한국   대만   중국   일본 
Thomas Morus ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Thomas Morus

Vu Wikipedia
Thomas Morus
Gebuertsnumm Thomas More
Gebuer 7. Februar 1478 jul.
London
Gestuerwen 6. Juli 1535 jul.
Doudesursaach Kappen
Nationaliteit Kinnekraich England
Aktiviteit Philosoph, Historiker, Theolog , Politiker , Dichter, Staatsmann, Romancier, Juristesche Schreftsteller, Riichter, Diplomat, Schreftsteller
Famill
Kanner Margaret Roper

Den Thomas Morus (Sir Thomas More), gebuer de 7. Februar 1478 zu London an higeriicht de 6. Juli 1535 am Tower vu London , war en englesche Jurist, Staatsmann, Historiker an Humanist. 1935 gouf hie vun der kathoulescher Kierch helleggesprach.

Biographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Als Jong vun engem kinnekleche Riichter gebuer, ass den Thomas More mat 16 Joer bei de Morton , Aerzbeschof vu Canterbury , placeiert ginn. 1497 koum hien op Oxford , wou en dem Erasmus vu Rotterdam an aneren dichtege Leit begeint ass. An dar Universiteitsstad huet hien dei nei geeschteg Streimung, den Humanismus , kennegeleiert. Hien huet Droit studeiert, an ee Moment huet et ausgesinn, wei wann hien an den Dengscht vun der Kierch weilt antrieden. Ma 1504 ass hien an d' Parlament zu Westminster komm. Do ass hien duerch seng krafteg Riedkonscht opgefall, an dat huet him eng heich Plaz abruecht. Hien hat och vill Erfolleg um Geriicht, an de Lord Chancellor Wolsey huet en dem Kinnek Henry VIII. virgestallt, deen du seng Carriere favoriseiert huet. Den Thomas More gouf Kanzler vum Herzogtum Lancaster a Speaker vum House of Commons (1523); hie krut och diplomatesch Missiounen, e. a. beim Keeser Karel V. a beim Kinnek vu Frankraich Francois I er . Wei de Wolsey op emol net mei an der Gonscht vum Kinnek stoung, ass den Thomas More - iwweregens net grad fraiwelleg - zum neie Lord Chancellor gemaach ginn. An dar Funktioun koum hien zu grousser Eier, an hien hat och vill Succes, souguer wann hien zimmlech haart mat de Persoune verfuer ass, dei als " Heretiker " verfollegt goufen. Geschwenn ass hien awer a Konflikt mam Kinnek geroden: den Thomas More war net d'accord mam Henry VIII. senger Politik vis-a-vis vun der Kierch , respektiv vum Poopst, an hie war och, am selwechten Zesummenhank, geint d'Aart a Weis, wei de Kinnek mat senger Fra, der Catherine vun Aragonien , emgaangen ass (de Kinnek wollt mat alle Mettele sai Bestietnes opleise loossen, fir seng Matress, d' Anne Boleyn , ze bestueden). 1532 huet den Thomas Morus demissioneiert, a 1534 huet hie refuseiert, iergendeen Eed ofzeleeen, deen am Widdersproch mam Poopst senger Autoriteit keint sinn. Dofir ass hien an den Tower vu London agespaart, a weineg mei speit - no engem faule Prozess - gekappt ginn. Ganz Europa war vum deem "riichterleche Mord" geschockt.

Wierk (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Picus, Earl of Mirandula  ; Biographie; 1510.
  • History of Richard III  ; em 1513.
  • Utopia  ; op Latai geschriwwen, a 1515 (2. Bd.) a 1516 (1. Bd.) publizeiert.
  • Dyaloge concerning Heresies  ; (?).
  • Correspondance  ; ereischt 1948 editeiert.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • A. Prevost, Thomas More (1478-1535) et la crise de la pensee europeenne  ; Parais (Mame), 1969.
  • R.W. Chambers, Thomas More  ; London, 1935.
  • E. Dermenghen, Thomas Morus et les utopistes de la Renaissance  ; Parais (Plon), 1927.