Dei
Koordineiert Weltzait
, kuerz
UTC
, ass d'
Referenzzait, dei fir dei ganz Welt dei selwecht ass
a vun dar all d'Zaiten an deene verschiddenen
Zaitzone
vun der Welt ofgeleet ginn.
Dei international Ofkierzung
UTC
stellt eng Zort Kompromess tescht dem englesche Begreff
Coordinated Universal Time
an dem franseische Begreff
Temps Universel Coordonne
duer.
Freier war d'
Greenwich Mean Time
(GMT) d'Referenzzait. Si ass
1926
a
Universal Time
(UT) embenannt ginn. Si gouf bestemmt duerch
astronomesch
Beobachtungen um
Observatoire vu Greenwich
, mat deenen d'Aerdrotatiounszait bestemmt gouf.
Well d'Gezaiten d'Rotatioun vun der Aerd em hir
eegen Achs
all Dag ganz liicht em 0,002 Sekonne mei lues gi loossen, an d'Rotatioun och nach weidere klengen onprevisiblen Onreegelmeissegkeeten duerch Magmastreim tescht
Aerdmantel an Aerdkar
ausgesat ass, huet dei Method leider keng prezis Zaitdefinitioun op engem Niveau enner deem vun der
Sekonn
erlaabt. Et gouf no mei exakte Methode gesicht, an
1967
ass d'Definitioun vun der Sekonn als Zaiteenheet du vun enger
Atomauer
ofgeleet ginn.
1972
ass och d'Referenzzait mat dar Atomzait synchroniseiert ginn, an d'UTC ass op dar neier Basis entstanen.
Well d'Atomzait, an doduerch d'UTC, also net genee der Aerdrotatiounszait
UT1
entsprecht, op dei et awer u sech eleng ukennt an dei dofir och an de
Geowessenschaften
an an der
Astrometrie
gebraucht gett, muss all 1-3 Joer bei der UTC eng
Schaltsekonn
derbaigesat ginn, fir datt d'Differenz tescht UTC an UT1 ni mei grouss wei 0,9 Sekonne gett. Sou gouf z. B. d'Silvesternuecht 2008/9 em eng Sekonn mei laang.
D'Koordinatioun vun der Weltzait ass d'Aufgab vum
Internationale Buro fir Moossen a Gewiichter
(BIPM).
Wann hautdesdaags nach vu GMT rieds geet, da just an engem reng informelle Kontext a synonym fir UTC oder UT1. D'wessenschaftlech Gemeinschaft verfollegt d'Definitioun vun der GMT net mei a gebraucht just nach dei prezis an onzweedeiteg Termen UTC an UT1.
Letzebuerg lait an der Wanterzait op UTC+1 an an der
Summerzait
op UTC+2, d. h. datt dem Land seng Zaitzon, eng, respektiv zwou Stonne, virun der Referenzzait lait. Sou ass et z. B. mat enger UTC vu 14:00 zu Letzebuerg am Summer scho 16:00.