De Prof. Dr.
Walter Baade
gebuer de
24. Maerz
1893
zu Schrottinghausen (haut
Preisesch Oldendorf
a
Westfalen
), a gestuerwen de
25. Juni
1960
zu
Gottingen
, war ee vun de bedeitendsten
Astronomen
an
Astrophysiker
vum 20. Joerhonnert.
De Baade, Jong vun engem
Schoulmeeschter
, ass zu Herford an d'Schoul gaangen an huet zu
Munster
a
Gottingen
Mathematik
,
Physik
,
Geophysik
an
Astronomie
studeiert. Eng ugebueren Heftbehennerung huet hie virum Militardengscht am
Eischte Weltkrich
ewech gehalen. Am Joer
1919
promoveiert hien zu Gottingen. E krut eng Ustellung um
Hamburger Observatoire
, wou hien e. a.
1920
den
Asteroid
Hidalgo
entdeckt.
Bei engem Openthalt an Amerika am Joer
1925
, bei enger Observatioun vun enger
Sonnendaischtert
, leiert hien den
Harlow Shapley
kennen, deen him zu engem
Stipendium
verhollef huet. An de Joren
1926
an
1927
schafft de Baade um
Observatoire
vun
Harvard
,
Yerkes
,
Lick
an um
Mount Wilson
an ennersicht d'
Starekeip
a
Spiralgalaxien
.
Nodeem en erem zu Hamburg war, krut hien
1929
d'
Habilitatioun
als Professer. Am selwechte Joer bestit hien d'Johanna Bohlmann, dei als technesch Assistentin um Hamburger Observatoire geschafft huet.
Am Joer
1931
gouf de Baade op de
Mount Wilson-Observatoire
beruff, an huet speider och um
Palomar-Observatoire
geschafft. Wei de
Rudolf Minkowski
no der Muechtergraifung vum Hitler Beruffsverbuet krut, huet de Walter Baade hien no Kalifornien geholl. Domat huet de Baade hechstwarscheinlech sengem Frend d'Liewe gerett. Warend dem
Zweete Weltkrich
goufe bal all d'Astronome vum Mount Wilson zu Waffenentwecklungssystemer ofgezunn. De Baade, deen nach emmer daitsche Staatsbierger war, (hien hat ugebuede kritt weider Daitsch ze bleiwen, fir datt d'Institut international soll bleiwen) huet net dozou geheiert, soudatt hie bal onbegrenzt Observatiounszaiten hat. Well owes d'Luuchten hu missen ausbleiwen hat hie gutt Observatiounsconditiounen. Duerch dei fotografesch Ennersich an anere Galaxie, vun engem Typ vu
verannerleche Staren
, den
Cepheiden
, konnt hien d'Distanze bestemmen. Am Joer
1944
ass et dem Baade, mat Hellef vun engem 2,5 m-Spigel fir d'eischt gelongen, d'Karregioun vum
Andromedaniwwel
, an eenzel Staren opzeleisen.
1952
stellt de Baade fest, datt d'Distanzen zu de Galaxien op d'mannst duebel sou grouss sinn, wei bis zu deem Zaitpunkt ugeholl gouf. Domat huet sech de
Moossstaf
an den Alter vum
Universum
verduebelt. De Baade huet och d'Strukture vun eiser
Mellechstrooss
ennersicht an entdeckt, datt eis Galaxis aus
Stare
vun zwou ennerschiddleche
Populatioune
besteet. Duerch d'Observatioun vun den
RR Lyrae-Staren
huet hien den Ofstand vun eisem
Sonnesystem
zum Zentrum vun der Galaxis bestemmt. Des Weideren huet hie sech mat der Identifikatioun vu verschiddene kosmesche Radioquelle mat opteschen Objete beschaftegt, an huet se mat dem 5-Meter-Hale-
Teleskop
um Mount Palomar fotografeiert.
De Walter Baade fennt
1951
d'
Baadesch Fenster
. Et handelt sech em eng bal absorptiounsfrai, zirka e 1/4 Quadratgrad (zirka Vollmoundgreisst) grouss
galaktesch Fenster
bei de galaktesche Koordinaaten l = 0,9° a b = -3,9°. De Stral fir ze kucken erreecht do den Zentrum vun der Galaxis, deen ongefeier 30.000
Liichtjoer
wait ewech ass, an dee baussenzeg vun der Baadescher Fenster, weinst der Absorptioun duerch Stebwolleken soss net ka gesi ginn. An der Baadescher Fenster lait och de Kugelkoup
NGC 6522
op enger Distanz vun zirka 20.000 Liichtjoer. De Baade entdeckt Ufanks vun den 30er Joren den Zentralstar vum
Krabbniwwel
, e Supernovarescht aus dem Joer
1054
. Speider an de 60er Jore gouf erkannt, datt dee Star e
Pulsar
an
Neutronestar
ass. De Star gett haut
dem Baade sai Star
genannt. Zesumme mat dem Schwaizer
Fritz Zwicky
huet hien d'
Supernovaen
als nei astronomesch Objeten identifizeiert.
D'Entwecklung vum
komafraie
Spigelteleskop geet op intensiv Gespreicher an Uregungen tescht dem Baade an dem
Bernhard Schmidt
zereck, wei si
1929
zu enger Sonnendaischterexpeditioun op d'
Philippinnen
gereest sinn. De Baade gett och als de ?Grenner“ vum
ESO
ugesinn.
[1]
Den
Asteroid
Nr. 1501 dreit sain Numm
Baade
. Hie selwer hat 10 Asteroiden entdeckt. Um
Aerdmound
gouf e Krater an en Dall nom Baade genannt.
Portal Astronomie
- ↑
(ESO feiert 40 Joer)
Archiveiert
de(n) 2006-02-15. Gekuckt de(n) 2007-04-09.