D'
Volksdeutsche Bewegung
(
VdB
) war eng Vereenegung zu
Letzebuerg
, dei an der Zait vun der
daitscher Besatzung
am
Zweete Weltkrich
mam Slogan "
Heim ins Reich
" den Uschloss un Nazidaitschland propageiert huet.
D'VdB ass de
17. Mee
1940
gegrennt ginn, just eng Woch nom daitschen Iwwerfall. Si ass aus der
GEDELIT
ervirgaangen, un dar hirer Spetzt den
Damian Kratzenberg
stoung, an deen och Chef vun der VdB gouf. De
6. Juli
1940 huet d'VdB en Opruff gemaach:
Luxemburger, hore die Stimme des Blutes! Sie sagt dir, dass du nach Rasse und Sprache ein Deutscher bist. Luxemburgertum in allen Ehren! Denn wahres Luxemburgertum ist reines Deutschtum.
[1]
Soubal de
Gustav Simon
zum
Chef der Zivilverwaltung
ernannt gi war, gouf de Kratzenberg deem ennerstallt, an d'VdB gouf en Instrument vun der NSDAP, dar hir radikal Politik se matgedroen huet. Organisatoresch war d'VdB anlech wei d'
NSDAP
opgebaut, mat
Distrikten, Ortsgruppen, Zellen
a
Blocke
. Enn Juli 1940 hat si ronn 1000 Memberen, dei dann och als "haarde Kar" ugesi kenne ginn.
Ma duerno ass d'Memberschaft stagneiert; vu Massenzoulaf (a Sanctionneierung vun der Heim-ins-Reich-Politik) konnt keng Ried sinn. Dofir gouf d'Memberschaft an der VdB (wei och zum Deel an aneren Nazi-Organisatiounen) zur Konditioun gemaach fir sai Beruff kennen ze halen, an et gouf mat Deportatioun gedreet, wann een net geif matmaachen. Dausende vu Leit (an eischter Linn Beamten a Leierpersonal) hunn dar Erpressung (missen) noginn a goufe Member. Just op dei Selbstanneg an d'Baueren hat dat Drockmettel keng Wierkung.
Am Oktober 1941 hat d'VdB 72.000 Memberen an am August 1942 der 83.000. Dem Gauleiter waren des Zuelen natierlech wichteg, well se sollten de Succes vu senger "Aarbecht" beweisen. Ma den daitsche
Sicherheitsdienst
wousst schonn Enn 1940, datt dei massiv Croissance vun der Memberszuel net op Iwwerzeegung, ma just op Drock vu Baussen an Angscht viru Sanktiounen zereckzefeiere war: "
90 % aller eingeschriebenen Mitglieder gehoren ihr nur aus Grunden der Furcht oder des Nutznießertums an und konnen nicht als zuverlassig angesehen werden.
"
[2]
1944
bestoungen 120 lokal Sektioune vun der VdB.
- Dostert, Paul (1985):
Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe. Die deutsche Besatzungspolitik und die Volksdeutsche Bewegung 1940-1945
. Letzebuerg.
- Krier, Emile (1981): "Deutsche Volkstumspolitik in Luxemburg und ihre sozialen Folgen." In: Dlugoborski, Waclaw (Ed.):
Zweiter Weltkrieg und sozialer Wandel. Achsenmachte und besetzte Lander.
Gottingen 1981, S.224-241.
- ↑
Zit. no Dostert, P. (1985), S.60f.
- ↑
SD-Bericht vom 10. Dezember 1940; zit. n. Krier, E. (1981), S. 226.