한국   대만   중국   일본 
Vic Fischbach (Agronom) ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Vic Fischbach (Agronom)

Vu Wikipedia
Vic Fischbach
De Vic Fischbach als Zaitzeien am Film Heim ins Reich (2004)
Gebuertsnumm Victor Fischbach
Gebuer 14. Mee 1922
Gestuerwen 22. August 2016
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Agronom, Resistenzler

De Victor Fischbach , gebuer de 14. Mee 1922 zu Schieren a gestuerwen den 22. August 2016 [1] , war e letzebuergeschen Agronom , freieren Direkter vun der Akerbauverwaltung, Zwangsrekruteierten , Resistenzler an Auteur. Hie war am Zweete Weltkrich 13 Meint laang an der Pafendaller Kierch verstoppt.

Seng Liewensgeschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Wei den Zweete Weltkrich ausgebrach ass, war hie Student am Dikrecher Kolleisch
  • Am Aarbechtsdengscht war hien zu Peenemunde , do wou d'Nazien hir Geheimwaffen ( V2 enner anerem) entweckelt hunn. Hien huet zu deene geheiert, dei op Emweeer den Allieierten Noriichten doriwwer zoukomme gelooss hunn. Si hunn dozou gefeiert, datt d'Allieiert Peenemunde ugegraff an dei Anlagen zersteiert hunn.
  • Duerno gouf de Victor Fischbach als Zwangsrekruteierten agezunn
  • No senger Rekrutenzait ass hien deserteiert a war mat 5 anere Komeroden, mat der Hellef vum Paschtouer Ries a sengem Koschter, an der Pafendaller Kierch bis zur Liberatioun verstoppt.

De Schreftsteller [ anneren | Quelltext anneren ]

De Vic Fischbach huet ereischt am Alter vu 87 Joer mat Schreiwen ugefaangen [2] an huet bis zu sengem Doud 8 Kriminalromaner an daitscher oder letzebuergescher Sprooch geschriwwen. [3]

  • D'Haus am Harewee (2009)
  • Viele weisse Westen (2009)
  • Scopolamin oder Der Pferdekiller (2010)
  • D'Piccadilly Lilly (2011)
  • Piccadilly Lily. Roman policier (2011) (vum V. Fischbach selwer aus dem Letzebuergeschen op Franseisch iwwersat)
  • Eine Flasche zu viel (2012)
  • Kokain (2013). [4]
  • Der Tote auf der Nuck (2014)
  • Mord in Grentzingen (2016)

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 24. August 2016, S. 44 a vum 25. August 2016 S. 29.
  2. Krimiautor Fischbach verstorben am Luxemburger Wort vum 25. August 2016, S.13
  3. Luxemburger Autorenlexikon (Pascal Seil): Fischbach, Vic .
  4. Baden, Jeff, 2013: Wem nutzt der Polizstenmord? Luxemburger Wort 2013, Nr. 227 (28. September), S. 17.