Umberto Eco
|
---|
![](//upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/23/Italiaanse_schrijver_Umberto_Eco_%2C_kop%2C_Bestanddeelnr_932-9758.jpg/200px-Italiaanse_schrijver_Umberto_Eco_%2C_kop%2C_Bestanddeelnr_932-9758.jpg) |
Pseudonym
|
Dedalus
|
---|
Gebuer
|
5. Januar
1932
Alessandria
|
---|
Gestuerwen
|
19. Februar
2016
Mailand
|
---|
Doudesursaach
|
Bauchspaicheldrusekriibs
|
---|
Nationaliteit
|
Italien
, Kinnekraich Italien
|
---|
Aktiviteit
|
Philosoph, Romancier, Essayist, Pedagog,
Dreibuchauteur
, Iwwersetzer, Universiteitsprofesser,
Schreftsteller
, Literaturkritiker, Medievist, Literaturwessenschaftler, Historiker
|
---|
Member vun
|
Accademia Nazionale dei Lincei, Academie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, American Academy of Arts and Letters
|
---|
![](//upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d2/Wikidata-logo-without-paddings.svg/20px-Wikidata-logo-without-paddings.svg.png) |
Den
Umberto Eco
, gebuer de
5. Januar
1932
zu
Alessandria
, am
Piemont
, a gestuerwen den
19. Februar
2016
zu
Mailand
, war en italieenesche Schreftsteller,
Semiotiker
a
Linguist
, dee virun allem fir seng historesch Romaner a seng linguistesch a politesch Essaye bekannt ass. Hie war laang Zait Professer fir Semiotik op der Universiteit vu Bologna.
Den Umberto Eco kennt de
5. Januar
1932
zu
Alessandria
, an der italieenescher Regioun
Piemont
op d'Welt. Sai Papp ass Comptabel, a muss am
Zweete Weltkrich
fir Italien an de Krich goen. An deser Zait lieft de jonken Umberto mat senger Mamm Giovanna an engem klengen Duerf an de Bierger vu
Piemont
- eng Landschaft dei dacks a senge Romaner beschriwwe gett.
De Familljennumm ECO ass eng Ofkierzung fir
ex caelis oblatus
- vum Himmel geschenkt: dem Umberto Eco sai Grousspapp war fonnt ginn a krut kuerzerhand desen Numm wei e gedeeft gouf.
Den Eco huet Philosophie op der Universiteit vun
Turin
studeiert an huet seng Ofschlossarbecht iwwer den
Thomas vun Aquin
geschriwwen. Sain Doktorat an der
Philosophie
krut en
1954
. Duerno schafft den Eco als Redakter fir d'
Radiotelevisione Italiana
an als Lektor op der Universiteit vun Turin bis
1964
.
2003
kritt den Eco, deen e Liewe laang politesch engageiert war, d'
Legion d'honneur
. Kuerz virun den italieenesche Wale vun
2006
, kennegt hien un, datt hien Italie geif verloosse wann de
Silvio Berlusconi
nach emol geif gewannen.
[Source?]
Den Umberto Eco beschaftegt sech mat vill verschiddenen Theemen aus der
Geschicht
, der
Philosophie
, der
Linguistik
an der
Politik
.
An der Linguistik huet hie grondleeend Aarbechten an der
Semiotik
geschriww, dorenner och d'Entwecklung vun der Theorie vun der kultureller Semiotik.
Seng Romaner ginn als
postmodern
ugesinn, well den Eco vill Gebrauch vum Konzept vun der
Intertextualiteit
an Hypertextualiteit mecht: hie mecht eng Hellewull vu Referenzen op aner literaresch oder philosophesch Wierker a baut eng komplett Matrice vu kulturellem an historeschem Bewosstsinn op. Doran ass hie grad sou gutt beaflosst vun de literareschen Theoreetiker vun der Postmoderne, wei och vu modernisteschen Auteure vum Ufank vum
20. Joerhonnert
, wei den
James Joyce
.
Dei Onmass vu kulturellen an intellektuelle Referenzen a senge Romaner hunn dem Eco deelweis e gudden a schlechte Ruff bei de Kritiker an de Lieser ginn: et gett allerdengs dacks vergiess, datt seng Romaner alleguer mat enger stabiler Dosis Humor geschriwwe sinn, an och sou gelies kenne ginn.
- 1980:
Il nome della rosa
("Den Numm vun der Rous"); en historesche Krimi an deem e louse Franziskaner probeiert, eng Serie vu Morden opzeklaren, dei an engem mettelalterleche Benediktinerklouschter geschitt sinn.
- 1988:
Il pendolo di Foucault
("Dem Foucault sai Pendel"); e postmoderne Roman iwwer Verschworungstheorien deen zu Mailand an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert spillt, a bei deem drai Intellektueller dei greisst vun alle Conspiratiounen opdecken.
- 1994:
L'isola del giorno prima
("D'Insel vum Dag vu virdrun"); e Roman deen d'Abenteuer vun engem jonken Italieener erzielt, deen am 17. Joerhonnert an der Sudsei an engem Stuerm ennergeet, a sech op e mysterieist Scheff rette kann.
- 2000:
Baudolino
; e Roman vum Enn vum Mettelalter, deen d'Liewe vum Baudolino, engem Abenteurer, Self-made-man an Adoptiv-Jong vum
Friedrich Barbarossa
, erzielt.
- 2004:
La misteriosa fiamma della regina Loana
(" Dei geheimnisvoll Flam vun der Kinnigin Loana"); en illustreierte Roman an deem beschriwwe gett, wei e Mann deen no engem Accident all seng Erennerunge verluer hat, probeiert, seng Amnesie ze heelen: dobai erlieft hien op en Neits seng Kandheet an Italie warend an nom 2. Weltkrich.
- 2010:
Il Cimitero di Praga
("De Kierfecht vu Prag")
- 2015:
Numero Zero
("Nullnummer" [vun enger Zeitung])
Ausgewielt Essayen an theoreetesch Wierker
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
- (1984)
Semiotica e filosofia del linguaggio
("Semiotik a Philosophie vun der Sprooch", 1984)
- (1990)
I limiti dell'interpretazione
("D'Grenze vun der Interpretatioun")
- (1992)
Il secondo diario minimo
("Dat zweet klengt Tagebuch") - eng partiell Iwwersetzung ass 1998 mam Titel "Wei ee mat engem Saumon op d'Rees geet" an enger Rei Sprooche publizeiert ginn
- (1997)
Kant e l'ornitorinco
("De Kant an d'
Schnieweldeier
")
- (2002)
Sulla letteratura
("Vun der Literatur", 2002)