한국   대만   중국   일본 
William Turner ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

William Turner

Vu Wikipedia
William Turner
Gebuer 23. Abrell 1775
London
Gestuerwen 19. Dezember 1851
Chelsea
Doudesursaach Cholera
Nationaliteit Kinnekraich Groussbritannien, Vereenegt Kinnekraich
Educatioun Royal Academy
Aktiviteit Moler, Landschaftsmoler, Zeechner, Graveur, Bauzeechner, visuelle Kenschtler, Illustrateur
Member vun Royal Academy
"D' Krichsscheff HMS Temeraire gett ofgeschleeft, fir ofgewrackt ze ginn" (1838)

De Joseph Mallord William Turner , gebuer den 23. Abrell 1775 an der Maiden Lane ( Covent Garden ) zu London an den 19. Dezember 1851 [1] Chelsea, London gestuerwen, war en englesche Moler . Hie gouf zu London an der Saint Paul's Cathedral baigesat. Den J.W. Turner gett zu de Romantiker gezielt an huet meeschtens Aquareller vu Landschafte gemoolt.

Seng Formatioun a sai Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

Ganz jonk schonn huet den Turner gewise wat hie kann. Sai Papp huet hien an der Molerei ennerstetzt a seng schei Biller a senger Butteksfenster ausgestallt.

1789 ass den Turner op d' Royal Academy gaangen an huet sain eischten Tableau a Waasserfaarwen ausgestallt, an ee Joer mei speit sain eischt Bild an Ueleg.

Hien huet 1791 bei engem Frend vu sengem Papp, dem John Narraway, zu Bristol gewunnt a vun do un, bis zu de Kricher vum Napoleon , ass en an England eremgereest an huet do gemoolt. 1794 huet hie seng zwou eischt Gravure publizeiert.

Am Joer 1799 gouf hien als " Associated member " vun der Royal Academy gewielt, an dunn, drai Joer mei speit, gouf hie volle Member. Hien huet emmer un der Royal Academy gehaangen, wou hien all Joer ausgestallt huet, a wou hien 1807 och Professer gouf a Virliesungen iwwer d'Landschaftsmolerei gehalen huet. 1799 hat hien och eng eege Galerie opgemaach, dei hie mei speit an d' Queen Anne Street verluecht an ausgebaut huet.

Aner Etappen a sengem Liewen:

  • Tescht 1819 an 1820 eischt Rees an Italien , mat Openthalt zu Venedeg a Roum ; aner Visitten zu Venedeg an de Joren 1833 , 1835 (warscheinlech), an 1840 .
  • Hien huet stanneg fir Publiziste geschafft a Bicher illustreiert, Bicher, dei tescht 1827 an 1835 erauskomm sinn.
  • Warend ongefeier 20 Joer (vu 1798 un) hat hien eng Liaisoun mat der Sarah Danby , mat dar hien zwou Diechter hat, ma mat dar hie sech ni bestuet huet.

Seng Wierker [ anneren | Quelltext anneren ]

Daiwelsbreck am Kanton Uri iwwer d' Reuss

Opstellung vu senge bekanntste Biller:

  • Fishermen at Sea (The Cholmeley Sea Piece), 1796, oil on canvas, Tate Gallery, London.
  • Buttermere Lake: A Shower, approx. 1798, oil on canvas, Tate Gallery at London.
  • Dolbadern Castle, 1799, pencil and watercolor, The Tate Gallery, London.
  • The Fifth Plague of Egypt, 1800, oil on canvas, Indianapolis Museum of Art.
  • The Passage of the St. Gothard, 1804, watercolor with scraping-out, Abbot Hall Art Gallery, Kendal, Cumbria.
  • Hero and Leander, National Gallery at London.
  • Dido Building Carthage (The Rise of the Carthaginian Empire), 1815, oil on canvas, National Gallery, London.
  • Rome from the Vatican, 1820, oil on canvas, Tate Gallery, London.
  • The Bay of Baiae with Apollo and the Sibyl, approx. 1823, oil on canvas, Tate Gallery at London.
  • Sunrise Between Two Headlands, Tate Gallery at London.
  • Mortlake Terrace, 1826, National Gallery of Art at Washington D.C.
  • Ulysses Deriding Polyphemus, 1829, National Gallery London.
  • The Burning of the Houses of Parliament, 1834, Cleveland Museum of Art.
  • The Burning of the Houses of Parliament, 1834, Philadelphia Museum of Art.
  • The Grand Canal, Venice, ongefeier 1835, Oil on canvas; 36 × 48 1/8 in. (91.4 × 122.2 cm) Metropolitan Museum of Art, New York
  • The Lake of Zug, 1843 Watercolor and gouache over graphite on woven paper; 11 3/4 × 18 3/8 in. (29.8 × 46.6 cm) Metropolitan Museum of Art, New York
  • Landscape with a River and a Bay in the Background c. 1845 Canvas H 0.93 m; W 1.23 m RF 1967-2. Louvre Paris.
  • Conway Castle, North Wales Watercolor and gum arabic with graphite underdrawing 21 1/8 × 30 1/8 in. John Paul Getty Museum
  • Long Ship's Lighthouse, Land's End Watercolor and bodycolor 11 1/4 × 17 5/16 in. John Paul Getty Museum Los Angeles
  • Van Tromp, Going About to Please His Masters Oil on canvas 36 × 48 in. John Paul Getty Museum Los Angeles
  • Fishing Boats with Hucksters Bargaining for Fish Oil on canvas, 1837/38; 174.5 × 224.9 cm Art Institute of Chicago
  • Cologne: The Arrival of a Packet-Boat: Painted in 1826. Oil and possibly watercolor on canvas 66 3/8 × 88 1/4 in. (168.6 × 224.1 cm) Frick Collection
  • The Harbor of Dieppe Dated 182[6?]. Oil on canvas 68 3/8 × 88 3/4 in. (173.7 × 225.4 cm.) Frick Collection New York
  • Mortlake Terrace: Early Summer Morning Painted in 1826. Oil on canvas 36 5/8 × 48 1/2 in. (93 × 123.2 cm.) Frick Collection New York
  • Woodcock Shooting on Otley Chevin 1813 Water-colour with touches of gum varnish, on paper (H) 28 cm, (W) 39.8 cm Wallace Collection London
  • Scarborough Castle: Boys Crab Fishing 1809 Water-colour with touches of gum varnish, on paper (H) 27.9 cm, (W) 39.8 cm Wallace Collection London
  • Hackfall, near Ripon Zirka 1816 Water-colour with touches of gum varnish, on paper (H) 27.9 cm, (W) 39.6 cm Wallace Collection London
  • Grouse Shooting on Beamsley Beacon 1816 Water-colour with touches of gum varnish, on paper laid down on card (H) 27.9 cm, (W) 39.5 cm Wallace Collection London

Den Turner a Letzebuerg [ anneren | Quelltext anneren ]

De J.W. Turner war op d'mannst zweemol zu Letzebuerg , 1834 an 1839 (warscheinlech och 1826 ). Hie war enchanteiert vu sengem Besuch an huet Biller vun der Stad Letzebuerg an de Letzebuerger Schlasser gemoolt. Zwee Biller mat Vue vu Letzebuerg sinn am Nationalmusee fir Geschicht a Konscht um Feschmaart ze gesinn. Eent dovun, eng Vue vum Bockfiels , gouf dem Musee 1982 iwwer de Fonds Culturel geschenkt. Dat zweet, eng Vue vu Letzebuerg, vun Norden aus gesinn, koum 1992 an de Besetz vum Letzebuerger Nationalmusee. Dei zwee Biller muss een am Zesummenhang mat enger geplangter Buchserie: " Great Rivers of Europe " oder " River Scenery of Europe " gesinn, dei 1833 vum engleschen Editeur Charles Heath ugekennegt gi war, ma nemmen deelweis reealiseiert gouf.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Bockemuhl, Michael: J.M.W. Turner, 1775-1851 - The World of Light and Colour , Benedikt Taschen Verlag, 1991, 185 × 230 mm, 96 Saiten.
  • Bailey, Anthony: Standing in the Sun: A Life of J.M.W. Turner , HarperCollins, 1998, 24 Saiten.
  • Martin Butlin, Evelyn Joll: The Paintings of J. M. W. Turner: Revised Edition (Paul Mellon Centre for Studies in Britis) , 1984, Paul Mellon Center BA, 993 Saiten.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: William Turner ? Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Paintings of Luxembourg City by Joseph Mallord William Turner ? Biller, Videoen oder Audiodateien

vun der Festung Letzebuerg

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. De geneeen Dag ass emstridden.