Wikipedia
ass e gemeinschaftleche Projet mat engem gemeinschaftlechen Zil, dat vun de meeschte
Wikipedianer
gedeelt gett.
Natierlech hu mer och all eis perseinlech Grenn fir matzemaachen a jidderengem steet et frai, sain Deel zum Grousse baizedroen, wei hien et fir richteg empfennt. Ma natierlech soll Wikipedia och eng netzlech a fiabel Source sinn.
Fir dest Ziel ze erreechen, brauche mir natierlech eng Rei
Reegele
fir d'Matenee mei einfach ze maachen, mat sou mann Strait wei meiglech. Des Reegele welle mer Iech op deser Sait kuerz opleschten.
Verschidde Reegelen huet de Grenner vu Wikipedia, den
Jimbo Wales
, fir offiziell erklaert, (kuckt och
dese Baitrag op Wikien-l
an
Jimbo Wales/Statement of principles
).
Dei follgend veier Punkte sinn zentral Grondsatz vun der Wikipedia.
- Wikipedia ass eng Enzyklopedie
: Wikipedia ass keen
Dictionnaire
a keen
Diskussiounsforum
. D'Diskussiounssaite sinn do, fir d'Artikelen ze verbesseren an iwwer d'Artikelen ze diskuteieren. D'Wikipedia ass dofir do, fir eng Enzyklopedie opzebauen (kuckt och bei den
Artikelen, dei et op all Wikipedia sollt ginn
). Dat bedeit och, datt net alles a jiddereen en Artikel kann hunn; dofir ginn et
Relevanzcriteren
.
- Neutraliteit
: Op Wikipedia versiche mer, d'Artikele sou
neutral
wei meiglech ze halen. Et geet net drem, en Artikel no der gangeger Meenung ze schreiwen, ma eischter fir op all Point de vue anzegoen, ouni dobai fir eng Richtung Partei z'ergraifen.
- Kee Messbrauch vum
Copyright
: D'Artikelen op Wikipedia ginn enner der
Creative Commons
-Lizenz "
Nummnennung-Weidergab enner de selwechte Bedingungen 3.0 Unported
" (CC-BY-SA) an der
GNU Free Documentation License
(GFDL) publizeiert. An arem Artikel solle sech also nemmen Donneee befannen, dei soit
Domaine public
, soit CC-BY-SA an/oder GNU Lizenz sinn. Wann dest net de Fall ass, da loosst deen Deel vum Contenu leiwer direkt ewech. Dat selwecht gellt natierlech och fir d'Biller, dei der an arem Artikel wellt dobaisetzen.
- Respekt vis-a-vis vun deenen anere Wikipedianer
: D'Wikipedianer kommen aus verschiddene Lanner mat anere Kulturen an Opfaassungen. Andeems mir deenen Aneren hir Meenung respekteieren, kenne mir mei effikass zesummeschaffen an eng grouss Enzyklopedie zesummestellen.
Follgend Punkte si Rotschlei, un dei ee sech wa meiglech hale soll, awer net muss. Natierlech soll dat Ganzt elo net eppes am Stil vun den
Zeng Geboter
sinn
. Ma passt awer wa meiglech e bessen op. Weider Konventioune fannt Dir op der
Communauteitssait
an enner der
Hellef
.
Dei meescht Artikelen op Wikipedia hu mei wei een Auteur. All Ar Kontributioune si susceptibel, vun engem aneren Utilisateur verannert ze ginn, ouni datt Dir dobai iergendeen "droit de veto" hatt. Wann Dir mat desem Prinzip net averstane sidd, dann ass Wikipedia eventuell dei falsch Adress fir Iech. Des Reegel beinhalt och, datt Dir Ar Artikelen net signeiert. Wie genee dru geschafft huet, kann een am Historique noliesen.
D'Majoriteit vun den allgemenge Reegele gouf opgesat, wei d'Wikipedia gegrennt ginn ass, ursprenglech op der
englescher Wikipedia
. Dann huet natierlech och all Sprooch hir spezifesch Reegelen, dei virun allem mat der Sprooch oder mam Land ze dinn hunn. Zum Beispill: Op der letzebuergescher Wikipedia soll de "Koine" geschriwwe ginn, dee mei oder weineger op de "Stater" Dialekt erausleeft.
Op Wikipedia passt
jiddereen
op, wat deen anere stiicht. Et gett kee Chefredakter, deen d'Artikele valideiere muss, eier se op de Site kommen, an och soss keng heijer Kontrollinstanz. Natierlech ginn et d'Administrateuren, ma och si sinn net allmachteg a sollen deem ganzen och mei e Kader ginn, wei als groussen Oppasser optrieden.
Dozou geheiert natierlech och, hinnen onnetz Aarbecht dohinzeleeen, wat jo net muss sinn:
- Anonym schreiwen: Sidd Iech bewosst, datt anonym Auteuren eischter kontrolleiert gi wei "Stammclienten", dei reegelmeisseg Artikele verfaassen. Dofir sicht Iech einfach ee Benotzernumm a loggt Iech all Keier an, wann der eppes schreiwe wellt.
- Denkt drun, d'Case "Kleng Annerung" unzeklicken, wann Dir an engem Artikel nemmen Tippfeeler verbessert oder Linke baidrot, ma lo naischt Groussaarteges um Senn vum Artikel annert.
- Denkt drun, Ar Annerungen am "Resume"-Feld kuerz ze beschreiwen. Dat mecht et fir all Mensch mei einfach, deen duerch den Historique kuckt, wat sou gemaach ginn ass an engem Dag.
- Iwwerliest Aren Text och emol selwer a baut net nemmen op dei aner fir emmer ar Feeler ze verbesseren.