|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Friddenstraite vu Versailles vun 1919. Fir aner Traiteen, dei do ennerschriwwe goufen, kuckt wgl.
Traite vu Versailles (Homonymie)
.
|
Ennerschreft vum Traite an der
Galerie des glaces
am
Schlass vu Versailles
, (
William Orpen
, 1919).
The Signing of the Peace Treaty of Versailles
De
Friddenstraite
(oder -
vertrag
)
vu Versailles
(dacks einfach
Versailler Vertrag
oder
Versailler Traite
, respektiv
Traite
oder
Vertrag vu Versailles
), ass en internationalen Traite, deen op der
Paraisser Friddenskonferenz vun 1919
am
Schlass vu Versailles
vun de Lanner vun der
Triple Entente
an hiren Allieierte bis Mee 1919 ausgehandelt gouf. Mat senger Ennerschreft goung den
Eischte Weltkrich
velkerrechtlech op en Enn. Glaichzaiteg gouf domat de
Velkerbond
(
Societe des Nations
) gegrennt.
Den 11. November 1918 war mat der
Armistice vu Compiegne
zwar d'Enn vun de Kampf am Eischte Weltkrich agelaut ginn, mee net dat vum Krichszoustand. Dei daitsch Delegatioun huet bei de Verhandlungen net dierfen dobai sinn, a konnt ereischt zum Schluss, wei den Text praktesch faerdeg war, Commentaire maachen, vun deenen der vereenzelt ugeholl goufen.
Am Traite gouf festgestallt, datt
Daitschland
a seng Allieiert als eenzeg Schold um Ausbroch vum Eischte Weltkrich gewiescht wieren. Et gouf dofir dozou verplicht, Oftrennunge vu sengem Territoire z'accepteieren, sou wei och d'Bezuele vu Kompensatiounen ("Reparatiounen") a seng Armei ofzereschten, d.h. ze reduzeieren. Daitschland huet dat, no engem
Ultimatum
, enner Protest den 28. Juni 1919 am
Spigelsall vu Versailles
ennerschriwwen.
Den Traite ass den 10. Januar 1920 a Kraaft getrueden. An Daitschland huet eng Majoriteit vun de Leit, weinst der Aart a Weis, wei en zustane koum, ma och weinst de Fuerderungen, dei hinnen ze staark virkoumen, als illegitim an als Humiliatioun emfonnt. Dat hat direkt Reperkussiounen op d'Politik an Daitschland warend der
Weimarer Republik
an der
Zait vum Nationalsozialismus
.
Den Traite gouf vu follgende Lanner ennerschriwwen:
Vereenegt Staate vun Amerika
(USA),
Vereenegt Kinnekraich
,
Frankraich
,
Italien
,
Japan
,
Datschland
, souwei der
Belsch
,
Bolivien
,
Brasilien
,
Kuba
,
Ecuador
,
Griicheland
,
Guatemala
,
Haiti
,
Hedschas
,
Honduras
,
Liberia
,
Nicaragua
,
Panama
,
Peru
,
Polen
,
Portugal
,
Rumanien
,
Kinnekraich vun de Serben, Kroaten a Sloweenen
,
Siam
, der
Tschechoslowakei
an
Uruguay
.
China
, dat 1917 op der Sait vun Daitschland an de Krich agetruede war, huet den Traite net ennerschriwwen. D'
Sowjetunioun
, dei no der
Oktoberrevolutioun
Russland
ersat huet, war net derbai.
De
Kongress vun de Vereenegte Staaten
huet 1920 refuseiert den Traite ze
ratifizeieren
. D'USA goufen dann och net Member vum Velkerbond an hunn 1921 e separate Fridde mat Daitschland geschloss, de
Berliner Vertrag
.
An der Suite goufe weider Friddensvertrag mat de Nofollgerlanner vum
Eistraich-Ungarn
an aneren Osteuropaesche Lanner ofgeschloss: den 10. September 1919 den
Traite vu St. Germain
mat Eistraich, de 27. November 1919 den
Traite vun Neuilly-sur-Seine
mat
Bulgarien
, de 4. Juni 1920 den
Traite vun Trianon
mat
Ungarn
an den 10. August 1920 den
Traite vu Sevres
mam
Osmanesche Raich
. Den Traite vu Sevres gouf allerdengs weeder vun den Tierke ratifizeiert nach applizeiert. No engem Krich, deen d'
Jongtierken
e. a. geint Griicheland mat Erfolleg gefeiert hunn, konnt dei modern a laizistesch Tierkei enner dem
Mustafa Kemal Ataturk
, no engem neien
Traite
, deen 1923 zu
Lausanne
ennerschriwwe gouf, entstoen.
Ennerschreft-Zeremonie an dei zwou eischt Saite vum Traite
Daitschland huet missen eng ganz Retsch Territoiren oftrieden:
Nordschleswig
un
Danemark
, d'Provenze Westpreußen (ausser
Danzig
, dat enner Mandat vum Velkerbond koum) a Posen a soss nach Geigenden a
Schlesien
un dei nei
Zweet Polnesch Republik
, an d'
Hultschiner Landchen
un dei nei gegrennt Tschechoslowakei. Am Weste goung
Elsass-Loutrengen
nees u Frankraich, an d'
Belsch
krut d'Geigend em
Eupen
-
Malmedy
(
Cantons de l'Est
inklusiv
Neutral-Moresnet
). Am ganzeen huet Daitschland 13 % vu sengem Territoire an 10 % vu senger Populatioun verluer. Weiderhi goufen all dei daitsch
Kolonien
enner d'Opsiicht vum Velkerbond gestallt, dee s'als Mandatsgebitter un dei Lanner, dei gewonnen haten an drun intresseiert waren, viruginn huet.