한국   대만   중국   일본 
Umberto Nobile ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Umberto Nobile

Vu Wikipedia
Umberto Nobile
Gebuer 21. Januar 1885
Gestuerwen 30. Juli 1978
Roum
Nationaliteit Italien , Kinnekraich Italien
Educatioun Universiteit Federico II zu Neapel
Aktiviteit Politiker , Pilot
Member vun Peepstlech Akademie vun de Wessenschaften
Famill
Liewenspartner(in) Hermine Speier

Den Umberto Nobile , gebuer den 21. Januar 1885 zu Lauro bei Neapel , a gestuerwen den 30. Juli 1978 zu Roum war en italieenesche Loftscheffpioneier.

Den Nobile ass besonnesch duerch d' Polarfahrte mat sengen zwee hallefsteife Loftscheffer beruumt ginn.

Den Nobile war un der Fabrikatioun vum Loftscheff Roma bedeelegt, dat speider vun der italieenescher Regierung un d' USA verkaaft gouf. D' Roma gouf den 21. Februar 1922 zu Hampton , Virginia duerch en Accident an der Loft zersteiert. 34 Membere vun der Equipage koumen dobai em d'Liewen.

1926 huet den Nobile mam Loftscheff Norge zesumme mam Roald Amundsen an dem US-amerikanesche Millionar Lincoln Ellsworth den Nordpol iwwerflunn. Si waren awer net dei Eischt, well den US-Amerikaner Richard Byrd drai Deeg virdru mat engem Fliger iwwer de Pol geflu war.

Fir en zweete Fluch iwwer den Nordpol, des Keier ouni den Amundsen, ass den Nobile den 23. Mee 1928 vu Spitzbergen aus mat der Italia gestart. De 25. Mee , um Wee fir zereck, ass d'Loftscheff no bei Spitzbergen op d' Ais ofgestierzt, woubai d'Gondel sech mat neng Mensche u Bord vum Scheff geleist huet. Doduerch gouf d'Loftscheff nees mei liicht an ass erem mat sechs Leit an d'Luucht gaangen, ma gouf ni mei eremfonnt.

Doropshi gouf eng international Sichaktioun organiseiert, un dar sech den Amundsen bedeelegt huet. Zanterhier ass den Amundsen vermesst. Den Nobile, dee sech e puer Schanke gebrach hat, gouf vun engem schweedesche Pilot gerett, dei aner Leit aus der Ekipp goufen den 12. Juli vum sowjeteschen Aisbriecher Krassin a Secherheet bruecht.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Umberto Nobile ? Biller, Videoen oder Audiodateien