Den
Universiteitsobservatoire Wien
ass ee vun de beide vum Institut fir
Astronomie
vun der
Universiteit Wien
bedriwwenen
Observatoiren
. E steet am
Sternwartepark
op der
Turkenschanze
, engem breede Plateau um westleche Stadrand vu
Wien
(Turkenschanzstraße 17 im 18. Wiener
Gemengebezierk
Wahring
).
Bei senger Aweiung am Joer
1883
hat den Observatoire dat deemools greisst jee gebaut
Lensenteleskop
(no Renoveierung nees a Betrib), an nach haut ass et dat greisst zouent Observatoiresgebai vun der Welt.
D'Geschicht vun der Astronomie an der Stad Wien geet bis an dat 14. Joerhonnert zereck. No der Grennung vun der Universiteit Wien am Joer
1365
goufen do vun
1391
bis
1882
stanneg Liesungen ?Iwwer Himmel an Aerd“ gehalen. Am 15. Joerhonnert hunn de
Johannes von Gmunden
, de
Georg von Peuerbach
an deem sai Schuler
Regiomontanus
zu Wien gleiert a gefuerscht. Am Ufank vum 18. Joerhonnert huet sech den Haffmathematiker
Johann Jakob Marinoni
op dem Daach vu sengem Wiener Haus en astronomeschen Tuerm gebaut, an deem hien haaptsachlech mat selwer gebauten Instrumenter observeiert huet. Heiduerch ugereegt hunn d'
Jesuitten
am Joer
1733
och um Daach vum Kolleischsgebai en Observatoire gebaut.
- Jurgen Hamel (Hrsg.):
Die Geschichte der Universitatssternwarte Wien. Dargestellt anhand ihrer historischen Instrumente und eines Typoskripts von Johann Steinmayr.
Harri Deutsch Verlag, Frankfurt am Main 2010,
ISBN 978-3-8171-1865-6
(
Acta Historica Astronomiae
38).
- Franz Kerschbaum, Thomas Posch:
Der historische Buchbestand der Universitatssternwarte Wien.
Teil 1:
15. bis 17. Jahrhundert.
Peter Lang Publishing Group, Frankfurt am Main u. a. 2005,
ISBN 3-631-52890-6
.
- Karin Lackner, Isolde Muller, Franz Kerschbaum, Thomas Posch:
Der historische Buchbestand der Universitatssternwarte Wien.
Teil 2:
18. Jahrhundert.
Peter Lang Publishing Group, Frankfurt am Main u. a. 2006,
ISBN 3-631-53868-5
.
- Peter Muller:
Sternwarten in Bildern. Architektur und Geschichte der Sternwarten von den Anfangen bis zirka 1950.
Springer-Verlag, Berlin u. a. 1992,
ISBN 3-540-52771-0
.
- Volker Witt:
Die Universitatssternwarte in Wien.
In:
Sterne und Weltraum.
Jg. 45, Heft 2, 2006
Portal Astronomie