Woxx
(Stiliseiert:
woxx
) ass eng
Letzebuerger
Wochenzeitung
. Si ass 2000 aus der Embenennung vum
GrengeSpoun
ervirgaangen, dee fir d'eischt den
23. September
1988
erauskoum. Zenter 2018 publizeiert Woxx eng Online-Editioun enner dem Numm
online-woxx
.
D'Redaktiounsmembere vun der eischter Ausgab (dei vum Oktober 1988) vum GrengeSpoun waren onbezuelt Membere vun der
Grenger Alternativer Partei
. Vun 1989 un, ass d'Zeitung all zwou Wochen erauskomm an zwei Mataarbechter sinn Hallefdaags agestallt ginn. Ufanks 1991 gouf dunn eng
Kooperativ
gegrennt, dei d'Publikatioun iwwerholl huet. Zenter dem 1. Maerz 1991 kennt de GrengeSpoun, respektiv d'Woxx, all Woch eraus. Lues awer secher gelengt et der Zeitung, sech an der Letzebuerger Medielandschaft z'etableieren, besonnesch och weinst hirem grousse Kulturdeel.
[1]
[2]
2000 krut se hiren neien an aktuellen Numm
woxx
, en neie Layout an eng Internetpresenz. 2007 gett d'Format gewiesselt, fir se mei handlech ze maachen.
[1]
[2]
2005
/
2006
hunn, der Statistik vum
TNS ILRES PLURIMEDIA
no, duerchschnettlech 1,50 % vun der Letzebuerger Bevelkerung iwwer 15 Joer all Woch d'
woxx
gelies. 2006/2007 waren dat der 1,80%; 2007/2008 1,90% an 2008/2009 1,30%.
[3]
D'Zuele fir 2009/2010 goufen net public gemaach.
[4]
2011 waren et 1,10 %
[5]
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tescht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 7.700 Leit iwwer 15 Joer d'Woxx gelies (1,6 % vun der Wunnbevelkerung).
[6]
Ufanks der 1990er ass d'Gesetz iwwer d'
Pressehellef
geannert ginn. Fir datt eng Zeitung vun dar Hellef konnt profiteieren hunn do misse fennef haaptberufflech Journaliste schaffen. De
Presserot
hat awer enger vun de Mataarbechterinne vum Grengespoun d'Akkrediteierung verweigert, wouduerch beim GrengeSpoun offiziell nemme veier Journaliste beschaftegt waren, a se domat kee Recht op Pressehellef hat. D'Zeitung huet doropshi virum deemolege
Verwaltungsgeriicht
geklot a krut Recht. 1996 ass reckwierkend, ma net komplett, d'Pressehellef bezuelt ginn. Dat ass net duergaange fir d'Scholde vun der Zeitung ze bezuelen, dei ereischt 2009 all beglach goufen.
[1]
[2]
2011 huet d'
woxx
240 865 Euro
staatlech Pressehellef
kritt.
[7]
2016 waren et 262.744 Euro.
[8]
- ↑
1,0
1,1
1,2
Richard Graf, "
Der Weg vom Spoun zur woxx
in Forum 363
- ↑
2,0
2,1
2,2
Richard Graf,
Die ?woxx“: Ein Projekt, das es eigentlich nicht geben sollte
in Ons Stad
- ↑
Rapport d'activite 2009 vum Staatsministere
, S.25.
- ↑
R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen."
d'Letzebuerger Land
Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
- ↑
Ministere d'Etat: Rapport d'activites 2011
, S.22.
- ↑
Pressecommunique
vun TNS ILRES op paperjam.lu.
- ↑
Rapport d'activites vum Ministere de l'Etat 2011, S.20-21.
- ↑
gouvernement.lu:
Aide a la presse
(gekuckt den 9. November 2017)