한국   대만   중국   일본 
Viktor Hambarzumjan ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Viktor Hambarzumjan

Vu Wikipedia
Viktor Hambarzumjan
Gebuer 5. September 1908 jul.
Tiflis
Gestuerwen 12. August 1996
Nationaliteit Russescht Keeserraich, Sowjetunioun , Armenien
Educatioun Pulkowo-Observatoire
Aktiviteit Astrophysiker , Politiker , Astronom
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Member vun Royal Society , Akademie der Wissenschaften der DDR, Daitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Russesch Akademie vun de Wessenschaften, Wessenschaftsakademie vun der URSS, Ungaresch Wessenschaftsakdemie, American Academy of Arts and Sciences , Academie des sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences , International Astronomesch Unioun

De Viktor Hambarzumjan , gebuer den 18. September 1908 zu Tiflis , Georgien , a gestuerwen den 12. August 1996 zu Bjurakan bei Jerewan , Armenien , war en armeeneschen Astrophysiker an Astronom . Duerch dei an der UdSSR normal Russifizeierung ass hien auswaerts vun Armenien virun allem als Wiktor Amasaspowitsch Ambarzumjan oder Viktor Amazaspovich Ambartsumian (russesch: Виктор Амазаспович Амбарцумян) bekannt ginn.

Karriar [ anneren | Quelltext anneren ]

De Viktor Hambarzumjan hat sai Studium un der Staatlecher Universiteit Leningrad ofgeschloss. Vun 1928 bis 1931 hat hie mam Aristarkh Belopolsky um Pulkowo-Observatoire geschafft a war vun 1934 bis 1943 Professer zu Leningrad . 1946 hat hien den Astrophysikaleschen Observatoire vu Bjurakan gegrennt. 1947 huet hien d' Starenassociatiounen entdeckt an essentiell Aarbechten zum Starenopbau, zu Novaausbrech an instabile galaktesche Kare geliwwert. Hie gouf Member vun der Armeenescher Wessenschaftsakademie a war vun 1947 bis 1993 hire President.

Hien hat als eischten e Buch a Russland iwwer theoreetesch Astrophysik geschriwwen an hat als eischten d'Opfaassung vertrueden, datt T-Tauri-Staren astronomesch gesi ganz jonk sinn.

Vun 1961 bis 1964 war hie President vun der Internationaler Astronomescher Unioun .

An der Lescht vun de "wichtegste Persoune vum 20. Joerhonnert " vum Time Magazine gouf den Hambarzumjan am Joer 2000 an der Kategorie "Wichtegst Wessenschaftler an Denker" op Plaz 3 enner den eischten zeng Perseinlechkeete gewielt. [1]

Auszeechnungen [ anneren | Quelltext anneren ]

Privates [ anneren | Quelltext anneren ]

De Viktor Hambarzumjan hat veier Kanner. Sai Jong Ruben Hambarzumjan ass Mathematiker, spezialiseiert op stochastesch Geometrie , a Member vun der Armeenescher Wessenschaftsakademie , a sai Jong Rafael Hambarzumjan ass Laser-Physiker.

Wierker [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Das Weltall . J. A. Barth, Leipzig 1953
  • Die Sternassoziationen und die Entstehung der Sterne . Akademie-Verlag, Berlin 1951
  • Philosophische Probleme der Physik der Elementarteilchen . Mainz, Munchen 1966
  • Philosophische Probleme der modernen Kosmologie . Deutscher Verlag der Wissenschaften, Berlin 1965
  • Probleme der modernen Kosmogonie . Akademie-Verlag, Berlin 1980
  • Struktur und Formen der Materie, dialektischer Materialismus und moderne Naturwissenschaft . Deutscher Verlag der Wissenschaften, Berlin 1969
  • Theoretische Astrophysik . Deutscher Verlag der Wissenschaften, Berlin 1957
  • V.A.Ambartsumian. Selected papers: Stars, Nebulae and Galaxies . Editor G.Meylan, Cambridge Scientific Publishers, v.1 (450pp.), v.2 (450pp.), 2006 .

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. The Most Influential People of the 20th Century poll Scientists & Thinkers, Time Magazine 2000 (archiveiert Versioun vum 8. Abrell 2000)