한국   대만   중국   일본 
Visions of Europe ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Visions of Europe

Vu Wikipedia
Visions of Europe
Film
Produktiounsland Daitschland ,
Tschechesch Republik ,
Eistraich ,
Belsch ,
Zypern ,
Danemark ,
Estland ,
Finnland ,
Frankraich ,
Griicheland ,
Ungarn ,
Irland ,
Italien ,
Lettland ,
Litauen ,
Letzebuerg ,
Malta ,
Holland ,
Polen ,
Portugal ,
Slowakei ,
Slowenien ,
Spuenien ,
Schweden ,
Vereenegt Kinnekraich
Premiere 1. Mee 2004
Dauer 140 min
Faarf Faarweg
Format 16:9
Originalsprooch Daitsch ,
Danesch ,
Portugisesch ,
Slowakesch ,
Schweedesch ,
Englesch ,
Griichesch ,
Italieenesch ,
Litauesch ,
Polnesch ,
Hollannesch ,
Franseisch ,
Letzebuergesch ,
Sloweenesch ,
Tschechesch ,
Spuenesch ,
Malteesesch,
Tierkesch
Ekipp
Regie verschidde fir all Film
Dreibuch verschidde fir all Film
Fotografie verschidde fir all Film
Schnett verschidde fir all Film
Produktiouns-
gesellschaft
Zentropa, Arte , ZDF
Schauspiller
verschidde fir all Film
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Lanner - Film no Genre

Visions of Europe ass en europaesche Film mat 25 Kuerzfilmsegmenter vu 25 europaesche Regisseuren aus dem Joer 2004.

Hannergrond [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Iddi fir de Film kennt vum danesche Filmregisseur Lars von Trier . En ass den 1. Mee 2004 fir d'eischt Keier op der Televisioun gelaf, de selwechten Dag, wei 10 nei Lanner EU-Memberstaate goufen. Fir de Film hu 25 Regisseuren a Regisseurinnen aus 25 europaesche Lanner e Segment vu 5 Minutte gedreint. D'Thema war "Europa" an d'Filmformat 16:9. Fir de Rescht hate si absolut kenschtleresch Fraiheet. [1] [2]

De Film ass op enger Rei Filmfestivalle gelaf, dorenner um Filmfestival vu Locarno .

Iwwersiicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Dat letzebuergescht Segment [ anneren | Quelltext anneren ]

Dat letzebuergescht Segment The Language School gouf vum Andy Bausch geschriwwen, gedreint a produzeiert.

Et geet em en Zouhalter (gespillt vum Herve Sogne ), deen eng Rei litauesch Prostitueiert (Runa Egilsdottir, Gintare Parulyte , Mendaly Ries , Claudia Girotto, Sarah Cottani) an e Sproochecours brengt, wou en EU-Beamten ( Marco Lorenzini ) hinne letzebuergesch Ausdreck baibrengt, dei si fir hir Aarbecht brauchen. E Pechert ( Franck Sasonoff ) ass an eng vun de Fraen, d'Ludmilla, verleift. Hie geet an d'Klass niewendrun, wou e Mann enger Grupp Erwuessene baibrengt, wei een e Pechert op Letzebuergesch beleidegt wann een e Protokoll kritt. Ee vun de Schuler ( Christian Kmiotek ) schleit dem Pechert eng op de Bak. Hie geet op d'Toilett well seng Nues blutt a begeint dem Ludmilla am Gank. Si kesse sech. Den Zouhalter rifft de Pechert, ma dei aner Frae stelle sech virun de Pechert an d'Ludmilla fir se ze schutzen.

De Serge Tonnar huet d'Filmmusek geschriwwen, de Klaus Peter Weber d'Kameraarbecht gemaach an de Misch Bervard de Schnett.

Letzebuerger Filmsegment op YouTube [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. film-center.si: A Film Omnibus “Visions Of Europe” (4. Februar 2004)
  2. L’Europe audiovisuelle Sur l’imaginaire social de Visions of Europe (2004) vum Raphael Szollosy