De
Walter Frederick ?Fritz“ Mondale
, gebuer de
5. Januar
1928
zu
Ceylon
, am
Minnesota
, a gestuerwen den
19. Abrell
2021
zu
Minneapolis
[1]
, war en
US-amerikanesche
Politiker
(Minnesota Democratic-Farmer-Labor Party; resp.
Demokratesch Partei
). Hie war, enner dem President
Jimmy Carter
, vun 1977 bis 1981 den 42.
Vizepresident vun de Vereenegte Staaten
.
Virdru war hie vun 1960 bis 1964
Attorney General
(Justizminister) vu
Minnesota
a vun 1964 bis 1976 Member vum
US-Senat
. De Mondale war 1984 Presidentschaftskandidat vun den Demokraten, huet d'Walen awer geint de
Ronald Reagan
, dee scho President war, verluer. Vun 1986 bis 1993 war hie President vum
National Democratic Institute for International Affairs
a vun 1993 bis 1996 Ambassadeur vun den USA a
Japan
.
- Walter F. Mondale & David Hage:
The Good Fight: A Life in Liberal Politics.
University of Minnesota Press, 2013;
ISBN 978-0816691661
- ↑
"Walter F. Mondale, Carter’s vice president who lost White House bid, dies at 93."
washingtonpost.com, 2021-04-19.