
Yukio Hatoyama
Pseudonym 鳩山友紀夫
Gebuer 11. Februar 1947
Nationaliteit Japan
Educatioun Stanford University
Aktiviteit Politiker , Ingenieur, Universiteitsprofesser

De Yukio Hatoyama ( Japanesch : 鳩山 由紀夫, Hatoyama Yukio ), gebuer den 11. Februar 1947 zu Bunkyo , Tokio , ass e japanesche Politiker.

Hien ass de Generalsekretar vun der Demokratescher Partei vu Japan. Als Resultat vun de Parlamentswalen am August 2009, wou d'Liberal-demokraten eng Neierlag hu missen astiechen, gouf hie Premierminister vu Japan.

Den 2. Juni 2010 ass hien op Drock vu senger Partei zereckgetrueden. Hien hat d'Walverspriechen net agehalen, d'amerikanesch Air-force-base zu Ginowan , op der Insel Okinawa , zouzemaachen.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Yukio Hatoyama ? Biller, Videoen oder Audiodateien