Mat
Velkerwanderung
ass an der der Geschichtsfuerschung d'
Migratioun
vu virun allem
germanesche Gruppen
a Mettel- a Sudeuropa gemengt, an der Period tescht dem Abroch vun den
Hunnen
an
Europa
an deem vun de
Langobarden
an
Italien
, deemno tescht circa 375/376 an 568 n.Chr. D'
Zait vun de Velkerwanderunge
falt deemno an d'
Speitantiquiteit
an iwwerbreckt an der Geschicht vum nerdleche
Mettelmierraum
a vu West- a Metteleuropa den Zaitraum tescht der klassescher
Antiquiteit
an dem europaesche
Freimettelalter
, dee jee nodeem zu den zwou Epoche gezielt ka ginn.
Dei speitantik Velkerwanderung war keen eenheetlechen, a sech ofgeschlossene Prozess; villmei waren des Wanderungsbeweegunge vun zudackst heterogen zesummegesate Gruppen op eng ganz Retsch Facteuren zereckzefeieren. Eng zentral Fro an der Geschichtsschreiwung ass dei, ob den Zerfall vum
Westreimesche Raich
d'Resultat, oder awer d'Ursaach vu "Velkerwanderunge" war, an ob et wierklech "Velker" waren, dei doruechter gezu sinn, oder villmei Gruppe vu (Krichs)leit op der Sich no Beit a Verpfleegung. Dofir gett de Begreff
Velkerwanderung
, deen an Daitschland am speiden 18. Joerhonnert opgedaucht ass, an der moderner Fuerschung kritesch gekuckt, wann net esouguer als "Fuerschungsmythos" verworf. Och deen am franseischsproochege Raum gebrauchten Term "Invasions barbares" ass problematesch, well eng "Invasioun" e koordineiert a massiivt Andrenge suggereiert, a "barbares" en diffust Bild vun de ganz enneschiddleche Gruppen an Eenzelpersounen ofgett, dei sech deplaceiert hunn.
Betraff vun der Velkerwanderung war haaptsachlech, ma net nemmen, dei
westlech Hallschecht
vum
Reimesche Raich
, dat zanter
395
de facto
gedeelt war. Zanter 382 goufen et emmer mei Accorden (
foedera
) tescht der reimescher Zentralregierung a Gruppe wei de
Westgoten
oder de
Franken
, dei mat sech bruecht hunn, datt deenen hir Armeie sech op reimeschem Territoire niddergelooss hunn an als sougenannt
Foederaten
gehollef hunn, d'Grenz am Nordoste vu
Gallien
ze schutzen. Nodeems
406
d'
Vandalen
an d'
Sueben
iwwer de
Rhain
an d'Westraich agedronge sinn, koum et a Gallien zu engem zaitweilegen Zesummebroch vun der reimescher administrativer Uerdnung. Et koum zu laange
Biergerkricher
, an dei och net-reimesch Krichsverbann emmer mei implizeiert waren. Glaichzaiteg ass d'Autoriteit vun der
keeserlecher
Regierung an Italien emmer mei kleng ginn, iwwerdeems dat reimescht wei germanescht Militar emmer mei politesch Muecht krut. Um Enn ass
476
/
80
d'Westreimescht Keesertum ennergaangen
, iwwerdeems d'
Ostreimescht Raich
dat 5. Joerhonnert praktesch intakt iwwerstanen huet. Um Territoire vum freiere Westreimesche Raich sinn am 5. a 6. Joerhonnert germanesch-romanesch Nofollger-Raicher entstanen, dei e groussen Afloss op d'Kultur vun Europa am Mettelalter sollten hunn.
- 375: Doud vum Keeser
Valentinian I.
. em dei selwecht Zait ennerwerfen d'
Hunnen
d'
Alanen
an d'
Goten
.
- 376: Flucht vun den Donaugoten virun den Hunnen, si ginn an d'Reimescht Raich opgeholl. Kuerz drop rebelleieren d'Gote geint d'Reimer.
- 9. August 378:
Schluecht vun Adrianopel
. De Keeser
Valens
a mat him e groussen Deel vun der estlecher Haff-Armei falen.
- 380: De Keeser
Gratian
grennt eng
Draivelker-Konfederatioun
a
Pannonien
.
- 382: De Keeser
Theodosius I.
siddelt greisser Verbann vu Goten op der enneschter
Donau
un.
- 395: Sougenannt
Deelung vum Raich vun 395
; Hunneninkursiouen an d'Raich vun de
Sassaniden
an an dei reimesch Orientprovenzen. Gotesch
foederati
ennert dem
Alarich
meuteren a plemmen am
Balkan
.
- 402: De westreimeschen Haff gett op
Ravenna
verluecht.
- 405: De
Radagaisus
a seng Armei falen an d'Westraich an. De westreimesche
Stilicho
gett hirer am August 406 Meeschter.
- 406/07: Gotesch Armeien gi bei
Mogontiacum
(Mainz) iwwer de
Rhain
, d'reimesch Grenz am Nordoste gett zaitweileg iwwerdubbert.
Vandalen
,
Sueben
an Alanen zeien a plemmen uechter Gallien. A
Britannien
revolteiert sech den
Usurpator
Konstantin III
. Dei lescht reimesch Armeien verloossen d'Insel Ufank vu Joerzengtelaange Biergerkricher am Westreimesche Raich.
- 408: De Stilicho gett gestierzt an dout gemaach.
- 409: D'Vandalen, d'Sueben an Alanen zeie viru bis an
Hispanien
.
- 410: Enn August
Roum gett
vum Alarich senge Westgoten
eruewert a geplemmt
.
- 418: D'Westgoten loosse sech an der
Aquitaine
neier..
- 429: DVandalen an Alanen setzen furen, enner der Feierung duerch de
Geiserich
, eriwwer an
Africa
eriwwer; bis 439 fallt
Karthago
. 442 erkennt d'westreimesche Regierung dese Verloscht faktesch (ma net
de iure
) un.
- 436: De westreimeschen Armeichef
Flavius Aetius
vernicht d'
Burgundenraich
laanscht de
Mettelrhain
; hie siddelt de Rescht vum Krichsverband 443 an der
Sapaudia
un.
- Em 440/41: Deeler vun de
Sachsen
an anere germanesche Gruppen, dei als
Foederaten
a Britannien bruecht gi waren, rebelleieren a fanken un d'Land z'iwwerhuelen.
- 451: Attak vum Hunn
Attila
geint den Aetius.
Schluecht op de Katalaunesche Felder
a Reckzuch vum Attila aus Gallien. 452 graifen d'Hunnen Italien un, musse sech dono awer nees zereckzeien. Nom Attila sengem Doud, 453, brecht d'Hunneraich auserneen.
- 455: De
Valentinian III.
gett ermuert, d'Herrschaft vun der Theodosianescher Dynastie geet op en Enn. De
Geiserich
plemmt Roum
.
- 456: Westgotesche Zaldoten, dei ennert dem Uerder vum Keeser stinn, schloen d'Sueben.
- 468: De Westgot
Eurich
brecht de Vertrag mat Roum a fankt u mat enger aggressiver Expansiounspolitik. E gropussen Deel vun Hispanien an de Sudweste vu Gallien gi westgotesch.
- 468: West- an ostreimesche Truppe falen
an d'Vandaleraich
an, ma gi geschloen.
- 472: Am Kader vum Muechtkampf tescht dem
Ricimer
an dem
Anthemius
gett Roum fir d'Drett sakkageiert.
- 475: De
Julius Nepos
mecht e
foedus
mat de Westgoten, dei domat bal ganz Sudgallien kreien.
- 476: De
Romulus Augustulus
, de leschte westreimescher Keeser an Italien, gett vum germaneschen Armeichef
Odoaker
ofgesat. De Julius Nepos, dee 475 aus Italie geflucht as, halt sech bis 480 an
Dalmatien
. Dei galloreimesch Enklav, dei den
Aegidius
a Sudgallien etableiert huet, halt sech bis 486.
- 486/87: Dem
Syagrius
sai Raich gett vun de
Franken
enner dem
Chlodwig I.
vernicht. D'
Frankeraich
fankt un, Form ze kreien.
- 489: Den Ostgot
Theoderich
attakeiert, ennert dem Uerder vum Ostkeeser, Italien an etableiert do vu 493 un en eegent Raich.
- 507: De Westgotekinnek
Alarich II.
gett vun de Franke geklappt, des besetzen de Sudweste vu Gallien.
- 533/34: Den ostreimesche Generol
Belisar
eruewert d'Vandaleraich. D'Franken erueweren 534 d'Burgunderraich.
- 535?552:
Gotekrich
an Italien. De Keeser
Justinian
probeiert grouss DEeeler vum Westreaich zereckz'erueweren.
- 554: De Justinian schaaft de westreimeschen Haff an de senatoresche
cursus honorum
of.
- 568: D'
Langobarden
attakeieren Ueweritalien. Enn vun der Velkerwanderungszait.
- Thomas S. Burns:
Barbarians within the Gates of Rome. A Study of Roman Military Policy and the Barbarians (ca. 375?425)
. Indiana University Press, Bloomington/Ind. 1994.
- Henning Borm:
Westrom. Von Honorius bis Justinian.
Kohlhammer, Stuttgart 2013; 2. Auflage. Stuttgart 2018,
ISBN 978-3170332164
.
- Alexander Demandt:
Geschichte der Spatantike. Das Romische Reich von Diocletian bis Justinian 284 ? 565 n. Chr
. Beck, Munchen 1998,
ISBN 3-406-44107-6
* * Patrick J. Geary:
Europaische Volker im fruhen Mittelalter. Zur Legende vom Werden der Nationen
. Fischer, Frankfurt am Main 2002,
ISBN 3-596-60111-8
.
- Wolfgang Giese:
Die Goten
(=
Kohlhammer-Urban-Taschenbucher
. Band 597). Kohlhammer, Stuttgart 2004,
ISBN 3-17-017670-6
- Walter A. Goffart:
Barbarians and Romans AD 418?584. The Techniques of Accommodation
. Princeton University Press, Princeton 1980,
ISBN 0-691-10231-7
.
- Walter A. Goffart:
Barbarian Tides: The Migration Age and the Later Roman Empire
. University of Pennsylvania Press, Philadelphia 2006.
- Guy Halsall:
Barbarian Migrations and the Roman West, 376?568
. Cambridge University Press, Cambridge 2007.
- Peter J. Heather:
The Fall of the Roman Empire: A New History
. Macmillan, London 2005.
- Walter Pohl:
Die Volkerwanderung
. 2. Auflage. Kohlhammer, Stuttgart u. a. 2005,
ISBN 3-17-018940-9
.
- Philipp von Rummel, Hubert Fehr:
Die Volkerwanderung
. Theiss, Stuttgart 2011.
- Bryan Ward-Perkins:
The Fall of Rome and the End of Civilization
. Oxford University Press, Oxford 2005.
- Chris Wickham:
Framing the Early Middle Ages. Europe and the Mediterranean 400?800
. Oxford University Press, Oxford 2005.