Usbekistan
, op
Usbeekesch
O'zbekiston
, ass e Staat an
Zentralasien
.
Dei freier chineesesch
Seidestrooss
zitt sech bal duerch dei ganz Langt vum Land. De Staat Usbekistan ass 1925 entstanen, als
Usbeekesch Sozialistesch Sowjetrepublik
, a gouf 1991 vun der
Sowjetunioun
onofhangeg.
D'Land huet eng 27,7 Milliounen Awunner mat ronn 100 Nationaliteiten, dovun 71 % Usbeeken, 5,1 % Russen, 5 % Tadschiken, 4,1 % Karakalpaken, 3,2 % Kasachen, 2,7 % Krimtataren an 2,5 % Koreaner.
Offiziell Sprooch vum Land ass
Usbeekesch
, an der autonomer Republik
Karakalpakstan
ass och
Karakalpakesch
offiziell als Sprooch unerkannt.
Russesch
huet emmer nach eng grouss Bedeitung a gett vun deene meeschte verstanen. An de Stied
Samarkand
a
Buchara
ass och nach
Tadjikesch
a
Persesch
verbreet.
Mett der 1990er Joren huet d'Parlament decideiert, fir vum
kyrilleschen
op dat
latengescht Alphabet
emzeklammen. De facto sinn elo dei zwee Alphabeter a Gebrauch.
Aus den eischten direkte Presidentschaftswalen den 29. Dezember 1991 ass den
Islam Karimow
mat 86 Prozent vun de Stemmen als Gewenner ervirgaangen an hie gouf deen eischte President vun der onofhangeger Republik Usbekistan. Zanterhier huet e seng Amtszait veiermol verlangere gelooss iwwer
Referendumen
a Walen.
Den Islam Karimow ennerbennt mat Erfolleg all relieise Fanatismus am Land. Doweinst kann dei och duerch verschidden an Daitschland aktiv Memberen opgefallen
Islamesch Beweegung Usbekistan
(IBU) just nemmen am afghanesch-pakistanesche Grenzgebitt ageieren.
Nodeem datt d'
USA
d'Ennerdreckung vu relieisen Onrouen 2005 zu
Andijan
am
Ferganadall
kritiseiert hunn, huet de Karimow hir Militarbasis am Land zougemaach. De President ennerstetzt awer den ISAF-Asaz am Nopeschland
Afghanistan
weider, dest duerch eng Erlabnes un dei daitsch Bundeswehr fir e Lofttransportstutzpunkt zu
Termes
z'ennerhalen.
Dei
letzebuergesch
Regierung finanzeiert zanter 2002 iwwer d'Agence fir den Transfer vu Finanztechnologie verschidde Berodungs- a Formatiounsprojeten am Bankesecteur. Am Joer 2010 war dofir e Budget vu 95.000 Euro virgesinn
[1]
.
-
Aral Sei
-
Chiwa
-
Buchara
-
Samarkand
-
-
-
Kottengproduktioun
-
Seideproduktioun
- ↑
29. Maerz 2010 - Aarbechtsvisit vum letz. Ausseminister am Usbekistan
Archiveiert
de(n) 2010-12-28. Gekuckt de(n) 2011-03-19.