Eng
Uergel
, vum
griicheschen
?ργανον
organon
?Wierkgeschir, Instrument, Organ“, ass e
Museksinstrument
aus der Grupp vun den
Aerophone
mat Tasten.
Se besteet aus:
- engem Spilldesch
- engem Wandwierk
- engem Paifewierk
Um Spilldesch sinn ze fannen:
- den Haaptschalter
- een oder mei Manualer: dei Tasten, dei mat den Hann gespillt ginn,
- Pedallen, dei wei eng Pianostastatur ugeuerdnet sinn, an dei mat de Feiss gespillt ginn,
- Regesterzich oder -knappecher mat deenen ee bestemmt, watfir Regestere solle klengen,
- aner Spillhellefen
- Koppelen,
- Setzer,
- Transpositor,
- Pedall(e) fir d'Op- an Zoumaache vun der Schwellkescht,
- Regesterschweller (Generalcrescendo)
- Absteller
D'Traktur beschreift, wei d'Taste mat de Ventille vun de Paife verbonne sinn, fir des op an zou ze maachen.
Et ennerscheet een:
- mechanesch Traktur: e System vun
Hiewele
verbennt d'Taste mat de d'Ventiller
- elektresch Traktur: beim Drecke vun der Tast gett e Stroumkrees e Kontakt, deen en
Elektromagneit
um Ventill aktiveiert, deen dann de Ventill opmecht
- pneumatesch Traktur: Reier mat Drockloft verbannen d'Tastatur mat de Ventiller. De
Loftdrock
ass mei heich, wei de Spilldrock fir d'Paifen.
- elektropneumatesch Traktur
D'
Paife vun enger Uergel
si metallen oder helze Reier, duerch dei Loft, dei enner Drock steet, streimt.
All Paif an enger Uergel entsprecht engem eenzegen Toun. Wat eng Paif mei laang ass, wat den Toun, deen erklengt, mei deif ass.
D'Langt vun de Paife gett a
Fouss
gemooss (1' entsprecht ongefeier 30 cm).
D'Klankfaarf vun enger Paif hankt vum Typ, Labial- oder Zongepaif, vum Material, der Form an dem Rapport Duerchmiesser/Langt asw. of.
Paife vun der selwechter Klankfaarf a verschiddenen Tounheichte bilden e
Regester
.
Labialpaife lauschteren
De Loftstroum gett un engem (heiansdo och zwee) Labium (Leps) gebrach, wei bei enger
Blockflutt
. Normalerweis si Labialpaifen uewen op, ass dest net de Fall, seet ee se si "gedackt", an desem Fall klenge s'eng
Oktav
mei deif wei eng oppe Paif vun der selwechter Langt.
Zongepaife lauschteren
De Loftstroum brengt e Blietchen zum Schwengen, wei bei enger
Klarinett
. Des Zort Paifen huet en zimmlech schaarfe Klang a gett dofir meeschtens solistesch agesat. D'Form vum Schallbecher determineiert d'Klankfaarf.
Well normalerweis d'Staerkt vum Toun vun enger Paif net ka beaflosst ginn, besteet d'Meiglechkeet verschidde Regesteren an eng sougenannte
Schwellkescht
ze monteieren. Dat ass eng Kescht, bei dar eng Sait aus Schaute besteet dei mei oder manner opgemaach kenne ginn, a sou mei oder manner Toun erausloossen.
Schwellkescht lauschteren
Schonn an der
Antiquiteit
gouf et Uergelen. An dese gouf d'Loft an e Behalter gepompelt, aus deem se Waasser verdriwwen huet, sou konnt e glaichmeissege Loftdrock entstoe fir an d'Paifen ze streimen. Des Instrumenter haten en haarde Klang a goufen z. B. an
Amphitheatere
benotzt.
Am 8. an 9. Jh. koum d'Uergel iwwer
Byzanz
an Europa. Sou gouf et z. B. schonn
812
eng Kierchenuergel zu
Oochen
.
No an no sinn s'emmer mei grouss ginn.
An der 2. Hallschent vum
18. Jh.
sinn dei sougenannt romantesch Uergelen (orchestral Klang) opkomm an hunn dei bis dohi waitverbreed Barockuergel verdrangt. Um Ufank vum
20. Jh.
gouf et awer eng Reckbesennung op dei klassesch Barockuergel an dar hiert Klangideal.