Den
Umberto I.
(dt. a fr. och
Humbert I.
), mam ganzen Numm
Umberto Rainerio Carlo Emanuele Giovanni Maria Ferdinando Eugenio di Savoia
, gebuer de
14. Maerz
1844
zu
Turin
a gestuerwen duerch en
Attentat
den
29. Juli
1900
zu
Monza
, aus dem
Haus Savoie
, war vun 1878 bis 1900 Kinnek vun
Italien
.
Den Umberto war deen eelste Jong vum Krounprenz
Vittorio Emanuele
a senger Fra
Adelheid vun Eistraich
. Sai Papp gouf 1849 als Vittorio Emanuele II.
Kinnek vu Sizilien
an den Umberto deemno mat 5 Joer Krounprenz.
Hie gouf Offizeier an der piemonteesesch-sardescher Armei an huet un den Eenegungskricher deelgeholl, e. a. am Konflikt mat
Eistraich
, well sai Papp, zesumme mam Ministerpresident
Camillo Benso vu Cavour
, och Deeler vum eistraicheschen Territoire an Italien, dat se vereene wollten (
Risorgimento
), mat abezeie wollten. Sou war hien 1859 bei der
Schluecht vu Solferino
mat derbai. Duerch d'Victoire an dar Schluecht konnt sai Papp de
17. Maerz
1861
zu Turin offiziell d'Kinnekraich Italien ausruffen (mat sech un der Spetzt), soudatt den Umberto ewell Krounprenz vum geeenten Italie war.
Och an der
Schluecht bei Custozza
, 1866, wou Italien nach eng Keier huet misse geint Eistraich kampfen, well dat
Venetien
net wollt ofginn (des Keier zesumme mat
Preisen
) huet den Umberto enger Divisioun d'Uerdere ginn. A schliisslech war hien am September 1870 dobei, wei Italien de
Kierchestaat
a
Roum
eruewert huet. Sai Papp, de Kinnek, huet hien doropshin zum Generolleitnant beferdert an zum Commandant-en-chef vun der reimescher Garnisoun ernannt.
Fir den Umberto war et net sou einfach, eng Fra ze fannen: fir dei al europaesch Adelsfamillen war dei nei Kinneksfamill vun Italien "Parvenuen", a vill haten et deck op hinne setzen, datt se geint de Poopst an de Kierchestaat gekampft (a gewonnen) haten. Schliisslech huet hie sech den 22. Abrell 1868 misse mat senger Cousine
Margherita vu Genua
bestueden. Si kruten ee Jong, de Vittorio Emanuele, de speider Kinnek
Vittorio Emanuele III. vun Italien
).
Nom Doud vu sengem Papp, den
9. Januar
1878
, gouf den Umberto Kinnek vun Italien an Herzog vun der Savoie. Hien huet sech net Umberto IV. vun der Savoie genannt, ma Umberto I.
Innepolitiesch stoung seng Regence am Zeeche vu soziale Spannungen, dei emmer mei grouss goufen. D'
Sozialisten
hu sech geint d'Expansiounspolitik gewiert, wei Italie probeiert huet, och um grousse Kolonialkuch e Steck ofzekreien. Dest huet natierlech vill Sue kascht, an huet Steiererheijunge mat sech bruecht, dei hirersaits d'Aarbechter, dei schonn net vill verdengt hunn, am meeschte getraff hunn. De 7. Mee 1898 koum et zu Mailand zu enger grousser Manifestatioun geint de Broutprais, deen emmer mei an d'Luucht goung. De Generol
Fiorenzo Bava-Beccaris
huet d'Manifestatioun mat Waffegewalt ermelze geloss, et gouf 200 Doudesaffer. Den Umberto huet dem Generol an engem Telegramm gratuleiert an him e Gielche fir seng "Reussite" ginn, wat vill Leit als en Affront ugesinn hunn. Hie war domat bei der Gauche an de Anarchisten "ennen duerch". Als Vengence op dat Massaker huet den 29. Juli 1900 den Anarchist
Gaetano Bresci
de Kinnek, dee mat enger oppener Kutsch duerch
Monza
gefuer ass, mat veier Schess aus engem
Revolver
erschoss.